Reykjavík
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Reykjavík | |
---|---|
Land | Island |
Regioun: | Höfuðborgarsvæði |
Koordinaten: | 64°08' N, 21°56' W |
Fläch: | 274,5 km² |
Awunner: | 118.820 (2006) |
Bevëlkerungsdicht: | 414 / km² |
Héicht: | 0 m i. NN |
Buergermeeschter: | Vilhjálmur Þ. Vilhjálmsson |
Reykjavík [ˈreiːcʰaˌviːk] (isl. Dampbucht) ass d'Haapstad vun Island an déi nërdlechst Haaptstad vu Westeuropa (Breetegrad 64° 08' N, net wäit vum Nërdleche Polarkrees ewech, dee bei der bei 66° 33' N läit). Am Wanter huet Reykjavík nëmme 4 Stonnen Dagesluut, am Summer sinn d'Nuechte bal esou hell ewéi den Dag.
D'islännesch Bezeechnung Dampbucht kënnt warscheinlech vun den Dämp vun de waarme Quellen aus der Ëmgéigend a gëtt engem Mëssverständnis vum éische Bewunner Ingólfur Arnarson zougeschriwwen.
Reykjavík ass mat 118.820 Awunner déi gréisste Stad an Island, hei wunnen zirka 41% vun der Gesamtbevëlkerung vun der Insel. D'Stad läit um Atlantik, méi genee un der Faxaflói-Bucht ënnerhalb vum zirka 900m héigen Hausbierg Esja.
An der Stad befanne sech déi meeschte Fakultéite vun der Universitéit vum Land, a verschidden aner Héichschoulen, Theater, Muséeën ua Kulturariichtungen souwéi en Héichséihafen. Matzen an der Stad läit e klenge Séi, den Tjörnin. Dëse Séi ass zugläich och eng vun de gréisste Brutplaze fir Wasservullen am Südweste vun Island.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geographie
Reykjavík läit am Südweste vun der Insel Island um Ufank vun der Hallefinsel Reykjanesskagi. D'Zon vun der plakkentektonescher Verschibung, déi an Island vu Südwesten no Nordoste leeft, féiert och iwwert dës Hallefinsel. Dohir gëtt et ëmmer nees Erdbiewen, déi allerdéngs meeschtens net allze staark sinn.
[Änneren] Geschicht
[Änneren] Bevëlkerung
[Änneren] Politik
[Änneren] Kuckeswäertes
[Änneren] Economie a Verkéier
[Änneren] Berühmte Perséinlechkeete vu Reykjavík
- Álfrún Gunnlaugsdóttir, islännesch Schrëftstellerin.
- Björk Guðmundsdóttir, islännesch Sängerin.
- Hannes Finsen, (*13. Mee 1828, † 18. November 1892), Jurist an héige Beamten am Dingscht vun Dänemark, ë.a. Gouverneur op de Färöer Inselen.
- Jóhann Hjartarson, islännesche Schachgroussmeeschter.
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Reykjavík – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Amsterdam - Andorra la Vella - Athen - Baku - Belgrad - Berlin - Bern - Bratislava - Bréissel - Budapest - Bukarest - Chisinau - Dublin - Helsinki - Kiew - Kopenhagen - Lissabon - Ljubljana - Lëtzebuerg - London - Madrid - Minsk - Moskau - Nikosia - Oslo - Paräis - Prag - Reykjavík - Riga - Roum - Sarajevo - Skopje - Sofia - Stockholm - Tallinn - Tbilisi - Tirana - Vaduz - Valletta - Vilnius - Warschau - Wien - Yerevan - Zagreb
Sveitarfélagið Álftanes | Garðabær | Hafnarfjarðarkaupstaður | Kjósarhreppur | Kópavogsbær | Mosfellsbær | Reykjavíkurborg | Seltjarnarnesbær