Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Geschicht vu Spuenien - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Geschicht vu Spuenien

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

D' Geschicht vu Spuenien huet sech duerch di zäitlech Aflëss vu verschiddene Vëlker geprägt, déi sëch iwwert di gesamt iberesch Hallefinsel ausgebreet haten.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Virgeschicht

E lybescht Vollëk aus dem Süden, d'Iberier, waren déi éischt, duerno koumen d'Kelten, en arescht Vollëk. Duerch dës Vermëschung huet sëch en neie Vollëksstamm gebildt, d'Kelt-Iberier, aus denen di divers Stämm (d'Kantabrier, d'Asturier an d'Lusitaner) denen jeweilege Gebidder hiren Numm ginn hunn.

Ëm 1.100 v. Chr. hunn d'Phönizier verschidden Handelsnéierloossungen un der Küst gegrënnt, déi wichtegst vun hinne war Cádiz. Méi spéit koumen d'Griichen, déi di verschidden Dierfer Rosas, Ampurias a Sagunto gegrënnt hunn. Fir géint d'Griichen unzekämpfen hunn d'Phönizier d'Karthager zu Hëllef geruff, déi hirerseits dunn e Groussdeel vu Spuenien a Besëtz geholl hunn. Gläichzäiteg huet awer och Roum territorial Usprëch erhuewen, wat den Zweete Punesche Krich ausgeléist huet.

[Änneren] D'Réimer

D'Réimer hu Spuenien eruewert an d'Land stong an den nächsten 600 Joer ënnert réimescher Herrschaft. Dës Zäit huet d'Haaptgrenzen zu den aneren europäesche Länner gefestegt. 27. v. Chr. hunn d'Réimer d'Hallefinsel an dräi Provënzen agedeelt: Tarraconense, Baetica an Lusitania.

D'Réimer huet verschidden Elementer an der spuenescher Geschicht fest verankert, wéi z.B. di latäinesch Sprooch, d'chrëschtleche Glawen an d'Gesetzer.

D'Franken an d'Swebe sinn a Spuenien agefall an hu fir d'éischt emol Tarrragona besat. Si goufen awer vun de Westgote verdriwwen. Dës hu bis zum Enn vum 6. Joerhonnert bal di komplett Hallefinsel besat. De westgotesch Kinnek Leovigild probéiert d'Hallefinsel erëm zesummenzeféieren. Dëst war den Ënnergang vum Réimesche Räich am Joer 586 a Spuenien.

[Änneren] Mëttelalter

[Änneren] D'Westgoten

An der Mëtt vum 5. Joerhonnert ass d'Haaptstad Toledo am Zentrum vun der Hallefinsel entstanen, an dat duerch den Drock vun de Sweben am Westen, de Kantabrier am Norden an de Byzantiner am Süden. D'Westgoten gëllen bis haut als Grënner vum éischte Kinnekräich vun der Hallefinsel. Dëst ass bedéngt duerch hirt d'Striewen no enger Eenheet vun der Hallefinsel. D'Pyrenäen a Gibraltar waren ob e Mol net méi d'Statiounen ob der kaiserlecher Route, mä Grenzen vun engem Staat dee verteidegt muss ginn. D'Westgoten hu sëch erfollegräich géint d'Sweben verdeedegt a hu si am 6. Joerhonnert bezwongen. Dogéint hunn am Norden d'Basken, d'Kantabrier an d'Asturier erfollegräich Widderstand géint d'Westgote geleescht. 711 koumen moslemesch Truppen iwwert Gibraltar a Spuenien an hunn a der Schluecht vu Guadalete iwwert de Kinnek vun de Westgoten, de Rodrigo, gewonnen. Den Muza ben-Nosair huet 712 di moslemesch Eruewerung zu Enn bruecht. Et war den Enn vun der westgotescher Zäit a Spuenien.

[Änneren] D'Moslems

711 hunn d'Araber an d'Berber de Biergerkrich am westgoteschen Kinnekräich ausgenotzt fir iwwert Gibraltar a Spuenien anzedréngen. Den Zerfall vum westgotesche Staatsapparat hun de Moslems et erméiglecht verschidden Ofkomme mat der deelweis onofhängescher Aristokratie, déi géint d'Kroun war, ze schléissen. Bei der Schluecht vu Guadalete goufen d'Truppe vum westgotesche Kinnek Rodrigo geschloen.

