Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Johann Sebastian Bach - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Johann Sebastian Bach

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Johann Sebastian Bach
Vergréisseren
Johann Sebastian Bach

De Johann Sebastian Bach, gebuer den 21. Mäerz 1685 zu Eisenach a gestuerwen den 28. Juli 1750 zu Leipzig, war en däitsche Barock-Komponist, an een zu senger Zäit berühmten Organist an Cembalist. Hien wor dee jéngste vum Johann Ambrosius Bach a sénger Fra Elisabeth hieren aacht Kanner. De Bach gëllt och nach hautzudags als een vun de gréisste Komponisten vun der Welt deen déi spéider Musek staark beaflosst huet an deem seng Wierker op der ganzer Welt vertruede sin.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Bedeitung

Zu senge Liefzäiten huet dem Bach säi kompositorescht Schafe keng grouss Beuechtung fonnt, am Verglach mat sengen Zäitgenosse Georg Friedrich Händel oder Georg Philipp Telemann. Europawäit bekannt war de Bach zu Liefzäite virun allem als Uergel- an Cembalovirtuos souwéi als Meeschter vun der Improvisatioun. Hien hat och en exzellente Ruff als Uergelgutachter. Donieft huet de Bach, wéi vill vun den demolege Museker och d'Violin beherrscht an huet Opféierunge vu senge Wierker heefeg vun der Braatsch aus geleed.

Dem Bach seng heiteg Berühmtheet huet hir Wuerzelen zum engen an der Tatsaach, datt seng Wierker (zesumme mat dene vum Heinrich Schütz an den Operen an Oratorië vum Georg Friedrich Händel) déi eenzeg waren, déi um Ufank vum 20. Joerhonnert a groussem Ëmfang vun engem Barockkomponist iwwerliwwert waren. Zum aneren huet seng konsequent Uwendung vum Kontrapunkt, verbonne mat der Affektwierkung vu senger Melodik an der Harmonik, op spéider Komponisten eng grouss Wierkung ausgeübt. Zënter dem 19. Joerhonnert schätze kierchlech Kreesser dem Bach seng geeschtlech Musek virum allem wéinst hirer staarker Reliösitéit.

Déi wäit Verbreedung a Rezeptioun vum Bach senge Wierker huet hiren Ufank fonnt, wéi d'Matthäuspassion vum Felix Mendelssohn Bartholdy am Joer 1829 nees nei opgefouert gouf, a säi Gesamtwierk vun 1851 bis 1899, wou ënner anerem de Johannes Brahms matgewierkt huet, erausbruet gouf. Souwuel de Mendelssohn wéi och de Brahms hu Pianoswierker vum Bach ëffentlech virgedroen. Dem Philipp Spitta seng Biographie an zwee Bänn (1873-1879) huet de Concertspublic, deen eréischt am 19. Joerhonnert sou richteg entstanen ass, fir d'éischte Kéier ëmfänglech mam Bach sengem Liewen a senge Wierker bekannt gemaach. Am Laf vum 19. an 20. Joerhonnert gouf de Bach fir Pianisten a Pianosschüler nees dat, wat e scho fir de Ludwig van Beethoven an de Robert Schumann war: e musikalescht Liewenselixier. D'Pfleg vum Bach senger Kierchemusek gouf virun allem vu sengen Nofolger am Amt vum Thomaskantor zu Leipzig virubruecht. Am 20. Joerhonnert hunn sech déi grouss Symphonieorchester an hir berühmten Dirigenten ëmmer méi sengem Instrumentalwierk ugeholl.

[Änneren] Säi Liewen

Wunnuerter vum J. S. Bach
  • Eisenach (zënter 1685)
  • Ohrdruf (zënter 1695/96)
  • Lüneburg (zënter 1700 bis Ouschteren 1702)
  • Weimar (Januar bis Juni 1703)
  • Arnstadt (zënter August 1703)
  • Mühlhausen (zënter 1707)
  • Weimar (zënter 1708)
  • Köthen (zënter 1717)
  • Leipzig (1723 bis 1750)
  

[Änneren] Kandheet zu Eisenach

De Johann Sebastian Bach war dat jéngst vun aacht Kanner vum Haußmanns (Stadpäiffer) an Hafftrompettist Johann Ambrosius Bach a senger Fra Elisabeth Bach, gebuere Lämmerhirt.

Zu der Gebuert vum Bach gouf a senger Gebuertsuertschaft Eisenach nach mam Julianesche Kalenner gerechent. Dofir gëtt säi Gebuertsdatum an der Regel mam ërtlech gültegen Datum, dem 21. Mäerz 1685, uginn, säin Doudesdatum dogéint nom Gregorianesche Kalenner, deen zu Leipzig gülteg war. Wann een dem Bach säi Gebuertsdatum mat aneren Date vun dëser Zäit vergläiche wëll, muss ee berücksichtegen, datt hien nom Gregorianesche Kalenner, deen an anere Gebidder schonn üblech war, eréischt den 31. Mäerz 1685 op d'Welt komm ass.

De Bach gouf op engem Méinden, den 23. Mäerz, an der Georgenkirche gedeeft. Seng fréi Kandheet huet hien zu Eisenach verbruecht, wou hien duerch de Cousin vu sengem Papp, den Organist vun der Eisenacher Georgenkirche Johann Christoph Bach, fir d'éischte Kéier a Kontakt mat Kierchen- an Uergelmusek komm ass. Am Alter vun aacht Joer ass hien op d'Latäinschoul vum Eisenacher Dominikanerklouschter gaangen.

Seng Mamm ass den 3. Mee 1694 gestuerwen. De 27. November 1694 huet säi Papp sech mat der Wittfra Barbara Margaretha Bartholomäi, gebuere Keul, bestuet, mee ass awer e puer Méint drop, den 20. Februar 1695, gestuerwen. De Johann Sebastian ass mat sengem Brudder Johann Jacob zu sengem eelere Brudder Johann Christoph Bach (1671-1721) op Ohrdruf gezunn.

Schoulmatrikel vum Lycée OhrdrufDe J. S. Bach ass de 4. Schüler an der zweeter Lëscht
Vergréisseren
Schoulmatrikel vum Lycée Ohrdruf
De J. S. Bach ass de 4. Schüler an der zweeter Lëscht

[Änneren] Beim Brudder zu Ohrdruf

Zu Ohrdruf huet de Johann Sebastian de Lycée bis zu der Prima a krut domadder eng besser Schoulausbildung wéi seng Virfaren opweises haten. An der Secunda ware säi Cousin Johann Ernst Bach a säi liewenslaange Frënd de Georg Erdmann seng Matschüler.

Säi Brudder de Johann Christoph, dee 14 Joer méi al an zu Ohrdruf Organist war, huet seng weider Erzéiung a musekalesch Ausbildung iwwerholl. Vun him huet de Bach d'Spillen op Tastenintrumenter geléiert. Zu sengem Liewensënnerhalt huet seng Tätegkeet als Chouersänger bäigedroen.

Den 19. Januar 1700 huet de Georg Erdmann Ohrdruf verlooss an ass op Lüneburg gereest. Kuerz drop, de 15. Mäerz, ass de Johann Sebastian him nogaangen.

[Änneren] Mettechouersänger zu Lüneburg

De Bach an den Erdmann goufen zu Lüneburg Fräischüler vum Michaelis-Klouschter. Si hunn als Diskantisten am Mettechouer gesongen. De Georg Böhm war zu dëser Zäit Organist an der Johanniskierch. Säin Afloss op dem Bach seng fréi Uergelwierker a Klavéiersuiten léisst sech stilkritesch vermudden, awer net beleeën. Och, datt de Bach wéi ugeholl zu Celle Musek am franséische Stil konnt kenneléieren, ass net bewisen. Beluecht ass allerdéngs seng Fousswanderung op Hamburg bei de gekannten Organist Johann Adam Reincken, bei deem hie sech am Uergelspill weidergebilt huet.

