Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Antoine Meyer - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Antoine Meyer

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Den Antoine Meyer (* 31. Mee 1801 an der Stad Lëtzebuerg, † 29. Abrëll 1857) war e lëtzebuergesche Mathematiksprofesser an Auteur vun ë.a. dem éischte Buch op Lëtzebuergesch, E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus, dat 1829 erauskoum.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Liewen a Wierk

Den Antoine Meyer goung an der Stad an den Koléisch an dono op Léck fir Mathematik ze studéieren. 1832 mouch hien en Doktorat zu Léiwen a gouf 1849 Professer fir Mathematik op der Universitéit zu Léck.

Obwuel en déi meeschten Zäit an der Belsch verbruecht huet, kënnt him de Verdingscht zou, 1829 dat éischt Buch op Lëtzebuergesch geschriwwen ze hunn, E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus. D'Virwuert ass op de 4. September datéiert. Wéi de Johann Wolfgang von Goethe 1798 a senger Kantat Sängerwürde/Deutscher Parnaß, wollt och de Meyer e Schratt op de Lëtzebuerger Muse-Bierg Parnassos maachen. Domat huet en d'Fro opgeworf, ob deen neien, klengen Nationalstat net och eng eege kleng Nationalsprooch bräicht. Säi Buch kann een deemno an direkter Linn an déi romantesch Traditioun areien, wou den Intressi fir d'Vollekssprooch eng wichteg Roll gespillt huet.

Well dëst dat éicht Buch iwwerhaapt op Lëtzebuergesch war, huet de Meyer eng eegen Orthographie a Grammaire missen erfannen. 1832 huet hien zu Léiwen nach e klengt Bichelchen Jong vum Schrek op de' Letzeburger Parnassus, drécke gelooss, ma en huet geklot, datt nëmme 37 Leit et bestallt haten. Trotzdeem huet en 1845 seng Gedichter zesumme mat neien nach eng Kéier erausginn als Luxemburgische Gedichte und Fabeln. 1853 koum Oilzegt-Klang (Uelzecht-Klang) no an 1854 nach e kuerzt Règelbüchelchen vum Lezeburger Orthoegraf, déi all Kéiers an der Belsch erausgi goufen.

Am léifsten huet de Meyer Fabele geschriwwen, deenen hir Moral sech dacks mat de sozialen Ënnerscheeder beschäftegt huet. Ma en huet och Prosa an Drama probéiert an esouguer erotesch Gedichter wéi De' Pater an d'Non publizéiert. Et ass unzehuelen, datt Verse wéi déiheiten:

Dem pater seng haenn
Ob lïeveche' nennen,
Frei dohïer rennen,
Weit vum breviéer
Der goettlecher léer

mat ee vun de Grënn sinn, datt déi éischter konservativ Lëtzebuerger Literaturgeschichtsschreiwung sech léiwer net genuch ewéi zevill mam Meyer ofginn huet.

1851 koum säi 'berufflecht' Haaptwierk eraus, den Exposé élémentaire sur la théorie des intégrales définies. 1857 ass den Antoine Meyer gestuerwen.

[Änneren] Dem Meyer seng Publikatiounen op Lëtzebuergesch

  • E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus (1829)
  • Jong vum Schrek op de' Letzeburger Parnassus (1832)
  • Luxemburgische Gedichte und Fabeln (1845)
  • Oilzegt-Klang (1853)
  • Règelbüchelchen vum Lezeburger Orthoegraf (1854)

[Änneren] Biographie

  • Ulysse Capitaine: Nécrologe liégeois pour 1857: MEYER (ANTOINE)
  • Claude-Auguste Neyen: Biographie luxembourgeoise (1860): MEYER, Antoine
  • Alphonse Le Roy: Liber memorialis (1869): Meyer (ANTOINE)

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com