Romano Prodi
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Romano Prodi (* 9. August 1939 zu Scandiano, Italien) ass en italieneschen Economist a Politiker. Hien ass zënter dem 17. Mee 2006 italienesche Ministerpresident. Hie war schonns eng Kéier, vun 1996 bis 1998 Ministerpresident. Vum Mäerz 1999 bis November 2004 war e President vun der Europäescher Commissioun.
[Änneren] Säi Liewen
De Romano Prodi huet 6 Bridder (vun deenen der 5 Universitéitsproffessere sinn) an 2 Sëschteren. Hien huet zu Mailand Droit studéiert a mat Distinction 1961 ofgeschloss. Dono huet en zu Mailand, Bologna a London Economie studéiert. Vun 1963 u war e wëssenschaftleche Mataarbechter, zënter 1966 Chargé de cours a vun 1971 bis 1999 Professer fir Macro-Economie an Industriepolitik zu Bologna.
1978 bis 1979 war de Prodi Industrieminister an der Regierung vum Giulio Andreotti.
Vun 1984 bis 1995 (ausser tëscht 1989 an 1993) war e President vun der IRI, der gréisster staatlecher Holding vun Italien, déi e matgehoillef huet, ze sanéieren an deelweis ze privatisiéieren.
1995 waren de Spëtzekandidat vun der Walunioun Ulivo ("Olivebam"), an deer eng sëlleche Parteien, vu lénksextreme bis konservativen, zesummegeschloss waren. 1996 gouf e Ministerpresident. Heen huet de Staatsbudget streng an der Gitt gehalen a kunnt esou Italien erméiglechen, der Euro-Zon bäizetrieden. Am Oktober 1998 ass en zeréckgetrueden, nodeems eng Partei vum Olovebam d'Regierung nët méi ënnerstëtzt hat an en e Vertrauensvote verluer hat.
De 24. Mäerz 1999 hun d'Staats a Regierungsdchefe vun der EU hien zum President vun der Europäescher Commissioun ernimmt. Hien huet de 15. September 1999 d'Nofollech vum Jacques Santer ugetrueden, nodeems seng Ernennung vum Europäesche Parlament confirméiert gi war.
A seng Amtszäit falen d'Aféiere vum Euro an d'Verhandlungen mat an de Bäitrëtt vun 10 neie Memberstaaten an d'EU, den 1. Mee 2004. De Prodi huet um Enn vu senger Presidentschaft ze verstoe ginn, dass e gäer nees méi an der italienescher Politik (wou an der Tëschenzäit de Silvio Berlusconi Premierminister war) aktiv wier, an esou huet den Europäesche Conseil de José Manuel Barroso als neie Kommissiounspresident designéiert, deen dëst Amt zënter dem November 2004 un huet.
De 16. Oktober 2005 gouf de Romano Prodi bei enger Virwal mat iwwer 70 % zum Spëtzekandidat vun der Mëtt-Lénks-Unioun Unione fir d'Parlamentswale vun 2006 gewielt. Dës huet en dann och géint de Silvio Berlusconi (knapps) gewonnen.