Tëscht Ouschteren 1702, wéi de Bach seng Schoulzäit zu Lüneburg ofgeschloss hat, a 1703 loossen sech dem Bach seng Spueren net méi genee verfollegen. Aus engem spéidere Bréif ergëtt sech, datt hie sech am Juli fir d'vakant Organisteplaz zu Sangerhausen opgestallt hat a beim Rot och de bevirzuchte Kandidat war, mee datt den Herzog vu Sachsen-Weissenfels sech iwwert dëse Votum ewechgesat huet.

[Änneren] Lakai a Violonist zu Weimar

Paieziedel vu Weimar - Dem Laqueÿ Baachen
Vergréisseren
Paieziedel vu Weimar - Dem Laqueÿ Baachen

Spéitstens zënter dem Mäerz 1703 war de Bach als Lakai a Violinist an der Privatkapell vum Matregent Johann Ernst vu Sachsen-Weimar ugestallt. Bei enger Uergelprouf de 17. Mäerz 1703 huet de Bach Kontakter zum Rot vun Arnstadt geknäppt.

[Änneren] Organist zu Arnstadt

[Änneren] Eng Stad mat Bach-Traditioun

Bachkierch zu Arnstadt
Vergréisseren
Bachkierch zu Arnstadt
Autograph vun der Choralbeaarbechtung „Wie schön leuchtet der Morgenstern“ BWV 739
Vergréisseren
Autograph vun der Choralbeaarbechtung „Wie schön leuchtet der Morgenstern“ BWV 739

Den 9. August 1703 krut de Bach ouni e weidert Proufspill seng Bestallung als Organist vun der Neuen Kirche zu Arnstadt.
Hei hate schonns Membere vun der Bachfamill als Museker geschafft. Dem Johann Sebasian säi Grousspapp Christoph Bach (1613-1661) war Haff- a Stadmusikus a säi Brudder Heinrich Bach (1615-1692) war Organist vun der Liebfrauenkirche an der Oberkirche. Den Heinrich Bach war de Grousspapp vum J. S. Bach senger éischter Fra Maria Barbara Bach. Zu Arnstadt huet och d'Wittfra vu sengem Monni Johann Christoph Bach (1645-1695) mat hirem Jong, dem Johann Ernst Bach (1683-1739), gewunnt. De Johann Ernst huet de Bach während senger Rees op Lübeck vertrueden, a krut dem Bach säin Amt nodeems dësen op Mühlhause gezu war.

Fir eng ongewéinlech héich Paie vu 50 Gulden an 30 Gulden fir Kascht a Logis war de Bach an der Neuen Kirche offiziell nëmme fir d'Uergelspill, an net fir d'Figuralmusek zoustänneg. Zënter engem Zäitpunkt, deen net genee ze bestëmmen ass, gouf hien awer zu der Zesummenaarbecht mam Chouer vum Lycée verpflicht.

[Änneren] Éischt iwwerliwwert Uergel- a Pianowierker

Am Oktober 1705 krut de Bach fir eng Rees op Lübeck bei den Dietrich Buxtehude Congé vu véier Wochen, deen hien allerdéngs op dräi Méint verlängert huet. Obschonns hie fir e Vertrieder gesuergt hat, gouf hien den 21. Februar 1706 dowéinst a wéinst "Nachlässigkeit im Dienst" vum Konsistorium vun der Gemeng gerügt.

Dës Rees bei de Buxtehude huet dem Bach wäertvoll musekalesch Andréck verschaf. Dem Buxtehude seng Owendmuseken, Uergel- a Pianowierker souwéi säin onvergläichlecht Uergelspill hunn de jonken Organist a Komponist waakreg gemaach.
Déi éischt Uergel- a Pianosstécker vum Bach, déi nach erhale sinn, loossen den Afloss vum Buxtehude erkennen. Dozou gehéiere Choralvirspiller wéi zum Beispill "Wie schön leuchtet der Morgenstern" (BWV 739) a Präludien, Toccaten, Partiten a Phantasien.

Dem Bach säi "Capriccio sopra la lontananza del fratello dilettissimo", wat hie fir säi Brudder Johann Jacob Bach, dee sech als Feldmuseker an der schwedescher Arméi verdingt hat, komponéiert hat, gëtt op d'Joer 1706 datéiert.

An alle Biographien geet driwwer riets, datt de Bach e puermol a Konflikt mam Arnstädter Konsistorium gerode war. Dëst huet säi Verhale géigeniwwer vun de Chouermembere betraff, säi Vertrieder wärend sengem Congé, a seng Manéier, op der Uergel ze spillen. Hie gouf e puer mol drop higewisen, bei der Begleedung vun der Chorale am Gottesdingscht Tëschespiller, Verzirungen a Modulatiounen z'ënnerloossen. Zitat: Halthen Ihm vor daß er bißher in dem Choral viele wunderliche variationes gemachet, viele frembde Thone mit eingemischet, daß die Gemeinde darüber confundiret worden. D'Choralbearbechtung zu "Herr Jesu Christ, dich zu uns wend" (BWV 726) mat hiren iwwerraschenden Ausweichungen, hirer Chromatik déi immens schaarf op den deemolegen Uergele geklongen huet, an de Tëschespiller, mécht d'Verwirrung vun der Gemeng verständlech.

Eng aner Kéier gouf sech beklot, datt hien eng "frembde Jungfer" (seng Cousine vum zweete Grad Maria Barbara Bach) op d'Chouerempore matgeholl hätt.
Dësen enke Verhältnisser huet de Bach gehofft zu Mühlhausen z'entgoen.

[Änneren] Héierbeispill Herr Jesu Christ, dich zu uns wend

Uergelchoral "Herr Jesu Christ, dich zu uns wend"   


Herr Jesu Christ, dich zu uns wend, Uergelchoral BWV 726

[Änneren] Organist an der fräier Räichsstad Mühlhausen

[Änneren] Bestidnis

Nodeems de Bach de 24. Abrëll 1707 zu Mühlhausen virgespillt hat, huet hien do an der Kierch Divi Blasii den 1. Juli säin Dingscht als Organist ugetrueden. Hie krut eng Paie vu 85 Gulden, dobäi koumen Naturalien a Ressourcen aus den Niewekierchen. Wéi schonn zu Arnstadt fält op, datt hien eng wesentlech méi héich Bezuelung wéi seng Virgänger an Nofolger krut. Dës Verhältnisser hunn et him erlaabt, eng Famill ze grënnen. De 17. Oktober 1707 huet hie sech zu Dornheim bei Arnstadt mat der Maria Barbara Bach bestued.

[Änneren] Quodlibet: e musekalesche Spass vun der Bachfamill

Méifach gëtt vun Treffe vun der grousser Bach-Famill erzielt. Bei esou Treffen, beispillweis bei Hoczäitsfeieren, gouf zesumme gesongen a musizéiert, oft méistëmmeg an improviséiert. Am sougenannte Quodlibet (BWV 524) huet de Bach wahrscheinlech 1707, spéitstens 1708 e soueen Duerchenaner vu Lidder opgezeechent, bei deem net nëmme Feeler a Kaf geholl goufen, mee wou sech och gäere provozéiert an ameséiert gouf. Den Titel Quodlibet ass net original. Et ass nëmmen e Fragment dovunner erhalen, a weist en Text voller Uspillungen op. Net alles ass esou verständlech wéi "Große Hochzeit, große Freuden, Große Degen, große Scheiden". Méiglecherweis gouf dëse Quodlibet beim Bach senger Hochzäit mat der Maria Barbara virgedroen.

[Änneren] Rotswiesselkantaten a Proufspill zu Weimar

„Gott ist mein König“, 1708Hie schreift sech italienesch alsGio. Bast. Bach(= Giovanni Bastiano Bach)
Vergréisseren
„Gott ist mein König“, 1708
Hie schreift sech italienesch als
Gio. Bast. Bach
(= Giovanni Bastiano Bach)

Op Optrag zum Rotswiessel vum 4. Februar 1708 huet de Bach déi festlech Kantat Gott ist mein König (BWV 71) komponéiert, déi als eenzeg aus dëser Zäit als Drock erhalen ass. Kuerz drop konnt hien eng deier Erweiderung a Reparatur vun der Uergel duerchsetzen.

