Mass (Zeremonie)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Eng Mass ass eng Liturgie, d.h. eng gottesdéngschtlech Feier vun der réimesch-kathoulescher Kierch. Si gëtt an der Theologie zugläich als "Molzéchtfeier" wéi och als "Affer" gesinn. Mol get méi deen een Aspekt, mol méi deen aneren ënnerstrach. D'Eucharistie ass "Molzéchtfeier" an deem Sënn, datt et eng Erënnerung un dat lescht Abendmahl vum Jesus mat senge Jünger op Gréngendonneschdeg ass, déi hie gläichzäiteg präsent mécht: Do wou Leit sech a sengem Numm versammelen, ass hie matzen ënnert hinnen. D'Massfeier ass "Affer" an deem Sënn, datt et eng Vergéigewäertegung vum Affer vu Christus deemools duerstellt.
[Änneren] Opbau vun der Mass
[Änneren] Eröffnung
- Anzuch vun den Zelebranten a Ministranten (Massendénger), wärend dem Gesank vum Agangslidd (Introitus)
- Kräizzeechen, Begréissung an Aleedung
- Scholdbekenntnis a Gesank vum Kyrie (O)
- Gloria† (O)
- Dagesgebiet
[Änneren] Wuertgottesdéngscht
- 1. Liesung
- Psalm
- 2. Liesung†
- Sequenz††
- Alleluja
- Evangelium
- Priedegt
- Glawensbekenntnis† (O)
- Fürbitten†
[Änneren] Eucharistiefeier
- Offertorium (Préparatioun vu Brout a Wäin)
- Gowegebiet
- Präfatioun
- Sanctuslidd (O)
- Wandlung
- Eise Papp-Gebiet
- Agnus Dei-Lidd (O)
- Kommioun (Kommunioun)
- Schlussgebiet
[Änneren] Ofschloss
- Segen
- Aussendung
- Auszuch
(O) dës Deeler gehéieren zum Ordinarium Missae, d. h. et handelt sech ëm Texter, déi an all Mass déiselwecht sinn, all déi aner Texter variéieren je nom Dag vum Kierchejoer, dës gehéieren zum Proprium Missae.
†dës Deeler sinn just op Sonndeger a Festdeeg an der Mass; de Gloria entfällt awer wärend dem Advent an der Faaschtenzäit.
††Sequenzen ginn et der (nach) 5: je eng fir Ouschteren, Päischten, Härläichendag, Doudemassen an Notre Dame des Douleurs (15. September).