Wikipedia:Nummkonventiounen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Allgemenges
- Setzt keng Artikelen (En, eng, den, d' ) virun den Numm, ausser wann en integral zum Numm gehéiert (z.B. bei engem Buch- oder Filmtitel);
- Keng Méizuel am Artikelnumm: schreift Klauschter an net
Klauschteren. Als Ausnam gëllen hei natierlech Wierder, déi et an der Eenzuel net gëtt, zum Beispill d'Balearen, etc. Eng weider Ausnam sinn d'Klassen an d'Famille bei der Klassifikatioun vun den Déieren, déi no wëssenschaftlecher Konventioun ëmmer an der Méizuel sinn. - Fir d'Ofkierzunge soll den Artikel den ausgeschriwwenen Numm hunn (Vereenegt Staate vun Amerika). Setzt e #REDIRECT bei der gängeger Ofkierzung (USA) op den ausgeschriwwenen Artikel-Titel.
- Bei den Titelen, déi aus Initiale bestinn, schreift keng Punkten. Also schreift net N.A.T.O., mee NATO.
- Den Titel soll op de Sujet hiweisen. Wann dir zum Beispill elo iwwer d'Geographie vu Spuenien schreiwe wëllt, sou nennt ären Artikel Geographie vu Spuenien an net einfach Geographie.
- Handelt et sech ëm e Wierk, sou soll dem Auteur seng Schreifweis respektéiert ginn (zum Beispill eXistenZ an net Existenz).
- Bei Transskriptioune vun Nimm an net-laténgesche Schrëften hale mer eis un déi däitsch Transskriptiounen, well dës dem Lëtzebuerger Schrëftbild am nootste sinn. Beispill: Michail Sergejewitsch Gorbatschow. Ginn et "exotesch" Accenten, da gëtt e Redirect vum Stéchwuert ouni Accent op den Artikel, dee mat de "Sonnerzeeche" lemmatiséiert gëtt, gemaach: Kenzaburo Oe redirect -> Kenzaburō Ōe. Dat gëllt och fir Nimm a Sproochen, déi d'laténgescht Alphabet benotzen, mee bei äis net gebräichlech diakritesch Zeechen hunn: Jiri Kodet redirect -> Jiří Kodet, oder wou den Accent dacks vergiess gëtt: Pedro Alvodovar redirect -> Pedro Almodóvar.
- Joren: 1899 an -425.
- Jorhonnerten: 5. Joerhonnert v. Chr. an 15. Joerhonnert.
- Folgend Zeeche sinn net am Titel erlaabt: & " # $ * + < > = ? @ [ ] \ ^ ` { } | ~ ;
- Klamere sollen nëmmen a Fäll vun Homonymie benotzt ginn.
[Änneren] Bei Nimm
[Änneren] Nimm vun Uertschaften
1. Lëtzebuergesch Uertschaften stinn ënnert hirem Lëtzebuereschen Numm: Beispill: Ëlwen.
2. Uertschafte soss uechtert d'Welt stinn ënnert hirem Numm, wéi se do genannt ginn, wou se leien: Beispill: Xouaxange.
3. Ausnamen:
Uertschaften, déi e gebräichleche lëtzebuergeschen Numm hunn, deen anescht ass, wéi an der Landessprooch, ginn ënnert deem Numm gefouert. Beispill: Lonkech, mee et gëtt e Redirect vum Numm an der Landessprooch op dee vum Artikel: Longwy.
4. Spezialfall: Wann et méi wéi een offiziellen Numm gëtt, gëtt e Redirect vun deene verschiddene Varianten op eng Säit ugeluecht, déi (an alphabetescher Reienfolleg) déi verschidden Nimm huet. Beispill: Auderghem an Oudergem hunn e Redirect op Auderghem - Oudergem (D'Regioun Bréissel ass offiziell zweesproocheg fanséisch-hollännesch, béid Nimm wiere "gläich richteg").