Am Juni 1708 ass de Bach am Zesummenhang mam Ofschloss vun de Renovéierungsaarbechte vun der Uergel op Weimar gereest, an huet virum Herzog Wilhelm Ernst virgespillt. Dësen huet him d'Plaz als Hafforganist a Kammermuseker mat enger Paie vun 150 Gulden plus Naturalien ugebueden. Ausserdem hat e grousse Brand zu Mühlhausen zu enger Verdeierung vun de Liewenskäschte gefouert. D'Aussiicht op eng wesentlech besser finanziell Situatioun war wuel de Grond, datt de Bach schonns de 25. Juni 1708 – knapp e Joer no sengem Amtsuntrëtt – zu Mühlhausen gekënnegt huet. Säin Nofolger gouf de Johann Friedrich Bach. De Bach ass awer weiderhi mat der Stad Mühlhausen verbonne bliwwen. Jeweils fir de Februar 1709 a 1710 krut hien Opträg fir Rotswiesselkantanten, déi och op Käschte vum Rot gedréckt goufen, awer verschwonne sinn.

[Änneren] Hafforganist a Kammermuseker zu Weimar

Christian Richter (ëm 1660):Schlasskierch Weimar
Vergréisseren
Christian Richter (ëm 1660):
Schlasskierch Weimar

An der éischter Julihalschent 1708 ass de Bach mat senger schwangerer Fra op Weimar geplënnert. Den 29. Dezember vum selwechte Joer koum dat éischt Kand, d'Catharina Dorothea, gedeeft. Während der Weimarer Zäit koumen nach fënnef weider Kanner: de Wilhelm Friedemann (* 22. November 1710), d'Zwillingen Maria Sophia a Johann Christoph (* 23. Februar 1713, si sinn awer kuerz drop gestuerwen), de Carl Philipp Emanuel (* 8. Mäerz 1714) an de Johann Gottfried Bernhard (* 11. Mee 1715).

[Änneren] Fräi a liturgesch gebonnen Uergelwierker

E groussen Deel vum Bach sengem Uergelwierk ass zu Weimar entstanen, dorënner seng Passacaglia a verschidden Toccaten, Präludien a Fugen. Hei huet hie säin Orgel-Büchlein ugefaangen, wat als Sammlung vun 164 Choralvirspiller ugeluegt war, vun denen hien awer nëmme 44 fäerdeggeschriwwen huet.
Nieft sengem Dingscht an der Wilhelmsbuerg vum Herzog Wilhelm Ernst stoung Bach och sengem Neveu, dem Ernst August immens no, deen am Roude Schlass gewunnt huet, an zënter 1709 Matregent gi war. Säi Brudder Johann Ernst war e Schüler vum Johann Gottfried Walther. Vun him stame Virlage fir dem Bach seng Piano- an Uergeltranskriptioune BWV 592, 595, 982, 984 an 987.

[Änneren] Éischt iwwerliwwert weltlech Kantanten

Den 21. an 22. Februar 1713 wor de Bach zu Weißenfels wéinst de Feierlechkeeten zum Gebuertsdag vum Herzog Christian vu Sachsen-Weißenfels. Méiglecherweis goufen do d'Jagdkantat BWV 208 opgefouert, dem Bach seng fréiste bekannte weltlech Kantat. Kierchenkantater sinn aus der fréierer Weimarer Zäit nëmme wéineg iwwerliwwert.

Géint Enn vum Joer1713 gouf dem Bach no der Opféierung vun enger Proufkantate d'Organisteplaz an der Liebfrauenkirche zu Halle ugebueden. De Grond fir dem Bach säin Interessi un der Plaz ass net bekannt. Hie krut de 14. Dezember seng Bestallung vum Kierchekollegium, huet awer gezéckt de Vertrag z'ënnerschreiwen, an huet eréischt den 19. Mäerz 1714 eng endgülteg Ofso mat der Begrënnung, datt d'Paie net sengen Erwaardunge ging entsprieche, geschéckt.

[Änneren] Concertsmeeschter zu Weimar

De Bach als Concertsmeeschter zu Weimar(?)
Vergréisseren
De Bach als Concertsmeeschter zu Weimar(?)
Monument vis-à-vis vum Bach-Haus zu Weimar
Vergréisseren
Monument vis-à-vis vum Bach-Haus zu Weimar

Den 2. Mäerz 1714 gouf de Bach zu Weimar zum Concertsmeeschter ernannt. Obschonns hien an der Hierarchie nach ëmmer ënnert dem Kapell- an dem Vizekapellmeeschter stung, krut hie mat 250 Gulden eng wesentlech méi héich Paie wéi déi aner zwee.

[Änneren] Nei Aufgaben

Mam neien Amt war d'Pflicht verbonnen, all véier Wochen eng Kierchekantat op dem jeweilege Sonnden ze komponéieren. Als éischt Kantat gouf de 25. Mäerz (Pällemsonnden) d'Kantat Himmelskönig, sei willkommen (BWV 182) virgedroen. Dozou koumen a regelméissegen Ofstänn nach mindestens 20 weider Wierker, déi de Grondstock vun de spéideren Leipziger Kantatejoergäng gebild hunn.

Schliisslech huet sech de Bach no enger neier Plaz ëmgekuckt, an huet dës um Haff vum Fürst Leopold vun Anhalt-Köthen fonnt, deem seng Schwëster den Ernst August de 24. Januar 1716 bestued hat. De Grond fir dëse Schratt kann nëmme gemuttmoosst ginn. Den 1. Dezember 1716 war den éischte Kapellmeeschter Johann Samuel Drese gestuerwen. Eng Nofollegregelung war net getraff ginn, mee säi Jong de Johann Wilhelm hat eng gewësse Virrangstellung, well hien als Vizekapellmeeschter schonn iwwert eng länger Zäit a sengem Papp seng Geschäfter hat. Domadder wär fir de Bach den Opstig zum Kapellmeeschter laangfristeg blockéiert gewiercht.

De Bach huet de 5. August 1717 den Vertrag fir seng nei Plaz zu Köthen ënnerschriwwen, ouni virdru seng Entloossung zu Weimar gefrot ze hunn. Wéi en dat nohuele wollt, krut hie seng Demissioun net, mee gouf de 6. November wéinst senger "Halßstarrigen Bezeügung" an der Landrichterstube festgeholl. Den 2. Dezember gouf hien aus der Haft an aus dem Dingschtverhältnis entlooss.

An den Hierscht 1717 gëtt eng Episod datéiert, déi 1739 fir d'éischte Kéier ernimmt gëtt. De Bach ass op den Haff op Dresden gereest, wou et zu engem Wettsträit mam berühmten Uergelvirtuos Louis Marchand komme sollt. Mee souwäit ass et net komm, well de Marchand deen Dag scho moies fréi nees fortgereest war, anscheinend well hie kee Verglach wollt hunn. Dës Episod ass en typescht Beispill dofir, datt scho kuerz nom Doud vum Bach glorifizéierend Anekdote gepflegt goufen, déi oft duerch ongenau Erënnerunge vu Schüler oder senge Jongen ausgeléist goufen. De Bach selwer hat laut dem Carl Philipp Emanuel Bach wéineg fir eng mëndlech oder schrëftlech Weidergab vu sou Anekdoten iwwreg.