714 huet den Tariq an de Musa ibn Nusair, de Gouverneur vu Nordafrika, vun Toledo aus d'Eruewerung weidergefouert. Duerch dës Kultur konnt den Islam an Europa Fouss faassen. Den Abd al-Aziz gouf als Gouverneur vun Al-Andalus agesat a Sevilla gouf Haaptstad.

716 gouf den Ayyub Nofolger vum Abd al-Aziz. Hien huet Córdoba zur Haaptstad vun Al-Andalus gemacht.

Ëm 718 hunn d'Araber dee gréissten Deel un der Hallefinsel ënner Kontroll, ausser den Nordwesten, wou di westgotesch Adleg Widerstand leeschten.

Tëschent 720 a 735 si verschidden Feldzich vun Al-Andaluz géint Frankräich gefouert ginn, déi awer ëmmer fehlgeschloen sinn.

755 huet de Umayyad Prënz Abd al-Rahman mat der Ënnerstëtzung vun de Moslems de Gouverneur vun Al-Andalus gestierzt a sëch selwer zu Córdoba zum Emir ernenne gelooss. Hien huet den Emirat vu Córdoba gegrënnt.$ Am éischten Drëttel vum 10. Joerhonnert stellt ee vun de spueneschen Umayyads d'Emirat vun Al-Andalus erëm hier, vergréissert et a gouf dunn éischte Kalif vu Spuenien. Ziel vum Kalifat war et d'Kinnekräich innepolitesch ze stärken an baussent dem Land di kommerzielle Routen zum Mëttelmier ze festegen. 927 gouf Melilla besat an d'Umayyaden hunn den Dräieck tëscht Algerien, Siyimasa an dem Atlantik kontrolléiert.

D'Muecht vum andaluseschem Kalifat huet sëch bis ganz Westeuropa gezunn an d'Fundament vun der Wirtschaftspolitik huet op enger Währungseenheet berout. D'Aféieren vum Mënzsystem huet eng Haaptroll am Finanzsekteur gespillt. "De goldene Cordobes" gouf d'Haaptwährung.

De Kalifat vu Córdoba war domadder deen éischte stätteschen a kommerziellen Wirtschaftssystem, wat an Europa säit dem Ënnergang vum Réimesche Räich, erfollegräich war. Córdoba, d'Haaptstad vum Kalifat, hat 100.000 Awunner a gouf zur wichtegster Stad vun Europa an der Zäit.

Vun 961 bis 976 war de Kalif Al-Hakam II vun der Muercht am moslemesche Spuenien.

Enn vum éischte Joerzéngt huet den Zerfall duerch sëllege Kricher vum Kalifat vu Córdoba ugefangen. Di 39 Nofollger vum vereenegte Kalifat goufen als di éischt (1009-1090)Ta’ifas bekannt. Dës Spaltung huet sëch nach zweemol erginn, demno di zweet an di drëtt Ta‘ifas entstane sinn. Ta`ifa ass e Synonym deen den Zerfall an d'Oneenegkeet beschreift. Dës Ta`ifas hunn eng Serie vun neien Invasiounen aus Nordafrika matsëch bruecht. Fir d'éischt koumen am Joer 1090 d'Almoravides op d'Hallefinsel, duerno am Joer 1146 d'Almohads an zum Schluss am Joer 1224 d'Banu Marins. Heiduerch huet sëch dat islamescht Spuenien bis Mëtt vum 13. Joerhonnert op d'Nasrud-Kinnekräich zu Grenada reduzéiert. Den 2. Januar 1492 war d'Kapitulatioun vun de Moslems.

[Änneren] Reconquista

Di chrëschtlech Réckeruewerung vu Spuenien huet scho 718 ugefangen mam westgotesche Kinnek Pelayo. Hien huet di moslemesch Arméi zu Alcama, an der Géigend vun Covadonga, geschloen.

Während der Reconquista hunn awer net nëmmen d'Chrëschte géint d'Moslems gekämpft, mä si hunn sëch och géigesäiteg bekricht.

750 hunn d'Chrëschten ënnert dem Alfons I. Galicie besat an an de Joren 791 bis 842 huet den Alfons II. verschidde Festunge gestiermt an d'Regioun südlech vum Duerofloss besat. De Sancho I. huet tëscht 905 an 926 e baskescht Kinnekräich, mam Zentrum Navarra gegrënnt.

