Ronnschwanzséikéi
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||
---|---|---|---|---|---|
Ronnschwanzséikou | |||||
Klassesch Klassifikatioun | |||||
Räich : | Déiereräich | ||||
Stamm : | Chordata | ||||
Klass : | Mamendéieren | ||||
Ënnerklass : | Héijer Mamendéieren | ||||
Uerdnung : | Séikéi | ||||
Famill : | Ronnschwanzséikéi | ||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||
Trichechidae | |||||
Aarten | |||||
|
Eng Ronnschwanzséikou (Famill vun den Trichechidae) ass e grousst Mamendéier aus dem Mier, wat och, no sengem engleschen Numm, Manati, oder einfach Séikou genannt gëtt.
[Änneren] Beschreiwung
D'Trichechidae ënnerscheede sech vun den Dugongidae duerch d'Form vun hirem Kapp respektiv hirem Schwanz. De Schwanz vun enger Ronnschwanzséikou gläicht engem Paddel, bei den Dugongidae ass et éischter eng Forschett. D'Ronnschwanzséikou ass e Planzefriesser ka bis zu 4,5 Meter laang ginn.
[Änneren] Liewensraum
Ze fannen si Ronnschwanzséikéi virun de Küste vun Nord-, Süd- an Zentralamerika, souwéi an der Karibik. Eng bestëmmten Aart lieft un der Westküst vun Afrika (Trichechus senegalensis), eng aner un der Ostküst vu Südamerika (T. inunguis) an zu gudder Lescht ass eng drëtt bei den Antillen doheem (T. manatus). Eng Ronnschwanzséikou verbréngt seng Zäit haaptsächlech an de nidderege Gewässer an ass souwuel am Séiss- wéi am Mierwaasser doheem. Fréier gouf d'Ronnschwanzséikou wéinst hirem Ueleg an hirem Fleesch gejot, mee ass haut awer gesetzlech geschützt.
D'Ronnschwanzséikou vun den Antillen steet op der Rouder Lëscht. Obschonns si keng natierlech Feinden huet, sou huet dach d'Ausbreedung vum Mënsch hir geschuet, well hiren natierleche Liewensraum ëmmer méi zerstéiert gouf.
Ronnschwanzséikéi begéine sech dacks ronderëm Elektrizitéitswierker, well do d'Waasser méi waarm ass. Mëttlerweil si se ofhängeg vun dëser kënschtlecher Hëtzt ginn, an hunn opgehal a méi waarm Gewässer ze wanderen, well et jo op der Plaz dauernd neit waarmt Waasser gëtt.
[Änneren] Systematik
Et ginn dräi Aarten vu der Ronnschwanzséikou:
- d'Karibik-Manati (Trichechus manatus)
- de Floss-Manati (Trichechus inunguis)
- den Afrikanesche Manati (Trichechus senegalensis)
Si geheiren allen dräi zur Gattung Trichechus.