Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Geschicht vun der Lëtzebuerger Schreifweis - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Geschicht vun der Lëtzebuerger Schreifweis

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

An dësem Artikel geet et em d'Geschicht vun der Schreifweis vum Lëtzebuergeschen.

Mat deenen éischte Publikatiouen op Lëtzebuergesch huet sech vum selwen d'Fro vun der Orthographie vum Lëtzebuergesche gestallt.

Schonn den Antoine Meyer, deen als éischte Lëtzebuerger Literat gëllt, hat a sengem 1829 publizéierten Schrek op de Lëtzebuerger Parnassus erkläert, wéi d'Lëtzebuergescht zu schreiwe wier, a genee wéi hien, hu sech spéiderhin och Dicks, Lentz a Rodange, fir nëmme si dräi ze nennen, hir perséinlech Orthopraphie op d'Mooss geschneidert. Heibäi ass besonnesch den Dicks mat sengem Versuch über die Orthographie der luxemburger deutschen Mundart z'ernimmen.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Déi éischt hallefweegs seriéis Rechtschreiwung

1910 kruten d'Lëtzebuerger vum Nikolaus Welter a vum René Engelmann déi éischt hallefweegs seriéis Rechtschreiwung ugebueden, déi ënnert dem Begrëff Orthographie Welter-Engelmann bekannt ass, an déi sech am Bichelchen Das Luxemburgische und sein Schrifttum vum Nikolas Welter nach op dräi an eng hallef DIN A5-Säite resuméiere gelooss huet. Do fanne mer och diakritesch Zeeche rëm, déi mer vun Dicks-Lentz-Rodange hier kennen, wéi z.B. den Hittchen oder den Apostroph, Dûscht, Zâng, Le’w, wo’er.

Mä dës Schreifweis behandelt scho genee den -e- respektiv den –ee-, anescht wéi déi aner Vokalen –i-, -u-, -o- an –a-.

  • Ben awer hêschen (haut: Been, heeschen), mä frech, frësch, Fräsch,(wéi haut).

[Änneren] OLO

An engem verständlechen Iwwerschwang vun Nationalismus gouf nom Zweete Weltkrich duerch en Arrêté Ministériel vum 5. Juni 1946 eng nei Orthographie ënnert dem Kierzel OLO propagéiert. OLO steet fir Offiziell Lëtzebuerger Orthographie, an hir geeschteg Päpp waren den deemolegen Erzéiungsminister Nicolas Margue an de Professer Jean Feltes.

Dës Schreifweis op reng phonetescher Basis (lezebuejer shreftshproogh, èèshteméch, metvogh, samshdéch, désharsh, mèrssi) huet bei de Lëtzebuerger, déi trotz allem Haass op d'Preise stéits a stänneg dat an der Schoul geléierten däitscht Wuertbild viru sech haten, keng Akzeptanz fonnt an ass haut vergiess.

[Änneren] D'Orthographie vum Luxemburge Wörterbuch

Am Kader vun der Section de linguistique de folklore et de toponymie vum Institut Grand-Ducal gouf 1935 eng Dictionnaireskommissioun ernannt, déi ënnert dem Professer Joseph Tockert vun 1935 bis 1939 d'Viraarbechte fir d'Luxemburger Wörterbuch geleescht, déi duerch den Amarsch vun Nazi-Däitschland ënnerbrach goufen. D'Kommissioun ass 1948 nei operstanen a gouf nom Doud vun hirem President, dem Joseph Tockert, den 19. Februar 1950, vun der Hélène Palgen weidergefouert a presidéiert.

Vun 1948 u louch d'Sekretariat an den Hänn vum Professer Robert Bruch. Seng jorelaang Fuerschongsaarbecht gouf 1955 vun der Sprooch-Sektioun vum Institut Grand-Ducal ënnert dem Titel Précis de Grammaire Luxembourgeoise publizéiert. Si huet duerno d'Fëllement fir déi zwanzegjäreg Aarbecht vun der Dictionnaireskommissioun duergestallt a war och d'Basis fir den Arrêté Ministériel vum 10. Oktober 1975, deen d'Schreifweis vun der Lëtzebuerger Sprooch - op der Basis vun der däitscher Rechtschreiwung - festgeluecht huet. Dat huet nom ominéisen OLO-Experiment ageliicht a gëllt och haut nach; also och fir déi nei däitsch Orthographie, souwäit se zu Lëtzebuerg gebraucht gëtt.

