Theologie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Theologie (v. griich.: θεολογία, vun θεός, theós - "de Gott" bzw. θεά, theá - "d'Gëttin" an λόγος, lógos - hei am Sënn vun "d'Léier") ass wiertlech geholl d'Léier vu Gott, oder allgemeng d'Léier vu Glawenssystemer a Glawensdokumenter. Dacks ass mat deem Begrëff d'chrëschtlech Theologie gemengt.
D'Theologie versteet sech als wëssenschaftlech Ausernanersetzung mat de Grondlage vum Glawen. Anescht wéi munnesch Naturwëssenschafte geet d'Theologie gläichzäiteg vun der Onméiglechkeet vun engem reng objektiven, neutrale Standpunkt aus, virun allem an der Beschäftegung mam Glawen. Aus dësem Grond bekenne sech déi meeschten Theologen zu enger konkreter Konfessioun.