Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Geschicht vun der Sproochwëssenschaft zu Lëtzebuerg - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Geschicht vun der Sproochwëssenschaft zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Dësen Artikel befaasst sech mat der Geschicht vun der Sproochwëssenschaft zu Lëtzebuerg.

D'Ufänk dovunner ginn an d'19. Joerhonnert zeréck, wou Lëtzebuerg op eemol als eegene Staat do stoung (kuckt: Geschicht vu Lëtzebuerg), an déi zoustänneg Instanzen hu misse geschafe ginn. Gläichzäiteg waren d'Iddien aus der Romantik populär, datt zu engem "richtege" Staat och eng "eege" Sprooch gehéiere giff. Domatter gouf fir d'éischt iwwerhaapt dat, wat bis dohinner zu Lëtzebuerg just geschwat, awer ni geschriwwe gouf, neemlech d'Lëtzebuergescht, als Géigestand vun der Fuerschung, mee och als Medium fir d'Literatur, entdeckt (kuckt den Artikel Literatur zu Lëtzebuerg).

Déi éischt Publikatioun, déi sech mam Lëtzebuergeschen ausenaner gesat huet, war dem Mathias Hardt säi Vocalismus der Sauermundart vun 1843. Knapps 5 Joer dono koum deen éischte Versuch vun engem Dictionnaire iwwer d'Lëtzebuergescht eraus, dem Jean-François Gangler säi Lexicon der Luxemburger Umgangssprache, wie sie in und um Luxemburg gesprochen wurde (1847)). An déi selwecht Period fält och dem Peter Klein seng Die Sprache der Luxemburger, e flamboyante Plädoyer fir d'Däitsch (zu deem en d'Lëtzebuergesch zielt), a géint d'Franséisch.

An der zweeter Halschent vum 19. Joerhonnert gouf d'Sproochfuerschung verdéift, an och Gebidder wéi d'Studéiere vu Gebräicher a vun den Uertschafts- a Flouernimm mat erbäigeholl. Den Edmond de la Fontaine z.B., bekannt fir seng Operetten, huet och Spréchwierder, Kannerreimer, Seechen a Legende gesammelt an dës publizéiert, an och iwwer al Gebräicher zu Lëtzebuerg e Buch geschriwwen. Och den Nicolas Gredt huet 1883 e Sagenschatz des Luxemburger Landes erausginn, a vum François Follmann a Martin Schweisthal koume Fuerschungen iwwer Luxemburger Mundarten eraus.

Parallel dozou koumen déi éischt Fachzäitschrëften eraus: an den 1870er Joeren d'Publications de la Section historique de l'Istitut Grand-ducal, an den 1880er d'Vaterland, an an den 1890er Ons Heemecht. Das Luxemburger Land, "Organ für vaterländische Geschichte, Kunst und Literatur", koum tëschent 1882 an 1886 eraus.

Dem René Engelmann seng Fuerschugen iwwert de Vokalismus der Viandener Mundart (1910) kënnen als éischt wëssenschaftlech Etude vum Lëtzebuergesche ugesi ginn. Eng éischt Grammatik ass dem Antoine Bertrang seng Grammatik der Areler Mundart vun 1921.

Ëm d'Joerhonnertwenn sinn och Sproochgesellschaften entstanen, wéi deen 1894 gegrënnte Verein für Luxemburger Geschichte, Litteratur und Kunst, deen déi ernimmten Heemecht erauginn huet. Dëse Veräin huet an de Joren dono e Subsid vum Staat kritt dans l'intrêt de la conservation et de l'étude de l'idiôme luxembourgeois; d'Resultat war d'Wörterbuch der Luxemburger Umgangssprache vun 1906. Schonn deemools war eng vun den Haaptmotivatiounen, d'Lëtzebuerger "Sproochschätz" ze sammelen, well d'"Rengheet" an d'Ursprénglechkeet" duerch Léinwierder aus dem Franséischen an Däitschen a Gefor bruecht gi wier (Virwuert). Dësen Topos zitt sech wéi e roude Fuedem duerch eng Hellewull vu Publikatioune vum 20. Joerhonnert.

De 25. Oktober 1924 gouf d'Luxemburger Sprachgesellschaft gegrënnt, deeër hir Memberen eng ganz Rëtsch Publikatiounen zu ethnologeschen an onomasteschen Theme gemaach hunn. Virun allem hu se um Lëtzebuerger Dictionnaire matgeschafft, deem seng Viraarbechten Enn vun den 1930er Joren ofgeschloss waren, deen, wéinst dem Krich awer eréischt vun 1950 un erauskoum. D'Sproochgesellschaft ass duerch e Beschloss vun der Regierung zur Section de linguistique, de folklore et de toponymie vum Institut Grand-Ducal ëmbenannt ginn.

