Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Mohammed-Karikature vu Jyllands-Posten - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Mohammed-Karikature vu Jyllands-Posten

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Als Mohammed-Karikature gouf eng Serie vun zwielef satireschen Zeechnungen bekannt, déi den islamesche Reliounsstëfter Mohammed zum Thema huet, an déi den 30. September 2005 vun der dänescher Dageszeitung Jyllands-Posten verëffentlecht gouf. Dës relativ banal Karikature ware geduecht als Suite vun engem Artikel iwwer d'Selbstzensur a Beschneidung vun der Presse- a Meenungsfräiheet. A muslimesche Länner koum et doropshin zu onkontrolléierte Manifestatiounen, déi ganz séier an economesch Boykotter an eng ganz Rei brutal Iwwergrëff matt Waffegewalt géinteniwwer den Institutiounen a Bierger vun Europa ausgeart sin. Dës intolerant Haltung, déi vun Islamisten nach kënschtlech opgepeitscht gouf, huet de Gruef tëscht dem säkuläre Westen an der islamescher Welt weider verdéift.


Säit 3 vun der Kultursektioun, Jyllands-Posten Editioun vum 30/09/05
Vergréisseren
Säit 3 vun der Kultursektioun, Jyllands-Posten Editioun vum 30/09/05

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Hannergrond

Nodeems datt den dänesche Jugendbuchauteur Kore Bluitgen sech beklot hat, datt keen Zeechner wéilt säin neitstent Kannerbuch iwwert d'Liewe vum islamesche Prophéit Mohammed illustréieren, aus Angscht se kéinte grad esou vun islamesche Fanatiker ëmbruecht ginn wéi den hollännesche Filmmécher Theo van Gogh, huet Jyllands-Posten dee Fall opgegraff. D'Zeitung huet bei der Vereenegung vun den däneschen Zeitungskarikaturisten nogefrot, op da wierklech kee vun hire Memberen de Mohammed zeechne wéilt.

Eraus koumen zwielef satiresch Zeechnungen zum Thema, déi Jyllands-Posten den 30. September 2005 verëffentlecht huet fir domadder oppen d'Selbstzensur vun de Medien unzeprangeren.

Dänesch Imame vum Islamisk Trossamfund sinn am November an Dezember 2005 op eng Rees an islamesch Staate gaangen, fir do Reaktiounen opzestëppelen. Am Gepäck hate si en Dossier an deem net nëmmen déi vun der Zeitung verëffentlecht zwielef Karikature waren, mee nach dräi weiderer, déi fir hiren Deel effektiv obszön sin, mee nimols an de Medien ze gesin waren (de Mohammed als Pädophilen an als Schwäin an en Hond deen e Biedende bespréngt). Dobäi hu se och ouni ze zécken gelunn se géifen 21 verschidden muslimesch dänesch Organisatiounen an Dänemark vertrieden an hir eegen Organisatioun hätt 200.000 Memberen - a Wierklechkeet stonge se awer just eenzeg an eleng fir hiren "Islamisk Trossamfund", dee manner wéi 15.000 Ageschriwwener huet a vun deenen nach nëmmen eng 500 bis 1000 zum Freidesgebiet ginn.

[Änneren] Gewaltsam Onrouen an Iwwergrëff

D'Äntwert vun de Muselmanen huet net laang op sech waarde gelooss, éischt Muerddreeunge si bäim Blat agaangen, 3000 Mohammedaner sinn an Dänemark op d'Strooss gaangen, am Kaschmir gouf gestreikt, Protesterklärunge koume vum tierkesche Premier Erdogan, vun der Organisatioun vun der Islamescher Konferenz a vun der Arabescher Liga, Lybien a Saudi-Arabien hunn hir Ambassadeuren zeréckgeruff. Jyllands-Posten berifft sech an enger Stellungnam op d'europäesch Gesetzgebung, déi Gottseidank d'Press- a Meenungsfräiheet garantéiert, a gesteet am Numm vun deene Fräiheeten dem islamesche Fundamentalismus net d'Recht zou, den däneschen Zeitungen ze diktéiere wat se nach drécken däerfen a wat net.

Eng Abberzuel vun islamesche Staaten hunn den Totalboykott vun däneschen an norwegesche Produkter duerchgesat an d'Situatioun an der arabescher Welt ass komplett eskaléiert wéi déi palästinensesch Al-Aksa-Brigaden den EU-Büro an der Gaza-Sträif mat Handgranaten a Panzerfäischt gestiermt hunn. D'EU dreet mëttlerweil Saudi-Arabien mat Sanktiounen, sollt och hir Regierung de Boykott ënnerstëtzen. Fir all déi aner Staaten (dorënner d'Wahlgewënner Hamas a Palestina) goufen awer nach keng Sanktiounen an Aussiicht gestallt.

Den 3. Februar hunn zu Basra am Süde vum Irak Manifestanten, déi eigentlech Frankräich viséiert hate mee sech an de Faarwe geiert hun, um lëtzebuergesche Fändel ronderëmgetrëppelt. Eng formell Entschëllegung vun der irakescher Regierung ass awer ausbliwwen.

[Änneren] Solidaritéit an der europäescher Press

Éischt Säit vu France Soir vum 01/02/2006
Vergréisseren
Éischt Säit vu France Soir vum 01/02/2006

Déi norwegesch Zeitung Magazinet huet déi nämlecht satiresch Zeechnungen am Januar 2006 nogedréckt. Déi däitsch Welt an de franséische France Soir hun am Februar 2006 nogezunn an duerno koum eng ganz Abberzuel vu Presseorganer a ganz Europa, dorënner och den RTL Télé Lëtzebuerger, deen an enger Emissioun vum 3. Februar 2006 Ausschnëtter bruecht huet.

[Änneren] D'Karikaturen

D'Karikature weisen ënnert anerem de Mohammed un der Himmelspaart, dee Selbstmuerdbomber empfängt matt de Wierder "stop stop, mer hu keng Jongfrae méi" oder en Zeechner deen un engem Croquis sëtzt a stänneg an Angscht iwwert seng Schëller kuckt.

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com