[Änneren] Bezéiungen zum Johann Georg Pisendel

Méi wichteg wei en Zesummentreffe mam Marchand, deem seng Wierker hie geschätzt huet, ware fir de Bach seng Bezéiungen zum Dresdner Musekdirekter Johann Georg Pisendel (1687-1755). Stilkritesch Vergläicher vun de Solowierker fir Violin vum Bach a vum Pisendel leeën no, datt de Pisendel de Bach zu der Kompositioun vun de 6 Sonaten a Partiten ugereegt huet. Schonns 1709 haten déi zwee eng Zäitchen zesummen zu Weimar verbruecht an zënterhir Kompositiounen ausgetosch. Duerch de Pisendel konnten dem Bach dem Vivaldi seng Kompositioune vermëttelt gi sinn. De Pisendel wor nämlech de 27. September 1717 aus Italien zeréckkomm, wou hie kuerzzäiteg e Schüler vum Vivaldi war. En Zesummentreffen an e kënschtlerechen Austausch sinn also unzehuelen.

[Änneren] Fürstleche Kapellmeeschter zu Köthen

D'Fürstlecht Residenzschlass zu Cöthen
Vergréisseren
D'Fürstlecht Residenzschlass zu Cöthen

Zënter Dezember 1717 war de Bach Kapellmeeschter zu Köthen. De Bach huet de jonke musikaleschen Herzog Leopold vun Anhalt-Köthen geschätzt, a stoung him anscheinend och perséinlech immens no, wat een z.B. dorunner gesäit, datt souwuel de Leopold wéi och seng Gesëschter August Ludwig an Eleonora Wilhelmine Pätter a Giedel vum Bach sengem Bouf Leopold August (*15. November 1718) waren. D'Kand ass awer knapp e Joer drop gestuerwen.

[Änneren] Eng Kapell „Avec plusieures Instruments“

De Bach konnt zu Köthen fir eng exzellent Kapell komponéieren. De Fürst Leopold hat bis zu 17 Museker agestallt, déi zum Deel aus der Kapell vum preisesche Kinnek Friedrich Wilhelm I. komm sinn, déi 1713 opgeléist gi war. Aacht Instrumentalisten hate Solistequalitéiten an de Rang vum "Cammermusicus". Den Herzog huet seng Kapell mat gudden Instrumenter ausgestatt, an huet de Bach 1719 op Berlin geschéckt, fir en neien Cembalo ze kafen. Do konnt de Bach de Markgrof Christian Ludwig vu Brandenburg kenneléieren. Fir hien huet hien 1721 eeler a méi nei Instrumenter zu de "Six Concerts Avec plusieures Instruments" zesummegestallt, déi spéider "Brandenburgische Konzerte" genannt goufen (BWV 1046-1051).

[Änneren] Doud vu senger Fra an nei Hochzäit

Clavier-Büchlein vor Anna Magdalena Bachin Anno 1722, Deckblat
Vergréisseren
Clavier-Büchlein vor Anna Magdalena Bachin Anno 1722, Deckblat
Sonata 1ma á Violino Solo senza Baßo di JSBachAdagioAutograph 1720
Vergréisseren
Sonata 1ma á Violino Solo senza Baßo di JSBach
Adagio
Autograph 1720

Nodeems de Bach 1720 no enger Rees vum zwee Méint vum Haff aus Karlsbad zeréckkomm war, huet hie misse gewuer ginn, datt seng Fra Maria Barbara no kuerzer Krankheet gestuerwen, an de 7. Juli begruewe gi war. Den 3. Dezember 1721 huet hie sech mat der Anna Magdalena bestued, der Duechter vum fürstlechen Haff- a Feldtrompettist zu Sachsen-Weissenfels Johann Kaspar Wilcke, déi 1720 als Sopranistin un de Köthener Haff komm war.

Och aus dësem Bestidnis gounge vill Kanner eraus, vun denen déi meeschten awer schonns am fréien Alter nees gestuerwe sinn: Christiana Sophia Henrietta (* Fréijoer 1723; † 29. Juni 1726), Gottfried Heinrich (* 26. Februar 1724), Christian Gottlieb (gedeeft 14. Abrëll 1725; † 21. September 1728), Elisabeth Juliana Friederica (gedeeft 5. Abrëll 1726), Ernestus Andreas (* 30. Oktober 1727; † 1. November 1727), Regina Johanna (10. Oktober 1728; † 25. Abrëll 1733), Christiana Benedicta (* 1. Januar 1730; † 4. Januar), Christiana Dorothea (* 18. Mäerz 1731; † 1732), Johann Christoph Friedrich (* 21. Juni 1732), Johann August Abraham (* 5. November 1733; † 6. November 1733), Johann Christian (* 5. September 1735), Johanna Carolina (gedeeft 30. Oktober 1737), Regina Susanna (gedeeft 22. Februar 1742).

[Änneren] Unterrichtswierker, virtuos Instrumentalkompositiounen a Kantaten

Als Bäitrag zu der musekalescher Erzéiung vu senge Kanner hat de Bach den 22. Januar 1720 d'Clavierbüchlein fir den eelste Jong Wilhelm Friedemann ugefaangenn, an deem ënner anerem déi zweestëmmeg Inventiounen an dräistëmmeg Sinfonien ze fanne waren. D'Clavierbüchlein vor Anna Magdalena Bachin (1722) weist Fréifaassunge vun de Franséische Suiten. Nieft dem Wohltemperierten Klavier an de sech Violinpartiten a -sonaten sinn dëst déi secher op d'Köthener Zäit datéierbar autograf Instrumentalkompositiounen.

Donieft sinn nach e puer Gebuertsdags- an Neiooschskantaten iwwerliwwert, mee awer net fir all Feierdag deen a Fro kënnt. Et gëllt als sécher, datt de Bach fir den Haff eng grouss Unzuel vun Instrumentalkompositioune geschriwwen huet, déi awer gréisstendeels verschwonne sinn, oder a spéidere Beaarbechtungen als Cembaloconcerten oder Kantatesätz ze fanne sinn.

[Änneren] Op der Sich no enger neier Plaz

[Änneren] Hamburg

Am September 1720 gouf d'Organisteplaz zu St. Jakob zu Hamburg fräi, fir déi sech de Bach gemellt hat. Hie gouf och vum Hamburger Rot fir e Proufspill zougelooss, huet awer dann ofgesot, warscheinlech well d'Iwwerhuele vun der Plaz mat enger grousser Kafzomm verbonne war.

[Änneren] Berlin

Méiglecherweis ass d'Widmung vun de Brandenburgischen Konzerte vum 24. Mäerz 1721 fir de Markgrof Christian Ludwig vu Brandenburg am Zesummenhang mam Bach senger Sich no enger neier Plaz ze gesinn.

Aus onbekannte Grënn huet de Fürst Leopold sech an der Follegzäit ëmmer méi vum Bach senger Ensembelmusek ofgewand. Vläit bezitt sech d'berühmte Plaz am Bach sengem Bréif vum 20. Oktober 1730 u säi Jugendfrënd Georg Erdmann op dës Ännerung am Museksgout vum Fürstenhaus, woubäi hien ongerechterweis der Fra vum Fürst d'Haaptschold gëtt: "Daselbst [in Köthen] hatte einen gnädigen und Music so wohl liebenden als kennenden Fürsten; bei welchem [ich] auch vermeinte meine Lebenszeit zu beschließen. Es musste sich aber fügen, dass erwehnter Serenissimus sich mit einer Berenburgischen Princeßin vermählete, da es denn das Ansehen gewinnen wollte, als ob die musicalische Inclination [= Neigung] bey besagtem Fürsten in etwas laulicht werden wollte, zumahln da die neüe Fürstin schiene eine amusa zu sein." Dëst gëtt doduerch bestätegt, datt nodeems de Bach gaange war, seng Plaz zu Köthen net méi nobesat gouf.

[Änneren] Leipzig

Nom Doud vum Johann Kuhnau de 5. Juni 1722 gouf zu Leipzig d'Plaz vum Thomaskantor fräi. No engem éischte Proufspill de 14. Juli gouf vun de Bewerber, zu denen de Johann Friedrich Fasch (Kapellmeeschter um Haff zu Anhalt-Zerbst) an de Christian Rolle (Musekdirekter zu Magdeburg) gezielt hunn, de Georg Philipp Telemann gewielt. Well den Telemann awer wéinst enger Gehaltserhéigung zu Hamburg bliwwen ass, gouf eng zweer Kantoratsprouf aberuff, wou nieft dem Bach de Georg Friedrich Kauffmann aus Merseburg, dee fräiwélleg zeréckgetrueden ass, de Johann Christoph Graupner (Kapellmeeschter zu Darmstadt) an de Balthasar Schott (Organist an der Neuen Kirche zu Leipzig) kandidéiert hunn.