Déi meescht vun hinne waren och Member vun der Dictionnaires-Commissioun, déi, wéi se sech 1948 reconstituéiert huet, zesummegesat huet aus dem Joseph Tockert (President), Robert Bruch (Sekretär), Joseph Hess, Ernest Ludovici, Joseph Meyers, Hélène Palgen an Isi Comes.

De Robert Bruch soll besonnesch ervirgehuewe ginn, well en eng ganz Theorie iwwert d'Entstoe vum Lëtzebuergeschen opgestallt huet (déi um sougenannte "westfränkesche Krees" baséiert), déi en a senger Doktoratsthes Grundlegung einer Geschichte des Luxemburgischen verëffentlecht huet. Hien huet och ë.a. un engem Lëtzebuerger Sproochatlas geschafft an eng Grammaire vum Lëtzebuergesche geschriwwen.

Bis un d'Enn vun den 1960er Joeren huet d'sproochwëssenschaftlech Fuerschung zu Lëtzebuerg bal nëmme am Kader vun der Dialektologie geschafft, d.h. d'Lëtzebuergescht ass a senge Partikularitéiten an Ënnerscheeder zu aneren Dialekter am däitschen (oder "germanesche") Sproochraum definéiert a beschriwwe ginn. Ënnert dem Afloss vun der linguistescher Fuerschung vu soss doruechter ass awer no an no d'Sprooch als Kommunikatiounsmëttel an de Mëttelpunkt vum Intressi geroden: Et gouf analyséiert, wie wou wat mat wiem geschwat huet, wat zu Lëtzebuerg natierlech bedeit, dass d'Méisproochegkeet genee ënnersicht gouf, anereräit och d'sozial Aspekter vun der sproochlecher Kommunikatioun. Als Standardwierk fir de Fuerschungsstand zu deeër Zäit kinnt een dem Fernand Hoffmann säi Buch Sprachen in Luxemburg (1979) bezeechnen.

An den 1980er Joeren kunnt ee feststellen, dass auslännesch Universitéiten ugefaangen hunn, fir d'Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg z'intresséieren. Esou ginn et aus deer Zäit verschidde Licence-, Maîtrise-/Magister- an Dokteraarbechten dozou. Sproochwëssenschaftler wéi de Johannes Kramer zu Tréier oder Gerald Newton zu Sheffield hunn Aarbechte publizéiert oder, wéi den Otmar Werner zu Freiburg im Breisgau, Seminaren iwwert d'Lëtzebuergesch ugebueden. Ze ernimme sief op dëser Plaz och dem François Schanen seng Habilitatiounsschrëft iwwert d'Syntax vum Dialekt vu Schengen (Recherches sur la syntaxe du luxembourgeois de Schengen: l'énoncé verbal, 1980) vu bal 1.200 Säiten.

An den 1990er Joeren koum et fir d'éischt zu Lëtzebuerg zu enger - fir lëtzebuergesch Verhältnësser scho bal vehementer - wëssenschaftlecher Ausernanersetzung: De Sozilog Fernand Fehlen, dee de Fuerschungsprojet Baleine (eng groussugeluechten empiresch Analys vum Sproochgebrauch a Sproochkompetenz zu Lëtzebuerg) geleet huet, huet der "traditioneller" Sproochfuerschung virgeworf, d'sproochlech Realitéit zu Lëtzebuerg net vollstänneg z'erfaassen an d'Roll vum Franséischen als lingua franca net unz'erkennen. De Joseph Reisdoerfer, de Jean-Paul Hoffmann an de Guy Berg, déi an de Joere virdrun Fuerschungsaarbechte publizéiert haten, hu probéiert, dës Kritik als net méi zäitgeméiss ze widderleeën. 1997 koum et och zum Eklat ëm de Lëtzebuerger Dictionnaire deen no Protester wéinst der onkritescher Opzielung vun antisemitesche Spréchelcher beim Lemma Judd, iwwer 20 Joer, nodeems et publizéiert gouf, aus dem Verkaf huet misse ginn. E Joer drop gouf de Conseil permanent de la langue luxembourgeoise gegrënnt, an ë.a. dermatter chargéiert, en neien Dictionnaire iwwert d'Lëtzebuergeschr auszeschaffen.

[Änneren] D'Sproochfuerschung haut

[Änneren] Bibliographesches

  • Gerald Newton: Luxemburg/Rheinland. Eine Bibliographie zur Sprach- und Mundartforschung in chronologischer Anordnung (=Bulletin linguistique et ethnologique 25), Lëtzebuerg 1993. (Eng (bal) komplett Bibliographie zu allem, wat vu 1799 bis 1990 iwwert d'Thema publizéiert gouf)
  • Bibliographie courante de la littérature luxembourgeoise, Miersch: Centre national de litérature. (vun 1989 un; dat 1. Kapitel befaasst sech mat de Publikatiounen zu der Linguistik)

[Änneren] Kuckt och

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com