Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Johannes Hevelius - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Johannes Hevelius

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Johannes Hevelius
Vergréisseren
Johannes Hevelius

De Johannes Hevelius (no sengen Schrëften a latäinescher Sprooch, däitsch Johannes Hevel oder och Johann Hewelcke, polnesch Jan Heweliusz; gebuer den 28. Januar 1611 zu Danzeg (haut Gdańsk); a gestuerwen den 28. Januar 1687 zu Danzeg war een Astronom a gëllt als Begrënner vun der Kartographie vum Mound.

Quadrant (1644)
Vergréisseren
Quadrant (1644)

Den Hevelius staamt aus enger räicher Danzeger Patrizier a Brauerfamill. Hie studéiert 1630 Jura zu Leiden, mëcht Reesen an England an a Frankräich. 1634 huet hien op Verlaange vun sengem Papp sech a senger Gebuertsstad als Brauer niddergelooss. No sengem Bestiednis am Joer 1635 mat dem Katharine Rebeschke ass den Hevelius an d’Zunft vun de Béierbrauer agetratt.

Nodeem säi Papp 1649 gestuerwe war, huet den Hevelius op den Diecher vun sengem Haus (et waren der dräi niefteneen) een Observatoire opgeriecht. No an no huet hie sech déi néideg Instrumenter besuergt, verschidden Teleskope, mat deenen hien d’Uewerfläch vum Äerdmound ënnersicht huet. Aus dëser Zäit besteet säi berühmt Wierk Selenographia sive Lunae Descrptio ....

Den Hevelius gouf 1651 Ratsherr an dann och nach Buergermeeschter zu Danzeg. Zënter 1639 luch säin Haaptinteressi awer bei der Astronomie, och wann hien sech säi Liewe laang fir städtesch Ugeleeënheeten engagéiert huet. 1641 huet hien ee ganz gutt Observatorium opgebaut mat ë.a. engem selwer gebauten Teleskop vun 45 m Längt.

Den Hevelius huet Sonneflecken beobacht an huet nei Stäerebiller festgeluecht a Moundkaarte gemolt an och d’ Libratioun vum Mound festgestallt. Seng Fuerschongen iwwer de Mond publizéiert hien am Joer 1647 an sengem Wierk Selenographia. An de Joeren 1652, 1661, 1672 an 1677 huet hie 4 Koméiten entdeckt. Opgrond vu senge Beobachtunge stellt hien Thees op, datt Koméiten d’Sonn an parabelförmegen Bunnen emkreesen.

1679 ass säin Obsercatoire ofgebrannt. All seng Bicher an Instrumenter sinn dobäi zerstéiert ginn. Den Neibau huet hien net méi materlieft.

Den Hevelius gëlt als e bedeitenden Astronom aus senger Zäit a gouf vu ville Säiten ënnerstëtzt, sou z.B. vum Louis XIV aus Frankräich an dem polnësche Kinnek Jan Sobieski III., deem hien Stäerebild Schëld (Scutum) gewidmet huet.

De Johannes Hevelius ass op sengem Gebuertsdag, den 28. Januar 1687, mat 76. Joer gestuerwen.

[Änneren] E puer Wierker vum Hevelius

  • Selenographia (1647)
  • Cometographia (1665)
  • Machina coelestis éischten Deel 1673. Den zweeten Deel ass ganz selten, well beim Brand vun 1679 bal déi ganz Ausgab zerstéiert ginn ass.
  • Annus climactericus
  • Prodromus astronomiae 1664; postum 1690 verëffentlecht
Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com