Am 10. Joerhonnert huet den Abd- al Rahman III. géint de Ramiro II., Kinnek vu Leon, verluer, während de Grof Fernan Gonzalez de Grondstee fir d'Onofhängegkeet vu Kastilie geluegt huet.

Ufank vum 11. Joerhonnert stellt den Alfons V. séng Kinnekräicher erëm op. De Sancho III. vun Navarra bezwëngt d'Grofschafte vun Aragón, Sobrarbe a Ribagorza, hëllt d'Grofschaft vu Kastilien a Besëtz an trëfft en Ofkommes mam Bermudo III. vu Leon mat der Idee, him séng Herrschaftsgebidder ze entzéien a sëch selwer zum Kaiser z'ernennen. Hien hannerléisst Navarra séngem Jong dem García III., Kastilien dem Fernando I. an Aragón, Sobrarbe a Ribagorza dem Ramiro I.

De Fernando I. huet Coimbra ageholl an hannerléist séng Territoiren séngen Jongen: Kastilie geet un den Sancho II. a Leon un den Alfons VI.. Dësen vereent ënnert sénger Herrschaft di zwee Kinnekräicher an hëllt Toleda a Besëtz.

Di moslemesch Kinneke vu Granada, Sevilla a Badajoz froen Hëllef bei den Almoravides fir de Virmarsch vun de Chrëschten ze stoppen.

1102 hunn d'Unhänger vum spuenesche Volleksheld El Cid, dee vum Kinnek Alfons VI. verbannt gouf, Valencia verlooss a mat den Moslems d'Hallefinsel bis Saragossa besat. 1118 huet den Alfonso I. vun Aragón Saragossa erëm ageholl.

1212 war den Héichpunkt vun der Reconquista. Den Alfonso VIII. vu Kastilien huet mat der Ënnerstëtzung vum Sancho VIII. vun Navarra, dem Pedro II. vun Aragón a verschiddenen Truppen aus Leon a Portugal d'Schluecht vu Las Navas de Tolosa gewonnen.

Tëschten 1229 an 1252 huet de Jaime I. vun Aragón Mallorca zeréckeruewert, den Alfonso IX. vu Leon bezwëngt Merida a Badajoz an de Fernando III., Kinnek vu Kastilien a Leon, bezwëngt Cordoba, Murcia, Jaen a Sevilla. Nëmme Granada bleiwt nach en onofhänngegt moslemescht Kinnekräich.

Géint Enn vum 13. Joerhonnert huet den Alfonso X. d'Fuero de las Leyes entworf a wollt Kaiser vum Réimesche Räich ginn. Hie gouf allerdéngs gestierzt an säi Jong den Sancho IV. kruet d'Muecht iwwerdroen.

Am 14. Joerhonnert hëllt de Fernando IV. Gibraltar an, den Alfonso XI. kämpft während 25 Joer géint Granada, wou hien d'Schluecht vu Rio Salado 1340 gewënnt, de Pedro I. gëtt vu séngem Hallefbrudder den Enrique II. ëmbruecht an d'Portugiesen schloen d'Kastilenen zu Aljubarrota.

1464 ernennt den Enrique IV. vu Kastilien séng Schwester d'Isabel I. zur Nofollgerin an entierft domadder séng Duechter Juana.

D'Isabel I. vu Kastilien an de Ferdinand II. von Aragón bestuede sëch 1469. Si gewannen den 2. Januar 1492 di leschte Schluech vun der Reconquista zu Granada an d'Eenheet vu Spuenien ass vollbruecht.

D'Herrschaft vum Isabel an dem Ferdinand war geprägt duerch grouss historesch Ereegnësser, wéi z.B. d'Entdeckung vun Amerika den 12. Oktober 1492 vum Christoph Colombus, d'Aféiere vun der Inquisitioun an d'Verdreiwe vun de Judden.

Kuckt heizou och den Haaptartiklel: d'Entdeckung vun Amerika.

[Änneren] D'Habsburger a Spuenien

Nom Doud vum Ferdinand 1516 gouf di spuenesch Kroun op de Karl I. iwwerdroen, deen d'Kinnekräicher Kastilien, Aragón an di verschidden europäesch Herrschaftsgebidder vun den Habsburger vereenegt huet. De Karl gëtt 1519 ausserdem nach zum Kaiser vum Hellege Réimesche Räich gekréint. Hie greift d'Osmanescht Räich un an hëllt de François I. vu Frankräich als Geisel.