De Bach huet de 7. Februar 1723 als Proufstéck d'Kantaten Jesus nahm zu sich die Zwölfe (BWV 22) an Du wahrer Gott und Davids Sohn (BWV 23) opgefouert. Gewielt gouf de Graupner, deen awer huet missen ofsoen, well den hessesche Landgrof hien net entloosse wollt. Domadder gouf de Bach als "drëtt Wahl" Thomaskantor, en Amt, wat e bis zu sengem Doud behalen huet.

Den Titel vum Fürstleche Köthenesche Kapellmeeschter duerft de Bach weider féieren, an hien huet bis zum Doud vum Fürst am Joer 1728 Musek fir d'Festdeeg geliwwert.

[Änneren] Thomaskantor a städtesche Musekdirektor zu Leipzig

Photographie vun der Thomasschoul vun 1902Dem Bach seng Famill huet am lénken Drëttel vum Haus gewunnt
Vergréisseren
Photographie vun der Thomasschoul vun 1902
Dem Bach seng Famill huet am lénken Drëttel vum Haus gewunnt

Enn Mee 1723 huet de Bach säin Dingscht zu Leipzig opgeholl. Als Kantor a Musekdirekter war hie fir d'Musek an de véier Haaptkierche vun der Stad verantwortlech. Dozou huet ich d'Virbereedung vun enger Kantatenopféierung all Sonnden an all Feierdag gezielt. Ausserdem war hie fir de Musekunterrecht an der Thomasschoul responsabel. D'Internatsschüler ware verpflicht, als Chouersänger d'Gottesdingschter matzegestalten. Säin Deputat als Latäinprofesser, wat mat senger Plaz traditionell verbonne war, huet hie géint Suen un e Schoulmeeschter vun der Schoul iwwerdroen.

[Änneren] Musek fir d'Kierch

Gläich nodeems en ukomm war, huet de Bach ugefaangen, Kantate fir d'Opféierungen ze komponéieren oder z'iwwerschaffen. Bei dëser systematescher Aarbecht muss an den éischten zwee Joer am Schnëtt ongeféier ee Wierk pro Woch entstane sinn, duerno goung et méi lues virun. Insgesamt sinn zwee komplett Joergäng iwwerliwwert, den Nekrolog erzielt vun dräi weideren (kuckt Bachkantaten). Insgesamt sollen an dëser Zäit ca. 300 Kantaten entstane sinn.

Fir Chrëschtdag 1723 huet de Bach déi zweet Fassung vum Magnificat an Es-Dur mat de chrëschtdaglechen Sätz (eng éischt Fassung gouf et ouni dës Sätz schonns den 2. Juli 1723) geschriwwen, fir de Karfreideg 1724 säi bis dohinner gréisste Wierk d'Johannespassion, a fir Chrëschtdag 1724 e Sanctus. Wuel um Ufank vum Joer 1725 ass de Bach dem Textdichter Christian Friedrich Henrici alias Picander begéint, dee schlisslech den Text fir d'Matthäuspassion geliwwert huet, déi 1727 oder 1729 uropgefouert gouf.

D'Opféierungsbedingungen hate sech an dësen éischte Leipziger Joeren insgesamt verschlechtert. De Bach huet sech gezwonge gesinn, dem Rot vun der Stad Leipzig den 23. August 1730 genee senge Virstellunge vun der vokaler an instrumentaler Ausstattung vun enger „wohlbestallten Kirchenmusic“ ze dokumentéieren. Dësen „höchstnöthige Entwurff“ ass haut eng wichteg Source fir d'historesch Opféierungspraxis vu senge Wierker.

De Bach huet sech an dëser Zäit beméit, den Titel vun engem Haffkompositeur zu Dresden ze kréien, well hie mat der Bezuelung onzefridde war, den héige Liewenskäschten an der Leipziger Obregkeet, déi dem Bach säi Schafen net a sengem Sënn gefërdert huet, wéi an engem Bréif aus dem Joer 1730 ze liesen ass : „Da aber nun (1) finde, daß dieser Dienst bey weitem nicht so erklecklich als mann mir Ihn beschrieben, (2) viele accidentia dieser station entgangen, (3) ein sehr theurer Orth u. (4) eine wunderliche und der Music wenig ergebene Obrigkeit ist, mithin fast in stetem Verdruß, Neid und Verfolgung leben muß, als werde genöthiget werden mit des Höchsten Beystand meine Fortun anderweitig zu suchen.“.

[Änneren] Weltlech Musek

[Änneren] Collegium musicum

1729 huet de Bach d'Leedung vum Collegium musicum iwwerholl, wat 1701 vum Telemann gegrënnt gi war, déi hie bis 1741, villäicht esouguer bis 1746, behalen huet. Mat dëser studenteschen Instrumentalkapell - et gouf nach weiderer zu Leipzig - huet hien däitsch an italienesch Instrumental- a Vokalmusek opgefouert, ausserdem huet hien eng jett vu senge weltleche Kantate geschriwwen, wéi z. B. Hercules am Scheidewege, déi hien "Dramma per la Musica" oder "Dramma per Musica" genannt huet, an déi strukturell no un der Oper stungen. An der Bauernkantate an der Kaffeekantate weist sech, datt hien och am humoristesche Genre schreiwe konnt. D'Kaffeekantate gouf warscheinlech am "Zimmermannischen Caffee-Hauß" opgefouert, wou hie mam Collegium musicum konzertéiert huet. Eemol pro Woch, wärend der Leipzeger Mass esouguer zweemol, goufen hei oder am Kaffeehausgaart deen derzou gehéiert huet, owes esou "Musikalischen Concerten, oder Zusammenkünffte" ofgehalen. Si gëllen als Noweis vum biergerleche Verlaangen no méi héiger musekalescher Ënnerhalung zu Leipzig.
Dem hunn och déi vill Cembaloconcerte fir bis zu véier Soliste gedingt, déi zum gréissten Deel als nei Arrangementer vu meeschtens eegene Violin- oder Hautboisconcerten an Instrumentalsätz aus Kantaten, awer och aus frieme Virlagen (z. B. Vivaldi) enstane sinn. Als Solisten stungen nieft dem Bach selwer seng Bouwen a Schüler zur Verfügung.

[Änneren] Piano- an Uergelwierker fir Schüler, Kenner an Amateuren

A senger gesamter Leipziger Zäit war de Bach e villgesichte Léiermeeschter. Oft hunn och Schüler a sengem Haushalt gewunnt. But vum Unterrecht war et, Museker auszebilden, déi als Instrumentalisten a Komponisten de villfältegen Aufgabe bei Haff, an der Kierch an am biergerleche Musekliewe, wat grad ugefaangen huet, gewuess waren. Dem Bach säin Unterrecht huet vrun allem bei senge Bouwe vill Friichte gedroen.

Fir dësen Unterrecht huet de Bach mei nei awer och méi eeler Kompositioune benotzt. Vill dovunner huet hien zesummegefaasst, an als Clavierübung I, II, III und IV verëffentlecht.

[Änneren] Huldegungskantanten a Festmuseken
D'Apelescht Haus
Vergréisseren
D'Apelescht Haus
Opféierung vum BWV 215Tod Gottfried Reiches
Vergréisseren
Opféierung vum BWV 215
Tod Gottfried Reiches

Schonn zu Weimar an zu Köthen hat de Bach Huldegungskantate fir d'Fürstenhaiser vu Weimar, Weissenfels a Köthen sowéi Festmuseken a Forum vu Kantate fir verschidden Uläss komponéiert. Zu Leipzig si weider Wierker an deem Genre entstanen, woubäi de Bach jeefeg eeler Virlage verschafft huet. D'Festmuseken an Hulgedungskantaten woren zum Beispill fir den Ëmkrees vun der Universitéit an der Thomasschoul souwéi fir d'Kurfürsten Friedrich August I. an II. vu Sachsen geduecht, déi gläichzäiteg als August II. an III. Kinneke vu Polen waren. Och weider Adeleg a räich Bierger goufe mat musekaleschen Éierunge beduecht.