[Änneren] Nimm vu Leit
1. Grondsätzlech gëllt Virnumm_Numm, deemno, als Beispill: Michel Rodange.
2. En zesummegesatene Virnumm gëtt mat Bindestréch geschriwwen: Jean-Claude Juncker.
3. All d'Virnimm aus dem Etat civil kënnen zwar am fettgedréckte Lemma vum Artikel stoen, mee net am Numm vum Artikel selwer. Ofkierzunge vu Virnimm ginn ausgeschriwwen, et sief, d'Persoun ass just ënnert der Kuerzform bekannt: Mars Klein, Tun Deutsch, D. H. Lawrence. Am Zweifelsfall soll een e Redirect vun der Variant mam Kuerznumm op déi mam ausgeschriwwenen Numm maachen. Am fettgedréckten Titel vum Artikel steet dann z.B.: De Jean-Pierre(Jemmy) Koltz, gebuer..."
4. Bestuete Frae stinn ënnert hirem Gebuertsnumm; e Redirect vun hirem Numm nom Bestiednes ass recommandéiert, virun allem, wann s'ënnert deem méi bekannt sinn. Beispill: Aline de Saint-Hubert huet e Redirect vun Aline Mayrisch an Aline Mayrisch-de Saint-Hubert aus.
5. Si Leit sougutt wéi nëmmen ënnert hirem Pseudonym bekannt, dann ass den Artikel ënnert deem ze lemmatiséieren. De "Gebuertsnumm" gëtt da just am Artikel selwer ernimmt. Beispill: Jean Gabin. Gëtt e Pseudonym just geleeëntlech vun enger Persoun gebraucht, déi och ënnert hirem eegenen Numm bekannt ass, da steet se ënnert hirem Numm, an de Pseudonym mécht e Redirect op dësen: Siggy vu Lëtzebuerg -> Lucien König
6.Peepst gi mat "Numm_Uerdnungszuel a laténgeschen Zuelen. (Poopst)" lemmatiséiert, also z.B. Urban III. (Poopst), Jean-Paul II. (Poopst), asw. Bei Virnimm, wou déi däitsch an déi franséisch Variant ënnerschittlech sinn, musse Redirecter dofir hierhalen, dass et am Lëtzebuergesche keng schrëftlech Traditioun, an deemno och keng kloer Preferenz fir déi eng oder ander gëtt. (Beispill: Benedikt V. (Poopst) a Benoît V. (Poopst))
7. Bei Monarchen a soss Adeleger (Prënzen, Herzogen, ...) fuere mer nom Prinzip "Numm_vu(n)_Territoire", deemno Henri vu Lëtzebuerg, Louis XIV. vu Frankräich, asw. Och hei ass d'Sprooch vum Numm eng quokelesch Saach; prinzipiell ginn z.B.franséisch Kinnike mat hirem franséischen Numm ugefouert a portugisescher mat hirem portugiseschen, mee bei Herrscher iwwer méisproocheg Territoirë, wéi dat z.B. bei deenen, déi virum 20. Joerhonnert zu Lëtzebuerg Här a Meeschter waren, de Fall ass, ass Pragmatismus (d.h. Redirect-Geknéchels) déi eenzeg Léisung. Well et huet kee Sënn, wëllen ze determinéieren, ob elo Karel IV., Karl IV., Charel IV. oder Charles IV. "méi richteg" ass.
Dat schéngt op den éischte Bléck alles fuerchtbar komplizéiert, dofir, fir mat enger einfacher Iddi ofzeschléissen:
1. Ëmmer iwwerleeën: No wat gëtt am éischte gesicht?
2. Léiwer ee Redirect zevill wéi een net genuch. Da kann een esou falsch net leien!
Iwwregens:
E Redirect leet een un, entweder, andeems een d'Säit réckelt (einfach Knäppchen drécken: "Säit réckelen" an uginn, firwat) oder eng nei Säit uleet, op déi ee schreift: #REDIRECT: [[Aneren_Numm]].