1556 dankt hien of. Séng Herrschaftsgebidder ginn tëscht séngem Jong dem Philip II. an séngem Brudder dem Ferdinand I. opgedeelt. Dem Philip säin Hallefbrudder den Don Juan vun Éisträich huet d'Tierken an der Séischluecht vu Lepanto geschloen. Den Ënnergang vu Spuenien gëtt nom Desaster géint England 1588 ëmmer méi deitlech.

1700 geet d'Habsburger Dynastie mam Doud vum Karl II. zu Enn an de spueneschen Ierffollegkrich huet ugefangen. Bedeelegt ware Frankräich, Éisträich an England.

1714 geet dëse Krich zu Enn a Frankräich setzt de Philip vun Anjou op de spueneschen Throun. Spuenie verléiert Lëtzebuerg, d'Belsch, Mailand, Neapel, Sardinien, Minorca a Gibraltar.

[Änneren] Dynastie vun de Bourbonen

De Carlos II., dee leschte vun de spueneschen Habsburger, huet well hie selwer keng Nokommen hat, säi Neveu, de Felipe vun Anjou oder Felipe V., zu séngem Nofollger gemacht. Dëse war deen éischte Bourbonekinnek, dee mat sénger Herrschaft d'Spuenien erweidert huet.

Während sénger Herrschaft vun 1759 bis 1788 huet de Karl III. d'Land ëmgeformt an huet aus Madrid eng modern Stad mat elegante Gebaier, mat fléissendem Waasser, engem Ofwaassersystem an enger Stroossebeliichtung gemacht.

No enger kuerzer Zäit mat enger erzwongener Verbindung mat Frankräich sinn dem Napoleon séng Truppen a Spuenien agefall. Dee folgende 6-järegen Krich op der Hallefinsel, a Spuenien als Onofhängegkeetskrich bekannt, si Guerillaattaken ugewandt ginn an eng zerstéieresch Politik gefouert ginn. Dëst hat fir di spuenesch Economie fatal Konsequenzen.


[Änneren] Napoleon an de spueneschen Onofhängegkeetskrich

Trotz de miserabelen Zoustänn huet de Godoy, de Premierminister, e neien ongënschtege Kontrakt mat Frankräich geschloss. Spuenien dat scho finanziell um Enn war huet misse géint England an de Krich wou am Oktober bei Trafalgar séng lescht Flott zu Gronn gang ass. Spuenien huet Trinidad missen un England oftrieden an och d'Herrschaft bei denen anere Kolonie war zerrass.

1808 erhieft sëch dat spuenescht Vollek géint di franséisch Herrschaft a mat der Hëllef vun England gouf den Napoleon geschloen. De spuenesche Onofhängegkeetskrich war e Schlësselfakteur bei der Kristalliséierung vun der spuenescher Nationalitéit. De Ferdnando, de Prënz vun Asturien an Throunfolger huet géint de Godoy, Intrige gefouert bis dësen zeréckgetrueden den 18. Mäerz 1808 ass. Ënnert dem Drock vum Vollek huet de Carlos IV zu Gonschte vu séngem Jong Ferdinand ofgedankt. D'Monarchie war trotzdem geschiedegt.

De Ferdinand VII. koum de 24. März op Madrid. Mä den Napoleon, den d'Herrschaft vum Fernandos net unerkannt hat, huet beschloss di spuenesch Dynastiekris ze notzen an d'Bourbonen duerch Bonapartes ze ersetzen. Fir dëst duerchzesetzen huet hien di spuenesch Kinneksfamill op Bayonne geruff an de Fernando geschzwongen zu Gonschten vun séngem Papp, an dësem zu Gonschten vum Napoleon séngem Papp, dem Joseph Bonaparte ofzedanken.

D'Bonapartes hu probéiert, de politesche Regime mam Gesetz vu Bayonne, dat fir den 8. Juli 1808 geplangt war, ze vereenegen. Dëst Gesetz ass allerdéngs nie a Kraft getrueden. D'Spuenier hunn allerdéngs de Joseph Bonaparte an di nei Monarchie net akzeptéiert.

Den 2. Mee huet e Generalopstand ugefangen, dee vum Goya a sénge Biller veréiwegt gouf. De Krich huet sechs Joer gedauert. D'Spuenier hunn en den Onofhängegkeetskrich genannt.

