Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Aline de Saint-Hubert - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Aline de Saint-Hubert

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

D'Aline Mayrisch de Saint-Hubert op engem Käppchen, deen d'Lëtzebuerger Post 1999 zu hiren Éiren rausbruecht huet
Vergréisseren
D'Aline Mayrisch de Saint-Hubert op engem Käppchen, deen d'Lëtzebuerger Post 1999 zu hiren Éiren rausbruecht huet

D'Aline de Saint-Hubert (* 22. August 1874 an der Stad Lëtzebuerg; + 20. Januar 1947 zu Cabris, a Frankräich) war eng lëtzebuergesch Förderesch vu Konscht a Literatur. Als Fra vum Émile Mayrisch ass si och ënnert dem Numm Aline Mayrisch oder Aline Mayrisch-de Saint-Hubert bekannt.

Dem Aline de Saint-Hubert seng Famill kënnt vun Dikrech, an hat en Holzgrousshandel an der Stad. Tëschent 1889 an 1890 ass si Schülerin am Pensionat "Sartorius" zu Bonn. Matt 20 Joer bestued se sech mam Émile Mayrisch. D'Koppel huet 2 Kanner: de Jean, deen als Puppelche stierwt, an d'Andrée (1901-1977).

1895 gëtt d'Aline Mayrisch Membre protectrice vun der belscher satiresch-kritescher Wochenzäischrëft Pan, an 1898 Mataarbechterin vun der Avant-garde-Revue L'Art Moderne vu Bréissel. An deeër Revue verëffentlecht se en Artikel iwwer dem André Gide säi L'immoraliste. 1902 gëtt se Mattaarbechterin vum Jahrbuch für bildende Kunst.

Mee och op sozialem Plang huet d'Aline Mayrisch-de Saint-Hubert sech staark engagéiert: 1906 huet se mat d'Association pour les Intérêts de la Femme gegrënnt, déi deenen Äermste gehollef huet an de Meedecher eng Schoulbildung erméiglecht huet. Si huet och matgewierkt, dass de Meedecherslycée an der Stad, den haidege Lycée Robert Schuman, gegrënnt ginn ass.

Um Enn vum Éischte Weltkrich, an dono ëmmer méi, huet si zesumme mat hirem Mann zu Kolpech (wuer se 1920 geplënnert sinn), ënnert dem Numm Cercle de Colpach virun allem däitsch a franséisch Schrëftsteller, Politiker a Wëssenschaftler emfaangen, déi ënnerteneen räich Gespréicher konnte féieren. Hiert Haus zu Diddeleng, wou se virdrunn dra gewunnt hunn, hu s'an e Kannerheem (d'Fondatioun Kräizbierg) transforméiere gelooss.

1928 stierft hire Mann stënterlech bei engem Autosaccident. Am selwechte Joer gëtt d'Aline de Saint-Hubert Vizepresidentin vum Roude Kräiz, an 1933 Presidentin. Si huet och aner gemengnëtzeg Organisatioune matt an d'Liewe geruff, wéi d' Ligue contre la Tuberculose, d' Ligue Anticancéreuse, oder déi éischt Crèche zu Esch-Uelzecht. Och de Bau vun der Maternité an der Stad ass op hiert Wierken hin zeréckzeféieren.

1937 huet se 9 Priedegten an 3 Legende vum Meeschter Eckhart iwwersat.

1939 ass d'Aline de Saint-Hubert op Cabris, a Südfrankräich, geplënnert, wou se 7 Joer méi spéit gestuewen ass. Hiert Schlass zu Kolpech huet se dem Roude Kräiz, zesumme mat engem Pak Aktien, testamentaresch vermaach. Do ass se am Park, niewent hirem Mann, begruewen.

Am September 2001 huet de Lycée Aline Mayrisch um Geessekneppchen seng Dieren opgemaach.

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com