Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Lëtzebuergesch Dictionnairen - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Lëtzebuergesch Dictionnairen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Déi éischt Lëtzebuerger Dictionnairen ware Sammlunge vu Lëtzebuergesche Wierder, déi op däitsch (oder franséisch) iwwersat an erkläert goufen.

Deen éischte Dictionnaire vum Lëtzebuergschen, de Lexicon der Luxemburger Umgangssprache vum Jean-François Gangler, koum 1847 eraus. Den 19. Februar 1897 huet d'Chamber e Gesetz gestëmmt, dat eng Dictionnairescommissioun an d'Liewe geruf huet behufs Sammlung und Aufzeichnung unseres nationalen Sprachschatzes. D'Aarbechte vun dëser Commissioun, déi ufanks aus 7, dono aus 10 Membere bestanen huet, hu sech 1906 am Wörterbuch der Luxemburger Mundart konkretisiéiert.

1935 gouf eng nei Dictionnairescommissioun ernannt, déi am Kader vun der Sproochesektioun vum Institut Grand-Ducal geschafft huet. 1948, no der Ënnerbriechung duerch d'Krichsjoeren, gouf se nei ernannt an huet hir Aarbecht nees opgeholl. 1950 kunnt si den éischte Facicule vum bis ewell gréissten Dictionnaire vum Lëtzebuergeschen, dem Luxemburger Wörterbuch (1950-1977) virleeën. Dëse gouf 1995 als Nodrock an 2 Bänn ënnert dem Numm Lëtzebuerger Dixionär nei opgeluecht, gouf awer 1997 aus dem Verkaf gezunn, nodems déi onkritesch Sammlung vun antisemitesche Spréchelcher ënnert dem Lemma Judd staark kritiséiert gi war. En dierf awer nach fir wëssenschaftlech Zwecker bestallt ginn.

1998 gouf de Conseil permanent de la langue luxembourgeoise gegrënnt, deen ë.a. domatter chargéiert gouf, un engem neien Dictionnaire ze schaffen. Basis soll d'Lëtzebuerger Handwierderbuch sinn, dat da spéider verdéift soll ginn.

An den 1970er Joeren sinn déi éischt Dictionnairen an d'Lëtzebuergescht, vum Däitschen, dunn vum Franséischen, op de Maart komm. Méi spéit koumen, meescht zweesproocheg, Portugisesch-, Englesch-, Hollännesch-, Italienesch-, Ungaresch- a Rumänesch-Lëtzebuergesch Dictionnairen derbäi.

[Änneren] Lëscht vun Dictionnairen

  • Jean François Gangler: Lexicon der Luxemburger Umgangssprache, wie sie in und um Luxemburg gesprochen wird, mit hochdeutscher und französischer Übersetzung und Erklärung, Lëtzebuerg 1847.
  • Wörterbuch der Luxemburger Mundart, Lëtzebuerg 1906.
  • Luxemburger Wörterbuch. 22 Fasciculen oder 5 Bänn, Lëtzebuerg 1950-1977. Nei opgeluecht (Nodrock) 1995 an 2 Bänn ënnert dem Numm Lëtzebuerger Dixionär.
  • Henri Rinnen, Will Reuland: Kleines Deutsch-Luxemburgisches Wörterbuch. Lëtzebuerg 1973 (10 Oploen).
  • Portugiesesch-Lëtzebuergeschen Dictionnaire portugais-luxmbourgeois/Dicionário português-luxemburgês. Lëtzebuerg, Lycée Michel-Rodange, ëm 1980 (Neioplo 2003).
  • Henri Rinnen: Dictionnaire français-luxembourgeois. Lëtzebuerg 1988.
  • Jacqui Zimmer: 6000 Wierder op Lëtzebuergesch. Zënter 1993 + CD (6 Sproochen)
  • Jul Christophory (éd.): English-Luxembourgish dictionnary. Esch-Uelzecht 1996.
  • Theo Van Dijk: Dictionnaire Lëtzebuergesch-Hollännesch. CLAE; Lëtzebuerg 1998.
  • M.-Th. Kroemmer, J. Hansen, L. Roth: Mosaik-Steng. Eis Sprooch, Extraserie, Lëtzebuerg 2000.
  • Cornelia Pantea-Keintzel: Wierderbuch Lëtzebuergesch-Ungaresch / Magyar-Luxemburgi Szótár. Lëtzebuerg 2001.
  • Cornelia Pantea-Keintzel: Wierderbuch Lëtzebuergesch-Rumänesch. Bukarest 2002.
  • Maria-Luisa Caldognetto, Jos Boggiani: Lëtzebuergesch-italieneschen Dictionnaire. CLAE, Lëtzebuerg 2003.
  • Liette Dermann-Loutsch: Deutsch-luxemburgisches Wörterbuch. Lëtzebuerg 2003.
  • Jérôme Lullig, François Schanen: Dictionnaire bilingue Lëtzebuergesch > Franséisch. Esch-Uelzecht 2004 (2. Oplo 2005).
  • Liette Dermann-Loutsch: Dictionnaire français-luxembourgeois. Lëtzebuerg, Editions Saint-Paul, 2006.

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com