Kuba
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||
National Devise: Patria y Libertad | |||||
![]() |
|||||
Offiziell Sprooch: | Spuenesch | ||||
Haaptstad: - Bevëlkerung: - Koordinaten: |
Havanna 2.201.610 (2002) 23° 8′ 1" N, 82° 24′ 19" W |
||||
President: | Fidel Castro Ruz | ||||
{{{RegierungschefTitel}}}: | {{{Regierungschef}}} | ||||
Fläch: - Total: - % Waasser: |
Op 102. Plaz 110.860 km² ? |
||||
Bevëlkerung: - Total: - Bevëlkerungsdicht: |
Op 70. Plaz 11.345.670 102/km² |
||||
Onofhängegkeet: | vu Spuenien 1898 erkläert, 1902 unerkannt | ||||
Nationalfeierdag: | {{{Nationalfeierdag}}} | ||||
Relioun: | {{{Relioun(en)}}} | ||||
Währung: | Peso (CUP) Konvertibele Peso (CUC) |
||||
Zäitzon: | UTC-6 | ||||
Nationalhymn: | La Bayamesa | ||||
Internet TLD: | .cu | ||||
International Virwahl: | +53 |
Kuba ass en Inselstaat an der Karibik. D'Haaptstad ass Havanna (La Habana).
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geographie
Kuba ass mat 110.922 km2 déi gréissten Insel an der Karibik. Am Norde grenzt si un den Atlantik an am Nordwesten un de Golf vu Mexiko. Havanna ass déi gréisste Stad an och d'Haaptstad vu Kuba. Aner méi grouss Stied si Santiago de Cuba, Holguín a Camagüey. Am Norde vu Kuba leien d'USA mam Bundesstaat Florida an am Westen déi mexikanesch Hallefinsel Yucatán.
D'Linn vun der Küst huet eng Längt vun 3.735 km. Am Südoste vu Kuba läit eng Exklav vun den USA, d'Grenz huet eng Längt vun 29 km. Dëst ass en Stützpunkt vun der Arméi: Guantanamo Bay.
Kuba läit op 0 m iwwer dem Mieresspigel vum Karibesche Mier an deen héchste Punkt ass den Pico Turquino an der Sierra Maestra mat 2.005 m Héicht.
[Änneren] Klima
Op Kuba ass tropescht Klima. D'Drëchenzäit geet vun November bis Abrëll an d'Reenzäit vu Mee bis Oktober.
[Änneren] Andeelungen
Kuba ass a 15 Provënzen agedeelt, dovunner ass di éischt eng speziell. Et sinn:
- Isla de la Juventud
- Pinar del Río
- La Habana
- Ciudad de La Habana
- Matanzas
- Cienfuegos
- Villa Clara
- Sancti Spíritus
- Ciego de Ávila
- Camagüey
- Las Tunas
- Granma
- Holguín
- Santiago de Cuba
- Guantánamo
Ausserdeem ass Kuba och nach an 169 Gemengen agedeelt.
Kuckt och: Lëscht vun de kubanesche Groussstied
[Änneren] Geschicht
Kuckt heizou och den Haaptartikel: Geschicht vu Kuba
Tëscht dem Joer 1000 v. Chr. bis 1000 n. Chr. sinn d'Arawk-Indianer agewandert. 1492 huet de Christoph Columbus Kuba fir déi spuenesch Kroun agehollt. Déi éischt afrikanesch Aarbechtssklave si 1522 ukomm. Am Joer 1553 gëtt Havanna Gouverneurssëtz, den Hafen Treffpunkt vun de Gold- a Sëlwertransportschëffer aus den neispuenesche Koloniestaaten. 1762 huet England Havanna erruewert. E bësse méi spéit gouf et en Tosch mam spuenesche Florida. 1789 bis 1820 si franséisch Farmer virun der Revolutioun op der Nopeschinsel Haïti op Kuba geflücht. Kuba gëtt weltgréissten Zockerexporteur.
1868 bis 1878 war den éischten Onofhängegkeetskrich géint Spuenien. Den zweeten Onofhängegkeetskrich war 1895 bis 1898 a gouf vum Máximo Gómez a vum José Martí géint Spuenien gefouert. D'USA hu sech agemëscht a Spuenien huet verluer. D'Onofhängegkeet vu Spuenien huet eng aner Ofhängegkeet matbruecht, an zwar déi vun den USA, déi sech hir Positioun zu Kuba festegen duerch hir Militärherrschaft an hiert "Interventiounsrecht".
Kuba gouf am Joer 1902 zur Republik erklärt. Duerch d'Zockerknappheet am éischte Weltkrich huet Kuba e Boom erlieft, deen awer an de Joeren 1929 bis 1933 erëm nogeloss huet. 1924 Diktatur ënnert dem G. Machado. Vun 1934 bis 1952 koume verschidde Presidenten un d'Muecht, dorënner och de Fulgencio Batista . Vun 1953 bis 1959 koum d'Widerstandsbewegung ënnert dem Fidel Castro zustan. D'Rebelle sinn no verschiddene Réckschléi ënner dem Che Guevara zu Havanna amarschéiert. Den Diktator Batista ass aus Kuba geflücht. Zanter 1961 ass Kuba e sozialistescht Land. Opgrond vun der strategescher Laag vu Kuba eskaléiert 1962 de Konflikt tëscht den USA an der Sowjetunioun an der sougenannter Kubakris. Dora gouf Kuba e Spillball vun zwou Atommuechten.
