Pierre Grégoire
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Pierre Grégoire,* 9. November 1907 zu Viichten, † 8. Abrëll 1991 zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Politiker (CSV), Journalist a Schrëftsteller. Hien huet sech duerch eng laang Rei vu Publikatiounen ausgezeechent, déi hien ënnert sengem Numm oder ënnert engem Pseudonym (Gregor Stein, Peter Stein, Erio oder Jopiter ënnert aneren) verëffentlecht huet.
[Änneren] Seng Carrière
- Als Postbeamten huet hie seng Carrière ugefang
- Vun 1933 un war hie Redakter am Luxemburger Wort
- Nom Zweete Weltkrich war hie jorelaang Generalsekretär vun der CSV
- 1959-1964: Innenminister, Verkéiersminister, Minister fir Konscht a Kultur an der Regierung Werner-Schaus I
- 1964-1967: Bildungsminister, Kulturminister a Minister fir den Ëffentlchen Dengscht an 1967-1969 Aussenminister, Arméiminister, Kulturminister an der Regierung Werner-Cravatte.
- 1969-1974: President vun der Chamber
- De Pierre Grégoire gouf duerno Éierepresident vun der Lëtzebuerger Chamber