Carl von Linné
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Carl Linnaeus oder Carl Nilsson Linnaeus, an no sénger Erhiewung an den Adelstand am Joer 1762 Carl von Linné, gebuer den 23. Mee 1707 zu Råshult a Südschweden, a gestuewen den 10. Januar 1778 zu Uppsala) war e schwedeschen Naturfuerscher.
Hien huet d'Taxonomie (eng binär Nomenklatur) agefouert an huet domadder d'Grondlag geschaf vun der botanescher Fachsprooch. Hien huet de Linné'eschen System vum Planzeräich agefouert.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Säi Liewen
De Carl Linnaeus huet seng Medezinstudien op der Universitéit zu Lund ugefaangen. Et huet dunn awer op d'Uni vun Uppsala gewiesselt, well do d'Botanik, säi Lieblingsfach, méi grouss geschriwwe gouf. Während sénge Studien huet hien eng Expeditioun an d'Lappland gemacht, wou hien déi Planzewelt do méi genau studéieren konnt.
Wéinst dem villen Duercherneen, deen an der Andeelung vun der Planzewelt war, huet hien ugefaangen, en eegene System z'entwéckelen. Dës Systematik huet hien an sengem Wierk, dem Systema naturae verëffentlecht.
1751 huet hien en zweet Buch erausginn, woudranner hie säi System vun den Nimm virgestallt huet. No dësem System ginn haut nach d'Aarte vun de Liewewiese benannt: all Déieren a Planzen hunn en zweedeelegen Numm, wou deen éischten Deel den Numm vun der Gattung an deen zweeten den Numm vun der Aart ass.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Carl von Linné – Biller, Videoen oder Audiodateien |
]]