Dës Kantate goufe meeschtens am Fräien opgefouert, an hunn dofir misse mat Chouer an Instrumentalkapell staark besat sinn. Dat war virun allem méiglech, nodeems de Bach de Collegium musicum iwwerholl hat. Zur Verstäerkung stungen him d'Museker vun der musicalischen Stadt Compagnie zur Verfügung.

Iwwert d'Opféierung vun esouengem Wierk, nämlech der Kantat „Preise dein Glücke, gesegnetes Sachsen“ (BWV 215) fir dem August III. säi Kréinungsjubiläum de 5. Oktober 1734, gëtt et ëmfangräich Opzeechungen an der städtescher Chronik. Well d'kinneklech Famill zu Leipzig keng eege Residenz hat, gouf si am biergerlechen Apelesche Stadpalais ënnerbruecht.

Aus der Chronik:

Gegen 9 Uhr Abends brachten Ihro Majt. die allhiesigen Studierenden eine allerunterthänigst Abend Music mit Trompeten und Pauken, so Hr. Capell Meister Joh. Sebastian Bach Cant. zu St. Thom. componieret. Wobey 600. Studenten lauter Wachs Fäckeln trugen, und 4. Grafen als Marschälle die Music aufführten.

Des weidere gëtt de Wee vum Zuch bis zu der Logis vum Kinnek beschriwwen. Den Dag drop ass den 1. Trompettist Gottfried Reiche, de Senior vun der Musikalischen Stadt Compagnie gestuerwen, „weil er vorher ...wegen des Blasens große Strapazzen gehabt, und auch der Fackel Rauch ihm sehr beschwerlich gewesen.

Och an dëser Kantat huet de Bach eeler Kantatesätz benotzt. Ee vun de Sätz gouf spéider an d'Messe in h-Moll opgeholl.

[Änneren] Parodien: Ëmarbechtungen vu weltleche Kantante fir kierchlech Zwecker

Eng jett vu sengen Huldegungskantaten huet de Bach kuerz nodeems en se geschriwwen hat a geeschtlech Wierker ëmgewandelt. Dëser Parodieprozedur ass d'Chrëschtdagsoratorium vu 1734/1735 ze verdanken, d'Himmelfahrtsoratorium vu 1735 an d'Ouschteroratorium. Duerch d'Parodéiere vu geeschtleche Kantate sinn déi sougenannt Lutheresch Massen entstanen, souwéi och d'Urfaassung vun der Mass a Si mineur vu 1733 (déi sougenannte Missa), déi nëmmen de Kyrie an de Gloria ëmfaasst huet. Nodeems dëst Wierk beim kurfürstlechen Haff zu Dresden agereecht gouf, krut de Bach den 19. November 1736 endlech d'Noriicht, sech Compositeur bey Dero Hoff-Capelle nennen ze däerfen, allerdéngs net den erhoffte Ruff, vun elo un an der Residenzstad Dresden ze wunnen an ze wierken.

[Änneren] Rees op Mühlhausen

Am Mee 1735 huet de Bach d'Bewerbung vu sengem Jong Johann Gottfried Bernhard fir d'Plaz vum Organist an der Kierch Beatae Mariae Virginis zu Mühlhausen ënnerstëtzt. De Bach huet sech vum 6. bis 20. Juni 1735 zu Mühlhausen opgehal, wou de Jong säi Proufspill absolvéiert huet. De 16. Juni 1735 gouf de Johann Gottfried Bernhard zum Organist gewielt. Wéi de Bach zu Mühlhausen war, gouf hie gefrot, op hien sech kéint d'Uergel an der Mariëkierch ukucken, déi huet misse reparéiert ginn. Hien huet geroden, den Uergelbauer Zacharias Hildebrandt fir d'Arbechten ze huelen. [1]

Op der Réckrees huet sech de Bach fir zwéin Deeg zu Weissensee opgehalen, wou hien den 22. Juni 1735 d'Uergel an der Kierch St. Péiter a Paul gepréift huet, déi vum Conrad Wilhelm Schäfer reparéiert gi war. [2]

Ob de Bach direkt nees op Leipzig zeréckgefuer ass, oder nach aner Stied besicht huet, ass net bekannt. Seng Présence zu Leipzig ass eréischt fir Ufank August nees beluegt. Den 3. August gouf d'Namenstagskantate (wahrscheinlech BWV 207a) fir de Friedrich August II. opgefouert [3].

[Änneren] Déi lescht Joer

[Änneren] Déi grouss kontrapunktesch Instrumentalwierker an d'Endfassung vun der h-Moll-Mass
Autograph vum Enn vun der net fäerdeger Fug aus der Kunst der Fuge mam Zousaz vum C. Ph. E. Bach:NB ueber dieser Fuge, wo der Nahme BACH im Contrasubject angebracht worden, ist der Verfaßer gestorben.
Vergréisseren
Autograph vum Enn vun der net fäerdeger Fug aus der Kunst der Fuge mam Zousaz vum C. Ph. E. Bach:
NB ueber dieser Fuge, wo der Nahme BACH im Contrasubject angebracht worden, ist der Verfaßer gestorben.

An de 1740er Joeren schéngt sech de Bach wäitgoend vun Neikompositioune fir d'KIerch an de Collegium musicum zeréckgezunn ze hunn.

Am Mee 1747 huet hien op Invitatioun vum Friedrich dem Groussen, an deem senger Haffkapell de Carl Philipp Emanuel Bach ugestallt war, Potsdam a Berlin besicht, an op de Pianoforti an Uergelen improviséiert. Hien huet versprach, en Thema wat de Kinnek ging virginn als Fug auszeféieren, an a Koffer ze stiechen. Aus dësem Versprieche gouf d'Musekalescht Affer, eng Sammlung vun zwou Fugen (dräi- a sechsstëmmig), zéng Kanonen an enger Triosonat, all iwwert dat selwecht Thema.

Einige canonische Verænderungen über das Weynacht-Lied: Vom Himmel hoch da komme ich her vor die Orgel mit 2. Clavieren und dem Pedal“ heescht e Variatiounswierk wat de Bach fir seng Entrée 1747 an d'„Correspondierende Societæt der musikalischen Wissenschaften“ (gegrënnt vum Lorenz Christoph Mizler) agereecht hat. Et gëllt als e bedeitend kontrapunktescht Spéitwierk vum Bach.

E weidere kontrapunktesche Wierkzyklus ass d'Kunst der Fuge, eng éischte Kéier fäerdeggestallt 1742, mee deen awer duerno bis 1749 erweidert an iwwerschafft gouf. D'Sammlung vun einfache Fugen, Géigefugen, Spigelfugen, Fuge mat méi Theman a Kanonen stellt e Kompendium vun den Technike vun der Fugekompositioun duer.

An déi lescht Joer fällt och d'Vollendung vun der Mass a Si mineur fir déi de Bach d'Missa vun 1733, de Sanctus vu 1724 an aner eeler Kompositioune benotzt huet.

