Joseph Grosbusch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Joseph Grosbusch, * 9. November 1928 zu Ettelbréck, ass e lëtzebuergesche Moler. Hien ass eegesënneg a schwéier an eng Konschtrichtung anzeklasséieren. A senge Biller läit eng grouss Symbolik. Vun senger Technik hier gesinn gehéiert hien zu den Hyperreealisten. Surrealist ass hien iewer, wan een d'Aart a Weis betruecht, wéi hie seng Biller composéiert. De Joseph Grosbusch huet u villen Ausstellungen deelgeholl.
[Änneren] Auszeechnungen
- Prix Grand-Duc Adolphe (1969)