Spirou et Fantasio
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Spirou et Fantasio ass eng Comic-Serie aus dem Journal de Spirou.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geschicht
D'Serie gouf 1938 vum Robert Velter alias Rob-Vel fir de Start vum Journal de Spirou erfonnt, 1940 vum Jijé iwerholl, an zënter 1946 vum deemools nach jonken Zeechner André Franquin zu groussem Erfolleg gefouert.
De Franquin huet aus enger klenger Serie mat eenzelnen Gags a Kuerzgeschichten gréisser Abenteuer mat relativ komplexe Geschichte gemaacht. Nieft den Haaptpersonnage, dem fréiere Liftboy Spirou an dem Reporter Fantasio, huet de Franquin eng ganz Rei vun Niewepersonnage agefouert, wéi z.B. de Buergemeeschter vu Champignac, de verréckte Wëssenschaftler Zorglub, de Gaston Lagaffe, de Marsupilami, etc. De Gaston an de Marsupilami hunn spéider eege Serie kritt.
Fir méi Zäit fir seng nei Serie Gaston zu hunn, huet de Franquin d'Serie Spirou et Fantasio un de Jean-Claude Fournier iwerginn. Dunn hunn Nic & Cauvin se iwerholl, wat d'Oplag awer bestänneg fale gelooss huet, bis datt Tome & Janry d'Serie an den 80er Joren nees zum Erfolleg gefouert hunn. Si waren et och, déi d'Nieweserie Petit Spirou mam Spirou als Schoulbouf erfonnt hunn. Dat ass un sech net ganz korrekt, well bäim Rob-Vel gëtt de Spirou direkt als Erwuessene gebuer a mat engem Schotz Seltzer Sprudel zum Liewe erwecht.
Kierzlech ass d'Serie vum Jean-David Morvan a vum José-Luis Munuera iwerholl ginn.
[Änneren] Personnagen
Chronologesch, esou wéi se an der Serie opgedaucht sinn:
- Spirou.
- Spip, e stommt Kaweechelchen, wat dofir awer net manner denkt.
- Fantasio, gudde Kolleg vum Spirou.
- De Buergemeeschter vu Champignac, deen erstaunlech Metphore a senge Riede gebraucht.
- De Grof vu Champignac (Pacôme Hégésippe Adélard Ladislas), Erfinder.
- Zantafio, dem Fantasio säi Coseng, huet praktesch keng Skrupelen.
- De Marsupilami, a marsupial mat immens laangem Schwanz, ass a Palombien entdeckt ginn.
- D'Seccotine, dat mat richtegem Numm Sophie heescht, bréngt weibleche Charme an Intelligenz an d'Serie.
- Gaston Lagaffe.
- Zorglub, verréckten a megalomanen Erfinder, deen am Fong sentimental ass.
- Don Vito Cortizone, déi perfekt Karikatur vun engem Mafiapaten, deen vun ongleewlechem Pech verfollegt ass.
[Änneren] Albumen
[Änneren] Jijé
- 1. Quatre aventures de Spirou et Fantasio (Spirou et les plans du robot (1948), Spirou sur le ring (1948), Spirou fait du cheval (1949) et Spirou chez les Pygmées (1949))
- 2. Il y a un sorcier à Champignac (1951) (Zeechnungen vum Franquin; éischt Apparitioun vum Buergemeeschter a vum Grof vu Champignac)
[Änneren] André Franquin
- 3. Les Chapeaux noirs (1952), duerno Comme une mouche au plafond, Spirou et les hommes-grenouilles a Mystère à la frontière
- 4. Spirou et les héritiers (1952) (Apparitioun vum Zantafio a vum Marsupilami))
- 5. Les voleurs du Marsupilami (1952)
- 6. La corne de rhinocéros (1953) (gouf am Journal de Spirou "Spirou et la Turbotraction" genannt; Apparitioun vum Seccotine)
- 7. Le dictateur et le champignon (1953)
- 8. La mauvaise tête (1954)
- 9. Le repaire de la murène (1955)
- 10. Les pirates du silence (1956)
- 11. Le gorille a bonne mine (1956)
- 12. Le nid des marsupilamis (1957)
- 13. Le voyageur du mésozoïque (1957)
- 14. Le prisonnier du Bouddha (1959)
- 15. Z comme Zorglub (1960) (Apparitioun vum Zorglub)
- 16. L'ombre du Z (1960)
- 17. Spirou et les hommes-bulles (1961)
- 18. QRN sur Bretzelburg (1963) (am Ufanksprojet sollt de Zorglub dra virkommen, mee de Charles Dupuis war dergéint; koum ganz onregelméisseg a Spirou eraus, well de Franquin an deer Zäit depressiv war; dësen Album koum eng éischte Kéier ënnert dem Numm QRM sur Bretzelburg eraus, mee well Radio-Amateuren insistéiert hunn, huet de Franquin den Titel a spéideren Editiounen geännert )
- 19. Panade à Champignac (1968)
[Änneren] Jean-Claude Fournier
- 20. Le faiseur d'or (1970)
- 21. Du glucose pour Noémie (1971)
- 22. L'abbaye truquée (1972)
- 23. Tora Torapa (1973)
- 24. Tembo Tabou (1974)
- 25. Le gri-gri du Niokolo-Koba (1974)
- 26. Du cidre pour les étoiles (1977)
- 27. L'Ankou (1978), gläichzäiteg op franséisch an op breton erauskomm (An Ankou)
- 28. Kodo le tyran (1979)
- 29. Des haricots partout (1980)
[Änneren] Nic & Cauvin
- 30. La ceinture du grand froid (1983)
- 31. La boîte du silence (1983)
- 32. Les faiseurs du silence (1984)
[Änneren] Tome & Janry
- 33. Virus (1984)
- 34. Aventure en Australie (1985)
- 35. Qui arrêtera Cyanure? (1985)
- 36. L'horloger de la comète (1986)
- 37. Le réveil du Z (1986)
- 38. La jeunesse de Spirou (1987)
- 39. Spirou à New-York (1987)
- 40. La frousse aux trousses (1988)
- 41. La vallée des bannis (1989)
- 42. Spirou à Moscou (1990)
- 43. Vito la Déveine (1991)
- 44. Le rayon noir (1993)
- 45. Luna fatale (1995)
- 46. Machine qui rêve (1998)
[Änneren] Jean-David Morvan et José-Luis Munuera
- 47. Paris-sous-Seine (2004)
[Änneren] Hors-sérien
- L'héritage, mat le Tank (Franquin), l'Héritage (Franquin, 1946).
- Radar le robot, mat La maison préfabriquée (Franquin a Joseph Gillain, 1946), Radar le robot (Franquin, 1947) a le Homard (Franquin, 1957).
- La voix sans maître et 5 autres aventures, mat Contributioune vum Rob-Vel (La naissance de Spirou [1938] ; Spirou et la puce [1943]), vum Franquin (Fantasio et le siphon [1957]), vum Nic (Le fantacoptère solaire [1980]) vun Tome a Janry (La voix sans maître [1981], la Menace [1982], la Tirelire est là [1984],Une semaine de Spirou et Fantasio [2001]).
- Fantasio et le fantôme et 4 autres aventures, mat Contributioune vum Jijé (Fantasio et le fantôme [1946]), vum Franquin (la Zorglumobile [1976], Noël dans la brousse [1949], Fantasio et les pantins téléguidés [1957]), de Yves Chaland (Cœurs d'acier [1982] a vum Fournier (Vacances à Brocéliande [1973], Joyeuses Pâques, Papa ! [1971]).