Michel Rodange
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Michel Rodange (* 3. Januar 1827 zu Waldbëlleg; † 27. August 1876 a Clausen (Stad Lëtzebuerg) war e lëtzebuergesche Schrëftsteller. Bekannt gouf e virun allem als Auteur vum Renert, enger Adaptatioun vum Goethe sengem Reineke Fuchs op Lëtzebuergesch.
De Michel Rodange war vun 1845 u Schoulmeeschter, fir d'éischt zu Steesel, duerno an der Fiels. An der Dikrecher Zeitung Der Wächter an der Sauer huet e seng éischt Gedichter op Däitsch publizéiert. 1854 huet hie sech mam Madeleine Leysen bestuet. Si kruten 10 Kanner, wouvunner der awer 6 scho fréi gestuerwe sinn.
Vun 1859 un huet de Michel Rodange als Kantonier zu Iechternach, Käerch a Wolz geschafft. Hien huet ugefaang sech mat däitscher, franséischer a griichescher Literatur auserneen ze setzen. 1872 koum säin Haaptwierk Renert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst eraus, dat awer ufanks kaum een an Uecht geholl huet. 1873 huet de Michel Rodange Congé vum Staatsdingscht geholl, fir beim Bau vun der Eisebunnslinn laanscht d'Sauer matzeschaffen. Mee hie war ëmmer méi mam Mo geplot. E gouf an d'Stad versat, wou en d'Schläifaarbechte vun der Festung Lëtzebuerg surveilléiert huet. August 1876 ass en, mat nëmmen 49 Joer, u senger Mokränkt verscheet.
Nieft dem Renert huet de Michel Rodange Lëtzebuerger an däitsch Geleenheetsgedichter, Dem Léiweckerche säi Lidd iwwer de Bauerestand an der Zäit vun der Industrie, d'lëschtegt Theaterstéck Dem Grof Sigfrid seng Goldkuemer an eng autobiographesch Chronik von Waldbillig geschriwwen. Dat meescht dovunner gouf eréischt no sengem Doud publizéiert.
[Änneren] Literatur
[Änneren] Editiounen
- Michel Rodange: D'Léierchen (Dem Léiweckerche säi Lidd). Facsimilé an Transcriptioun, Lëtzebuerg, Actioun Lëtzebuergesch, 1973.
- Michel Rodange: Gesamt-Wierk. Redigéiert vum Cornel Meder, Edi-Center J.P. Krippler-Muller, Lëtzebuerg 1974, 846 Säiten.
- Méchel Rodange: De Fuuss am Frack an a Maansgréisst. Komplett Éditioun mat historeschen a politeschen Explikatioune vum Romain Hilgert, Editioun Guy Binsfeld, 1987.