Francisco Franco
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Francisco Franco Bahamonde (* 4. Dezember 1892 zu Ferrol, Galicien; † 20. November 1975 zu Madrid) war e Politiker an eng Militärpersoun a Spuenien.
Hie war Staatschef tëscht Abrëll 1939, nom Militärputsch géint di zweet spuenesch Republik, bis zu séngem Doud am November 1975.
[Änneren] Säi Liewen
Gebuer ass de Franco 1892 ënnert dem Numm Francisco Paulino Hermenegildo Teódulo Franco Bahamonde¨. Hie war de Jong vum Offizéier Nicolás Franco a sénger Fra dem María del Pilar. 1904 ass hie bei d'Marine fir eng Ausbildung gaangen, gouf awer net op d'Akademie vun der Marine zougelooss. Dofir ass hien an d'Akademie fir d'Infanterie op Toledo gangen. 1910 hat hie säin Ofschlooss a sénger Militärausbildung a gouf zum Ënnerleutnant vun der Arméi ernannt an zu Ferrol stationnéiert.
1912 gouf hien an de Marokko versat an huet do am Kolonialkrich gekämpft. E Joer duerno gouf hien zum Leutnant ernimmt, woumatt séng Militärkarrière ugefangen huet.
1922 gëtt de Franco Kommandant vun der spuenescher Friemelegioun. Ee Joer méi spéit gouf hie mam Carmen Polo bestued.
1935 gëtt hien ieweschte Kommandant vun der Arméi.