An der Reform duerch de Règlement Grand-ducal vum 30. Juli 1999, goufen e puer Detailer an der Orthographie vum Robert Bruch geännert, virun allem goung et drëms, all deem Rechnung ze droen, wat sech haut als Ufuederung un d'Lëtzebuergesch riicht; eng Sprooch, déi jo bekanntlecherweis ëmmer méi an däitsch, franséisch, englesch an aner Wuertschätz glanne geet.

Verschidde Sproochwëssenschaftler sinn der Meenung, datt och mat deer leschter Reform dee leschte Verbotz un der lëtzebuergescher Schreifweis nach net gemaach ginn ass.

[Änneren] Dialektvarianten

De Robert Bruch huet fréi agesinn, datt als Schrëftsprooch nëmmen eng eng Héichsprooch a Fro kéim; eng sougenannt Allgemeng Lëtzebuerger Ëmgankssprooch, eng Koinè, wéi hien se no dem griichesche Wuert koinos fir gemeinsam gedeeft huet (bei de Griiche war d'Koinè eng gemeinsam Sprooch, déi sech ëm 400 viru Christus am ganze Mëttelmierraum bis an den noen Osten ausgebreet hat). Fir de Robert Bruch war et d’Lëtzebuerger Sprooch tëscht Dummeldeng a Miersch, also den Uelzechtdall erop, déi sech am beschten derfir gëeegent huet, als Standard-, als allgemeng Ëmgankssprooch ze gëllen, an op deer eng Schreifweis opzebauen.

Dat heescht net, datt d'Dialekter vum Lëtzebuergeschen mat der Bruch-Orthographie net ze schreiwe wieren, mä den Ënnerscheed tëscht der Koinè an den Ënnermondaarten ass duerch si méi däitlech gezeechent ginn, wat besonnesch fir d'Schrëftsprooch an och fir d'Literatur op Lëtzebuergesch e Virdeel ass.

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] D'Noutwennegkeet vun enger Orthographie

Dat bréngt äis och zur prinzipieller Fro vun der Noutwennegkeet vun enger Orthographie fir d'Lëtzebuergescht; d'Fro ass jo ëmmer erëm gestallt ginn, an ech mengen, d'Äntwert liicht ëmmer méi an.

Mir hunn 1984, wéi d'Chamber d'Lëtzebuergescht zu enger offizieller Sprooch gemaach huet, "A" gesot; zu "A" gehéiert "B", an dat ass d'Orthographie an eng regelrecht Grammatik, iwwert déi ech herno e Wuert verléieren.

An dësem Kontext soll een och net aus den Ae verléieren, datt eis Sprooch wuel eng kleng, an eisem eegene Land awer beileiwe keng Minoritéitesprooch ass. Et ass nach net sou laang hier, datt och de Premier richteg gesot huet, d'Integratioun vun eisen auslännesche Matbierger géif iwwert d'Lëtzebuerger Sprooch geschéien an net iwwert eng aner.

Doriwwer raus brauch net méi bewisen ze ginn, datt eng Sprooch mat enger fixer Orthographie net nëmme méi liicht ze schreiwen ass, also léiwer geschriwwe gëtt. De Wuertschaz bleift och quantitativ méi konstant, an d'Wierder änneren hiert Gesiicht net all puer Joerzéngten, eppes wat bei eis jo net nëmmen zu eise sëllege Mondaarten, mä och zu Dosende vu regionalen a lokale Wuertvariétéite gefouert huet (z.B.: gedoen, gedon, gedinn, gedunn; gemaacht, gemaach, gemat, gemeet).

Onnéideg derbäi ze soen, datt déi literaresch Kreatioun bei enger fester Orthographie Virdeeler huet, woubäi awer ze betounen ass, datt eng Ënnermondaart mat an an deerselwechter Orthographie ze schreiwe si muss, wann een dat wëllt maachen.

Bleift nach ze soen, datt tëscht 2000-2002 deen éischte Spellchecker fir d'Lëtzebuergescht entwéckelt gouf, ee Projet deen deemools vu ville Leit begréisst gouf, awer deelweis och staark kritiséiert, well an der Wierderlëscht vum Jérôme Lulling bal keng dialektal Variante virkommen.

't ass lo hei net de Kader, fir d'Orthographie vum Robert Bruch des Laangen an des Breeden duerzeleeën; méi sënnvoll schéngt et, fir:

  • kuerz an Erënnerong ze ruffen, wat 1999 geännert gouf,
  • z’ernimmen, ob et iwwert dës Reform raus nach ongeléiste Problemer gëtt, an
  • wou mer mat deenen neie Supporten am Intressi vun der aktueller, d.h. reforméierter, Orthographie dru sinn.