[Änneren] Krankheet an Doud
Noriicht vum Bach sengem Doud vum 31. Juli 1750
Vergréisseren
Noriicht vum Bach sengem Doud vum 31. Juli 1750

A senge leschte Joeren huet de Bach un enger Aakrankheet gelidden. Och vu motoresche Stéierungen am rietsen Aarm geet riets. Zënter 1749 si guer keng Schrëftstécker méi vun him erhalen. Déi lescht bekannten Ënnerschrëft staamt vum 6. Mee 1749. Seng Fra Anna Magdalena oder säi Jong Johann Christian hu bal all Dokumenter ënnerschriwwen. D'Sehverméigen huet esou staark nogelooss, datt sech de Bach vum schonn deemools ëmstriddenen Okultist John Taylor operéiere gelooss huet, dee vum 4. bis zum 7. Abrëll 1750 zu Leipzig war. Komplikatiounen hunn eng weider Operatioun noutwänneg gemaach. Fir eng kuerz Zäit konnt e Bach nees gesinn, hie krut awer e puer Deeg viru sengem Doud e Schlag. De Bach ass de 28. Juli 1750 gestuerwen.
Am haaptsächlech vum Carl Philipp Emanuel Bach a Johann Friedrich Agricola verfaassten, 1751 fäerdeggestallten a 1754 verëffentlechten Nekrolog heescht et zum Bach senger Krankheet a sengem Doud:

„Sein von Natur etwas blödes Gesicht, welches durch seinen unerhörten Eifer in seinem Studieren [...] noch mehr geschwächt worden, brachte ihm, in seinen letzten Jahren, eine Augenkrankheit zu Wege. Er wollte dieselbe [...] durch eine Operation heben lassen. Doch diese [...] lief sehr schlecht ab. Er konnte nicht nur sein Gesicht nicht wieder brauchen; sondern sein, im übrigen gesunder Cörper, wurde auch zugleich dadurch, und durch hinzugefügte Medicamente, und Nebendinge, gäntzlich über den Haufen geworfen: so daß er darauf ein völliges halbes Jahr lang, fast immer kränklich war. Zehn Tage vor seinem Tod schien es sich gähling mit seinen Augen zu bessern: so daß er einsmals des Morgens ganz gut wieder sehen, und auch das Licht wieder vertragen konnte. Allein wenige Stunden darauf, wurde er von einem Schlagflusse überfallen; auf diesen folgte ein hitziges Fieber, an welchem er [...] am 28. Julius 1750, des Abends nach einem Viertel auf 9 Uhr, im sechs und sechzigsten Jahre seines Alters, auf das Verdienst seines Erlösers sanft und seelig verschied.“

Déi méi nei Bachfuerschung hält et allerdéngs och fir méiglech, datt dem Bach seng Zockerkrankheet d'Ursaach dofir war, datt hien ëmmer anner gesinn huet, an och datt hien e Schlag krut.

Nodeems en zweemol geréckelt gouf, läit säi Graf haut an der Leipzeger Thomaskierch.

[Änneren] Säi Wierk

[Änneren] Iwwerbléck

[Änneren] De Bach - en Autodidakt am Komponéieren

Wann een dem Bach sengem Jong Carl Philipp Emanuel Bach gleewe kann, dann huet sech de Bach beim Komponéieren als Autodidakt ugesinn. Et gëtt opallefall keng Prouf fir e Kompositiounsunterrecht. Der Ënnerweisung bei sengem Brudder zu Ohrdruf „mag wohl einen Organisten zum Vorwurf gehabt haben u. weiter nichts“ (C. Ph. E. Bach 1775). Spéider wär dem Bach säin Openthalt beim Buxtehude eng Geleenheet gewiecht, ënnerriicht ze ginn, mee dëst ass net beluegt.
Datt de Bach als Autodidakt zu engem bedeitende Komponist ginn ass, war méiglech, well e vu senger Jugend unn d'Wierker vun de verschiddendste Komponisten duerchstudéiert huet, an aus hinne geléiert huet. Dëst ass duerch Héieren, Liesen, Ofschreiwen, Transkribéieren, Beschaffen an Nomaache vun der Musek souwéi duerch Iwwerhuele vu kompositoresche Mëttele, Formen a Gattunge geschitt. Den C. Ph. E. Bach dozou (1775):

„Der seelige hat durch eigene Zusätze seinen Geschmack gebildet. [...] Blos eigenes Nachsinnen hat ihn schon in seiner Jugend zum reinen u. starcken Fughisten gemacht. [...] Durch die Aufführung sehr vieler starcken Musiken, [...] ohne systematisches Studium der Phonurgie hat er das arrangement des Orchesters gelernt.“

Am Bach sengem villfältege Wierk treffe sech Aflëss aus der Musek vu Mëttel-, Nord- a Süddäitschland bzw. Éisträich souwéi Frankräich an Italien. Dobäi ass ze beuechten, datt sech déi regional Traditioune géigesäiteg beaflosst hunn. Sou ginn an den däitschen Traditiounen och italienesch a franséisch Gattungen a Stilmëttel weiderginn. Dofir ass et bei verschiddene Komponisten net einfach, si enger Gattung zouzeuerdnen.

Kenntnis vum musekaleschen Afloss op de Bach huet een aus verschiddene Quellen:

  • aus dem Bach sengen Ofschrëften a Keef vu Wierker vun anere Komponisten
  • aus dem Bach sengen Transkriptiounen a Beaarbechtgungen
  • aus schrëftlechen a mëndlechen Ernimmungen duerch de Bach a sengem Ëmkrees
  • aus Berichten a Rezensiounen aus dem 18. Joerhonnert
  • duerch stilkritesch Ënnersichunge vun der Musekwëssenschaft un de Wierker vum Bach a vu senge Schüler

Mëtteldäitsch Aflëss duerch:

Johann Christoph Bach, Johann Pachelbel, Johann Kuhnau, Johann Ludwig Bach, Johann Gottfried Walther, Johann Georg Pisendel, Silvius Leopold Weiss, Johann Friedrich Fasch

Norddäitsch Aflëss duerch:

Johann Adam Reincken, Dietrich Buxtehude, Nicolaus Bruhns, Georg Böhm

Süddäitsch-éisträichesch Aflëss duerch:

Johann Jakob Froberger, Johann Caspar Kerll, Johann Caspar Ferdinand Fischer, Johann Joseph Fux

Italienesch Aflëss duerch:

Giovanni Pierluigi da Palestrina, Girolamo Frescobaldi, Arcangelo Corelli, Giovanni Legrenzi, Giovanni Bassani, Giuseppe Torelli, Alessandro Marcello, Tomaso Giovanni Albinoni, Antonio Vivaldi, Benedetto Marcello, Nicola Antonio Porpora, Francesco Durante, Giovanni Alberto Ristori, Giovanni Battista Pergolesi

Franséisch Aflëss duerch:

André Raison, François Dieupart, François Couperin, Louis Marchand, Nicolas de Grigny,

Verschidde berühmte Museker, déi de Bach deelweis perséinlech kannt huet, si schwéier zouzeuerdnen. Si hate selwer ënnerschiddlech Musek verschafft an de Bach mat hire Wierker beaflosst, wéi zum Beispill Jan Dismas Zelenka, Johann Mattheson, Georg Philipp Telemann, Reinhard Keiser a Georg Friedrich Händel.

Op de Bach och Ureegunge vu senge Jongen Wilhelm Friedemann a Carl Philipp Emanuel opgeholl huet, ass net geséchert, mee unzehuelen. Datt verschidde Kompositioune vun den zwéin eelste Bouwe vum Bach als Wierker vum Papp gëllen an ëmgedréint, léisst dëst awer vermudden.

[Änneren] D'musekalesch Gattungen

De Bach konnt sech am Kader vu sengen Ämter an de verschiddene Wierkungsstätten ënnert dem Afloss vun de Komponisten, déi uewe genannt goufen, och no an no déi ënnerschiddlechst Gattungen, Kompositiounsstiler a Musizéierweisen uneegnen. Zu dësem Zil huet de Bach och seng Reesen ënnerholl.

