Schrëftrulle vum Doudege Mier
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Bei de Schrëftrulle vum Doudege Mier, och Schrëftrulle vu Qumran genannt, handelt et sech ëm eng Rei Pergamenter, déi 1947 vu Beduinen an 11 Hielen an der Géigend vu Qumran, am Jordan-Dall direkt beim Doudege Mier, fonnt goufen. Si ziele mat zu den eelste Schrëftstécker vun der Welt.
De 29. November 1947, engem historeschen Dag fir Israel, deem vun der Deelung vu Palestina duerch d'UNO, huet de Professer A. Sukenik vu Jerusalem déi wichteg Entdeckung vun dëse Manuskripter ugekënnegt an dobäi op hiren aussergewéinleche Wäert fir d'ganz Mënschheet higewisen.
[Änneren] Méi genee Informatiounen iwwert d'Schrëftrulle vu Qumran
Bei de Rulle vu Qumran handelt et sech ëm d'Wierker aus de Bibliothéike vu Jerusalem, déi am Laf vun der Invasioun vun de Réimer, 66-70 n. Chr., a Sécherheet bruecht goufen an do verstoppt si ginn. Den eelste bibleschen Text ass e Fragment aus dem Buch vum Samuel a geet op d'Enn vum 3. Joerhonnert v.Chr. zeréck. Dësen eelsten hebräeschen Text, dee weltbekannt ginn ass, gouf a 54 Kolonnen op gebitzte Pergamentrulle geschriwwen an huet eng Längt vu 7,30 m.