[Änneren] Wat sinn déi wichtegst Ännerungen duerch de Règlement grand-ducal vum 30.07.1999?

  • Den "ee" ënnerscheet sech vum "e" doduerch, datt en an de lëtzebuergesche Wierder ëmmer "ee" geschriwwe gëtt, och wann hannendrun nëmmen ee Konsonant kënnt.
Leeder, Keelen
  • Den "é" an den "ë" ginn nëmme méi a betountene Silbe mat hiren diakriteschen Zeeche geschriwwen:
Sprénkeng, Rëmeleng
Bei den Ausnamen ouni diakritesch Zeeche koume bäi:
meng, deng, seng an net
  • D’Duebelschreiwung vun de Vokalen an Ëmlauter virun engem "r" gëtt ersat duerch den einfache Vokal oder Ëmlaut a Kombinatioun mam Rëtschvokal "e"
Kierch, Tuerm, Päerd
  • a) De Rëtschvokal "e" kritt nëmme méi en Trema wann e virun oder hannert engem aneren "e" steet:
Joer, Suen, Aen     awer: leeën, Jeeër, agëengt, gëeegent
b) De Rëtschvokal gëtt a Wierder mat "i" oder "u" virum "r" nëmme geschriwwen, wann de Vokal virdrun net identesch mam Vokal am däitsche Wuert ass:
dir/Dier; mir/Mier, Bir/Bier, Bur/Buer;     Ausnamen: fir/vir
c) Den däitsche laangen "ie" virun "r" gëtt ëmmer bäibehalen:
Regierung, Nieren, Schmier
  • De kuerzen däitschen "ö" gëtt ouni Ausnam "ë" geschriwwen (dat ass eigentlech net nei):
ëffentlech, ëstlech, fërmlech, nërdlech
  • De laangen däitschen "ö" gëtt awer bäibehalen:
blöd, Föhn, Ökonomie
  • Den donklen oder franséische "j", deen duerch d’Schreifweis "jh" markéiert war, gëtt einfach "j" geschriwwen:
Jumm, jicken, Jemp
  • Den dueble Konsonant no kuerzem Vokal am Wuertstamm bleift erhalen, och wann en drëtte Konsonant derbäikënnt:
gëllen/et gëllt; Allerhellegen/Allerhellgen
  • Verben
    • a) D’Verbe konjugéiere sech nom lëtzebuergeschen an net nom däitschen Infinitiv:
finden/fannen - du fënns; fallen/falen - du fäls;
  • b) D’Verben: sinn, hunn, ginn, goen, stoen an doen, ginn net méi als Ausnam behandelt, mä schreiwe sech wéi all déi aner Verben no der allgemenger Regel "an enger betountener Silb steet en dueble Konsonant no kuerzem Vokal":
ech sinn, du bass, hien ass, ech hunn, dir hutt, dir gitt, gëff ... asw.;
  • c) Stëmmlos Konsonante ginn ëmmer an der staarker Versioun geschriwwen, egal wat fir e Konsonant an der Wuertwuerzel steet (anescht wéi déi allgemeng Regel).
  • w/f: schreiwen, schreift;
  • d/t: bieden/biet;
Also: Buedzëmmer, awer: buet dech, buet iech.
  • Bei den zesummegesatene Wierder, esouguer bäi deene mat engem Iwwerganks "s", gëtt de laange Vokal net verduebelt:
Alstad, Urgrousspapp, ofhängeg, kalbliddeg
Schofspelz, Kathedralstierm, Konveniatsiessen
  • Franséisch Wierder
  • Den "^" op de Vokale virun engem Nasal-Konsonant gëtt ofgeschaaft:
Camion, Timber, Member
  • De lëtzebuergesche Pluriel "en" + "er" gëtt am Prinzip ugehaangen nodeems de franséische Pluriel "s", "e", "x" wechgelooss ginn ass:
Bijouen, Camionen
Den Endungs- "s" am Singular bleift erhalen:
Coursen, Abusen, Jusen
  • Franséisch Wierder mat stommem Endungs- "e" kréien am Fall vun der Eifeler-Regel en "ë":
D’Corbeillë fëllen; Chancëgläichheet
  • De Pluriel vun den zesummegesatene Substantiven: Dat éischt Wuert grouss; Trait d’unionen tëschent de Wierder; dat lescht Wuert kritt de lëtzebuergesche Pluriel:
Chargé-de-coursen; Point-de-vuen, Procès-verbalen

[Änneren] Links

[Änneren] Intern

[Änneren] Extern

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com