1848
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1843 | 1844 | 1845 | 1846 | 1847 | 1848 | 1849 | 1850 | 1851 | 1852 | 1853
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1848.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Evenementer
[Änneren] Europa
- 22. - 24. Februar: Februarrevolutioun a Frankräich.
- 13. - 15. Mäerz: Opstänn zu Wien.
- 18. Mäerz:Opstänn zu Berlin.
- 18. Mee: Déi Däitsch Nationalversammlung kënnt zu Frankfurt an der Paulskirche zesummen.
Lëtzebuerg
- 14. Mäerz: Onrouen zu Ettelbréck
- 15. Mäerz: D'Zensur gëtt ofgeschaf.
- 23. Mäerz: Déi alleréischt Nummer vum Luxemburger Wort kënnt eraus.
- 25. Mäerz: d' Assmblée constituante kënnt zu Ettelbréck zesummen.
- 23. Juni: E Verfassungstext, deen un deem vun der Belsch inspiréiert ass, gëtt ugeholl.
- 10. Juli: De Wëllem II. schwiert den Eed op d'Verfaasung.
- 1. August: Déi nei Verfaassung trëtt a Kraaft.
- 1. August: D'Regierung de la Fontaine hëlt hir Aarbecht op.
- 23. Oktober: E Gemengegesetz gëtt gestëmmt.
- 6. Dezember: D'Regierung Willmar hëlt hir Aarbecht op.
[Änneren] Gebuer
- 15. Juli: Vilfredo Pareto, italieneschen Economist an Ingenieur.
- 6. Dezember: Johann Palisa, éisträicheschen Astronom.
[Änneren] Gestuerwen
- 10. Februar: Jean Auguste Edouard Liénard, franséische Moler.