Israel-Libanon-Konflikt
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Am Artikel geet et ëm en aktuellt Thema. Den Inhalt ka sech deemno séier änneren. |
Den Israel-Libanon Konflikt ass dee neitsten Noostkonflikt.
Di militäresch Ausernanersetzung huet den 12. Juli 2006 ugefangen duerch e Grenzugrëff vun der Hisbollah. De Konflikt dauert nach ëmmer un.
[Änneren] Hannergrënn
1978 ass Israel an de Libanon amarchéiert nodeems no engem Attentat vun de palastinensechen Ënnergrondkämpfer an Nordisrael 37 Mënschen ëmkomm sinn. Di israelesch Truppen hu sech no e puer Wochen awer erëm zeréckgezunn an eng Pufferzone vun enger Breet vun 10 km ass entstanen. 1982 huet di israelesch Arméi e Feldzuch géint déi palestinensesch Organisatiounen am Libanon gestart. Dëst ënnert dem Komando vum Ariel Shannon. An de Flüchtlingslagern zu Beirut fënnt e Massaker u Palastinenser statt an de libanesche Staatspresident Bechir Gemayel konnt säin Amt net untrieden, well hie ass vidrun bei engem Bommenattentat ëm d'Liewe komm ass. Den israelesche Friddenskontrakt gouf vum Libanon net ratifizéiert. 1985 zitt sëch Israel aus dem Libanon zeréck, behällt sech awer eng Sëcherheetzone. 1990 war den Enn vum libaneseschen Biergerkrich. Israel an de Libanon komme fir Friddensgespriecher zesummen an di éischt Noost-Konferenz fënnt zu Madrid statt. 1996 marschéiert Israel op en Neits an de Libanon an. Dës Kéier war en Ugrëff an Nordisrael vun den Hisbollah. Dëse Konflikt huet vill Affer gefuerdet a vill Mënsche sinn aus dem Libanon geflücht. Den israelesch Ministerpresident Ehud Barak huet 1999 de vollstännege Réckzug ugekënnegt an deen duerch en Friddenskontrakt bestätegt. Dëse Friddesofkommen ass awer duerch Syrien a dem Libanon gescheitert. De Barak huet séng Truppen aus dem Südlibanon ofgezunn, während d'Hisbollah sëch op de geraumtenen Territoiren ausgebreet hunn. 2004 huet d'UNO gefuerdert dass all Truppen aus dem Libanon sollen ofgezu ginn.
[Änneren] De Verlaf
Den 12. Juli ass Israel no der Entféierung vun zwee Zaldoten duerch di schiitesch Miliz Hisbollah an de Libanon amarschéiert. De Nasrallah, Chef vun der Hisbollah, wollt palestinensesch géint libanesesch Gefanger atauschen. Israel mëcht allerdéngs de Libanon dofir verantwortlech.