An engems mat der Revolution sinn och juristesch an administrativ Reformen duerchgefouert ginn. D'Erëffnungssitzung vum neie Cortes gouf de 24. September 1810 ofgehalen. Folgend Grondprinzipe si festgehale ginn: d'Staatsgewalt geet vum Vollek aus an d'Legitimatioun vum Fernando VII. als Kinnek vu Spuenien. Deen éischten spuenesche Verfassungstext gouf den 12. Mäerz 1812 zu Cádiz ugekënnegt. Säit 1812 huet Spuenien siwe Verfaassungen gehaat, déi bis elo nach gültig vun 1978 mat abegraff an ouni d'Gesetz vu Bayonne.

Den 27. Mee 1812 huet de Kinnek Joseph sëch aus Madrid zeréckgezunn. Di franséisch Arméi gouf vum Wellington den 21. Juni 1813 geschloen. D'Fransousen zéien sëch iwwert Pyrenäen zeréck an de Wellington réckt den 9. Juli a Frankräich an. D'Onofhängegkeet vu Spuenien ass erëm hiergestallt.

Kuckt heizou den Haaptartikel: Spueneschen Onofhängegkeetskrich.

[Änneren] Di Éischt Spuenesch Republik

D'Kriis a Spuenien huet dat spuenescht Imperium an Amerika staark geschwächt a vill Kolonien hunn ugefangen hier Onofhängegkeet ze fuerderen. Während dem Ferdinand sénger Herrschaft hunn all di spuenesch Kolonien, ausser Kuba a Puerto Rico, hier Onofhängegkeet zeréckkritt.

De Schluss vum 19. Joerhonnert war, duerch den Doud vum Ferdinand VII., vum Dynastiedilemma beherrscht, well hie kee männlechen Nokommen hat. Séng Duechter d'Isabal II. huet den Throun iwwerholl, mä säi Monni den Don Carlos huet sëch dem widdersaat an huet esou ee vun denen zwee Karlistekricher ausgeruff.

Tëscht 1841 an 1843 gouf fir d'éischt den General Espertero Regent iwwert d'Kinnekräich ernannt, duerno de General Narváez, deen den Espertero aus Spuenie gejot huet. 1845 gouf d'Verfassung ugeholl an zwee Joer méi spéit, 1847 war den zweeten Carlistekrich, den d'Isabel 1849 gewonnen huet.

D'Revolutioun vun 1868, ugefouert vun de Generäl Serrano a Prim, huet d'Isabel zu Fall bruecht. 1870 gëtt den Amadeus vu Savoy Kinnek vu Spuenien an de Prim gëtt ëmbruecht. Nodeems den Amadeus no verschiddenen Onrouen ofgedankt huet, hunn d'Cortes 1973 d'Republik ausgeruff.

Tëscht 1873 an 1874 muss di éischt Republik sëch mam Krich a Kuba, dem drëtte Karlistekrich an den opstännege Kantonen am Süden a Südoste vum Land befaassen. No de Presidentschafte vum Figuras, Pi y Margal, Salmeron a Castelar, huet e Putsch vum General Serrano am Januar 1874 der Republik en Enn gesat. Dësen huet d'Cortes opgeléist an als Diktator regéiert.

[Änneren] D'Bourbonesch Restauratioun

D'Period vun der Restauratioun huet den 29. Dezember 1874 duerch en Opstand vum Martínez Campos zu Sagunt ugefangen, wou d'Monarchie erëm hiergestallt gouf an d'Bourbonen ënnert dem Alfonso XII. zeréckkomm sinn, a bis den 14. Abrëll 1931 gedauert.

Den Alfonso XII. huet der Éischter Spuenescher Republik en Enn gesat an ass Kinnek ginn. D'Constitutioun gouf 1876 geschriwwen a konsequent duerchgefouert während der ganzer Restauratioun. Si ass no enger konstitutionneller Monarchie mat engem Zwee-Chamber-System, dem Congreso de Diputados an dem Senado, etabléiert ginn. De Kinnek hat de Pouvoir d'Senatoren ze ernimmen, Gesetzer ze revokéieren an en huet sëch selwer den Titel vum Ieweschte Kommandant vun der Arméi ginn.