Mat Ausnam vun der Oper huet de Bach Wierker a quasi alle musekalesche Gattunge vu senger Zäit komponéiert:

Vokalmusek

  • Geeschtlech a weltlech Kantaten (Concerto, Cantata, Serenata, Dramma per Musica)
  • Motette, Mass, Magnificat, Passioun, Oratorium
  • Choral, Geeschtlecht Lidd
  • Vokal Kammermusek

Instrumentalmusek

  • Fräi Uergelwierker (Sonat; Präludium, Fantasie, Toccata, Passacaglia - eenzeln a mat Fug; Concerto, Trio)
  • Choralgebonnen Uergelwierker (Uergelchoral, Choralvorspill, Choralbeaarbechtung, Choralpartita, Canounesch Verännerungen)
  • Klavéiermusek (Inventioun, Duett, Sinfonie, Suite, Partita, Concerto, Fantasie, Ouverture, Variatioun, Präludium a Fug, Fantasie a Fug, Toccata, Sonat)
  • Lautemusek (Suite, Präludium, Fug)
  • Kammermusek (Solosonat an Triosonate mat Basso Continuo, Sonat a Partita senza Basso fir Violin, Suite fir Violoncello solo, Kanon)
  • Musek fir eng choresch besaten Instrumentalkapell (Concerto grosso, Concerto mat bis zu 4 Solostëmmen, Ouverture)
  • Ouni fest instrumental Zesummesetzung (Kanon, Fug)

[Änneren] De Clavier-Komponist, "Harmonist", Kontrapunktiker a Komponist vu funktionaler Musek

Dem Bach seng Wierker si gréisstendeels funktional gebonnen, beispillsweis als Kantoren- an Organistemusek fir d'Kierch, Instrumentalmusek fir den Haff an d'Biergertum oder Léierwierker fir den Unterrecht. D'Qualitéit vun der Ausféierung iwwersteigt awer an de meeschte Fäll dat Üblecht.
Verschidde Wierker gi méi wäit wéi den tradéierte Formekanon. Dat ass virun allem de Fall bei den Uergel- a Klavéierwierker, déi vum eegenen instrumentale Kënne geprägt sinn, a bei de grousse kontrapunktesche Sammelwierker.

Bei sengen Zäitgenosse war de Bach zu Recht a bedeitenden „Harmonist“, deen d'Méiglechkeete vun de Gammen an hir Eegenschaften duerch de ganze Quintenzirkel ausgeschëpft huet, wéi et virun him nach kee gemaach hat. Kritik krut hie well seng vokal Kierchemusek der Oper immens no stoung a wéinst der Textbehandlung an der instrumentaler Stëmmféierung vun de Solopartien.

[Änneren] Vokal Kierchemusek

Dem Bach seng kierlech Wierker si geprägt vu senger déiwer protestantesch-lutheranescher Reliéisitéit. Vun himm si ronn 250 Kantaten iwwerliwwert, dovunner zirka 200 Kierchekantaten. A senge Kantaten a Passiounen huet de Bach heefeg op populär Chorale vum evangelesche Gesangsbuch zeréckgegraff. Eng grouss Unzuel vu senge Wierker, virun allem aus der fréier Zäit, gëllt als verschollen.

De Bach huet warscheinlech fënnef Passioune geschriwwen. D'Johannes- an d'Matthäuspassioun sinn déi eenzeg erhalen authentesch Passiounen. Et gëtt ugeholl, datt ënnert den dräi anere verschwonnene Wierker eng Lukaspassioun an eng Markuspassioun waren. Bei der fënnefter Passioun vermudde Fuerscher datt et eng iwwerschaffte Variant vun der Matthäus-Passioun ass.

[Änneren] Besonnesch bekannte Wierker

  • Matthäus-Passioun
  • Johannes-Passioun
  • Mass a Si mineur
  • Chrëschtdagsoratorium
  • Himmelfahrtsoratorium
  • Ouschteroratorium
  • Magnificat
  • Kantaten
  • Musekalescht Affer
  • Die Kunst der Fuge
  • Brandenburgesch Concerten
  • 4 Orchestersuiten
  • Uergelwierker
  • Schübler Choralen
  • Wohltemperiertes Klavier
  • Goldberg-Variatiounen
  • Cellosuiten
  • Sonaten a Partiten fir Violin solo

[Änneren] Héierbeispill aus dem "Wohltemperierten Klavier"

Image:Audiobutton.png Fuga a 3 voci (7KB) aus dem Bach sengem Wohltemperiertem Klavier   


Takten 1 bis 9 aus der Do mineur-Fug aus dem 1. Deel vum Wohltemperierten Klavier vum J. S. Bach

[Änneren] Verzeechnis vum Bach senge Wierker

Dem Johann Sebastian Bach seng musekalesch Wierker sinn am „Bach-Werke-Verzeichnis“ (BWV) katalogiséiert. E méi neit awer bäi wäitem net sou oft benotzte Verzeechnis ass d'„Bach-Compendium“ vun de Musekwëssenschafler H.-J. Schulze a Christoph Wolff.

[Änneren] Afloss op Musektheorie, Spilltechnik an Instrumentebau

Nieft senger Wierkung als Museker a Komponist hat de Bach och en Afloss op d'Musektheorie, déi spéider virun allem an de Schrëfte vum Johann Philipp Kirnberger erfaasst ginn ass. Warscheinlech ugereegt duerch déi verschidden Temperéierunge vum Andreas Werckmeister huet de Bach säi Wohltemperiertes Klavier komponéiert, deem seng Popularitéit spéider der wueltemperéierter Stëmmung zum Duerchbroch verhollef huet. Dem Bach goung et doranner - wéi et de Kirnberger beschriwwen huet - ënner aneren dodrëms, d'Affekter duerzstellen, déi vun der Temperéierung ofhängeg sinn, a si ze léieren.

Donieft gëtt de Bach heefeg als Matbegrënner vun der Spilltechnik mam Daum als vollwäertege Spillfanger bei den Tasteninstrumenter genannt. Dës Technik huet d'Ausdrocksverméige vun de Kompositioune bis an de virtuose Beräich eran erweidert, awer och en elegant villstëmmegt Legatospill ergméiglecht. „Er hatte sich eine eigene Fingerordnung ausgesonnen, daß es ihm nicht schwer fiel, die größten Schwierigkeiten mit der fließensten Leichtigkeit herauszubringen...Man ... weiß, daß es dabey hauptsächlich auf den Gebrauch des Daumens ankömmt, ..." (aus Johann Adam Hiller: Mein Leben)

Kuckt och: Carl Philipp Emanuel Bach, „Versuch über die wahre Art das Clavier zu spielen“

Ausserdem huet sech de Bach fir d'Weider- an Neientwécklung vu Musekinstrumenter agesat. Och dat war op eng Erweiderung vun de kompositoresche Mëttel ausgeriicht. D'Viola pomposa ass seng Erfindung. Bei den Tasteninstrumenter interesséieren hie besonnesch klanglech Neientwécklungen. Hien huet sech zum Beispill mat hirer Temperéierung beschäftegt, bei den Uergelen zum Beispill mat hirer Klangdispositioun an de mechanesche Qualitéiten. E Beispill ass dem Bach seng „Disposition der neüen reparatur des Orgelwercks ad D: Blasii“ (Mühlhausen 1708).

De Bach war e geschätzten a gutt bezuelten Uergelinspekter, dee kee Blat virun de Mond geholl huet. Dobäi huet en och mam Gottfried Silbermann zesummegeschafft. Hien huet de Bach an der Entwécklung vum Pianoforte gefuerdert a gefërdert, wat am Bach senge spéidere Joeren no engem Bericht vu sengem Schüler Johann Friedrich Agricola „von ihm völlige Gutheißung erlangte“.

[Änneren] Reesen



Reese vu 1701 bis 1721
  

Reese vu 1723 bis 1747


[Änneren] Literatur zum Thema

  • Klaus Eidam, Das wahre Leben des Johann Sebastian Bach, 1999 (ISBN 3492040799)
  • Martin Geck, Johann Sebastian Bach, 2002 (ISBN 3499506378)
  • Douglas R. Hofstadter, Gödel, Escher, Bach, ein Endloses Geflochtenes Band, 1991 (ISBN 3423300175)
  • Ludwig Prautzsch, Die verborgene Symbolsprache Johann Sebastian Bachs, 2004 (ISBN 3875372980)

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Commons: Johann Sebastian Bach – Biller, Videoen oder Audiodateien
Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com