1960 - 1976 war den Ufank vum US-Embargo an en Handelsofkommes fir den Zocker gouf mat der Sowjetunioun ofgeschloss.
[Änneren] Politik
[Änneren] Bevëlkerung
Zu Kuba liewen ongeféier 11 Millioune Mënschen, dovunner sinn der 66 % wäiss, 12 % schwaarz, 21,9 % si Mestizen an 0,1 % si Chinesen.
[Änneren] Reliounen
[Änneren] Economie
Nom Zesummebroch vun der Sowjetunioun an domadder dem Verloscht vum wichtegsten Handelspartner, huet Kuba missen nei Annahmquelle sichen. Daat sinn nieft dem Tourismus, mat 43 %, den Ubau vum Ananas an Zitrusfriichten an den Export vu Jus a Langusten, wou Kuba den zweetgréissten Exportateur vun der Welt ass. Nei Handelsofkomme si mat der EU, Latäinamerika a Kanada ofgeschloss ginn, soudass de Maart fir den Export vun Zocker (25%), Tubak, Kakao a Kaffee sech stabiliséiert huet. Kuba ass och nach deen zweetgréissten Exportateur vun Néckel op der Welt. Den US-Embargo, deen an de 60er Joeren iwwert Kuba verhaange gouf, dauert haut nach un.
[Änneren] Tubak
Wéinst dem gënschtege Buedem wiisst am Weste vu Kuba an der Provënz Pinar del Río dee beschten Tubak ob der Welt. D'Zigarre ginn op der Hand hiergestallt, woubäi d'Blieder no dräi Méint gepléckt, da sortéiert an dann an Drëchespäicheren gedrëchent ginn. Di beschte Blieder sinn d'hojas negras.
[Änneren] Zocker
Den Zockerrouer gouf am spéiden 18. Joerhonnert vum Christoph Columbus agefouert. 1971 war Kuba weltgréissten Zockerproduzent. Während dem éischte Weltkrich waren d'USA déi gréissten Importateuren. No der Revolutioun huet d'Kuba dunn awer d'Sowjetunioun mat Zocker beliwwert. Am Moment ass den Zocker en Tauschprodukt vun den neien Handelspartnern wéi d'EU a Kanada. D'zafra ass Enn November bis Mee a gëtt nach op der Hand gemacht. D'Zockerrouerstaange gi wa se ausgepresst ginn de Jus guarapo, aus deem duerno Rouerzocker gëtt. D'Melass déi aus dem Jus nom Kachen a Botzen entsteet gëtt benotzt fir Rum hierzestellen.
[Änneren] Infrastruktur
[Änneren] Kultur
[Änneren] Literatur
Di bedeitendst kubanesch Auteure sinn de José Martí, den Alejo Carpentier, den Nicolás Guillén an de José Lezama Lima. De José Martí, am bekanntesten a Latäinamerika, ass vill gereest an huet e risegt Wierk vu Bréiwer, Rieden, Essayen a Gedichter hannerlooss, während hien ënnert der politescher Repressioun gelidden huet an och ganz fréi am Fräiheetskampf fir Kuba gestuerwen ass. Déi am Moment am bekannteste vun de moderne Schrëftsteller sinn de Miguel Barnet, deen d'Buch Cimarrón geschriwwen huet, an de Guillermo Cabrera Infante.
[Änneren] Musek
D'Musek vu Kuba ass afrospuenesch an deelweis och franséisch beaflosst ginn. Säit dem Film Buena Vista Social Club ass de Son, fréier den Danzón, erëm d'Markenzeeche vu Kuba. Dee gréisste Musiker war de Benny Moré. Hien ass mat 43 Joer gestuerwen a séng Kompositiounen hunn d'Entwécklung vum Salsa staark beaflosst. Dat bekanntenst kubanescht Lidd ass Guantanamera, vum José Martí geschriwwen.
[Änneren] Film
Déi bekannteste kubanesch Filmgesellschaft ass den ICAIC (Instituto Cubano del Arte e Industira Cinematográficos), deen deelweis vum kolumbianeschem Literaturnobelpräisdréier Gabriel García Márquez geleet gouf. De Film Fresa y chocolate, ënnert der Regie vum Tomás Gutiérrez Alea an dem Juan Carlos Tabío, ass den erfollegräichste Film deen zu Kuba produzéiert gouf.
[Änneren] Kubanesch Kichen
D'kubanesch Kiche besteet haaptsächlech aus Cocktailler, Fësch, Gefligel a Crustacéeën. Traditionell kubanesch sinn awer och Zoppen, déi e spuenesch-maureschen Afloss hunn. Als Beilagen ginn oft Räis mat schwaarze Bounen (arroz moro) a frittéiert Bananen (Plátanos) zervéiert. D'Nationalgedréncks ass de Mojito. Bekannt sinn awer och den Daiquiri an de Cuba Libre. Si all gi mat Rum préparéiert, deen zu Kuba hiergestallt gëtt. Bekannteste Mark ass hei den Havanna Club, weltwäit ass et awer de Bacardí.