1876 war den Ënnergang vum Karlismus an de Fridden vun El Zanjon, den den zengjärege Krich zu Kuba op en Enn bruecht huet, huet et erméiglecht eng stabil Regierung opzestellen. welche

1885 stierft den Alfonso XII. a säi Jong, den Alfonso XIII, deen allerdéngs schonn doud ass, gëtt säin Nofollger. Seng Mamm, d'María Cristina vun Habsburg a Lorena, regéiert un hirem Jong senger Plaz.

[Änneren] Spuenesch-amerikanesche Krich

Kucht heizou och den Haaptartikel: Spuenesch-amerikanesche Krich.

De spuenesch-amerikanesch Krich tëscht den USA a Spuenien war vum 25. Abrëll bis den 12. August 1898. En ass mat enger amerikanescher Besetzung vu Kuba, Puerto Rico an de Philippinen ausgangen. Spuenien huet elo all séng Kolonie verluer.

[Änneren] Di Zweet Spuenesch Republik

1931 gouf no de Kommunalwahlen d'Republik ausgeruff. De revolutionäre Komitee gouf zu enger provisorescher Regierung an den Niceto Alcala Zamora gouf President. D'Cortes huet eng nei Verfaassung entworf. Zwee Joer duerno hunn d'Parteien aus der rietser Mëtt d'Mehrheet an de Cortes kritt.

1934 goufen et a Katalonien an an Asturien Revolutiounen géint d'Bedeelegung vun der CEDA an der Regierung. 1936 huet d'Volleksfront, eng lénck Koalitioun d'Wahle gewonnen. Den Alcala Zamora gouf ofgesat an de Manuel Azana gouf am Mee neie President an der Republik.

Dem Azana séng éischt Regierung huet eng Generalamnestie ausgeruff, d'Opnahm vun der Agrarreforme fir Katalonien, di baskesch Provënzen an eventuell Galicien. D'Konflikter si bestoe bliwwen an nodeems de Castillo vun de Faschisten ëmbruecht ginn ass, hu sëch séng Arméien gerächt an den Chef vun der Oppositioun, de Calvo Sotelo, och ëmbruecht. Fënnef Deeg méi spéit huet sëch d'Militärganison zu Malilla erhuewen, de Biergerkrich huet ugefangen.

[Änneren] De spuenesche Biergerkrich

Kuckt heizou den Haaptartiklel: Spuenesche Biergerkrich.

Een ënnert dem General Francisco Franco zu Marokko organiséierte Militäropstand, huet sëch tëscht 1936 an 1939 ganz séier duerch d'ganzt Land verbreet an huet esou de spuenesche Biergerkrich ausgeléist. Den Doud vum Calvo Sotelos huet dëse Militärputsch nach méi gefërdert.

Den 18. Juli 1936 ass de Putsch op aner Ganisounen an Zentralspuenien eriwwergegraff an de Franco huet den aneren Dag de Kommando vun der Arméi am Marokko iwwerholl. Enn vum Joer kontrolléierten d'Nationalisten de gréissten Deel vun Andalusien, Extremadura, Toledo, Avila, Segovia, Valladolid, Burgos, Leon, Galicien, Asturien, Victoria, San Sabastian, Navarra, Aragón, Kanaren an de Balearen mat Ausnahm vu Menorca. Kastilien la Nueva, Katalonien, Valencia, Murcia, Almeria, Gijon a Bilbao sinn an den Hänne vun de Republikaner bliwwen.

Den 29. September gouf de Franco zum Staatspresident an zum Kommandant vun der Arméi ernannt. Fir dem entgéint ze wierken huet die republikanesch Regierung eng Volleksarméi gegrënnt an der Miliz Waffe ginn.

Beid Partein hunn Hëllef vu bausse kritt: di International Brigad huet d'Republikaner ënnerstëtzt an di italienesch an däitsch Truppen hunn d'Nationalisten ënnerstëtzt.

No sëllege Schluechten an nodeems d'Nationalisten schlussendlech den 28. Mäerz 1939 di besaten Haaptstad bezwong hunn, huet de Franco den 1.Abrëll de Krich offiziell zu Enn bruecht.

[Änneren] Spuenien ënnert dem Franco

[Änneren] Demokratiséierung vu Spuenien

Nom Franco séngem Doud suergt de Kinnek Juan Carlos I. fir d'Demokratiséierung vu Spuenien.

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com