Tallinn
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Tallinn | |
---|---|
Land | Estland |
Krees: | Harju |
Koordinaten: | 59°26'N, 24°46'E |
Fläch: | 159.2 km² |
Awunner: | 401.502 (vun 2004/publ.2005) |
Bevëlkerungsdicht: | 2.524 / km² |
Héicht: | 44 m i. NN |
Buergermeeschter: | Jüri Ratas |
Tallinn ass d'Haaptstad an dee gréisste Séihafe vun Estland. Si läit um Finnesche Golf (engem Deel vun der Baltescher Séi), eng 80 km südlech vun Helsinki.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geographie
[Änneren] Geschicht
[Änneren] Politik
[Änneren] Kuckeswäertes
- d'Nikolaikierch ( estn.Niguliste kirik)
- d'Hälleg-Geescht-Kierch mat hire Konschtschätz aus dem spéide Mëttelalter vum Bernt Notke an dem Hermen Rode
- d'Olaikierch
- d'Stadhaus
- d'Parlamentsgebai
- d'Gilde-Haus (estn. Toompea), awer virun allem
- déi orthodox Alexander-Newski-Kathedral. (Si gouf tëschent 1894 a 1900 gebaut an der Zäit, wou Estland nach e Deel vum russeschen Zareräich war an zitt haut nach ëmmer vill Visiteuren un.)
[Änneren] An der Stad selwer
D'Stad Tallinn huet de Charakter vun enger mëttelalterlecher Alstad behal. Ronderëm d'Stad féieren Festungsmaueren mat vill gutt erhalen Tierm.
D' Stad Tallinn huet streng Bestëmmungen, wat d'Ëmwelt an d'Evakuatioun vu den Offäll ugeet an ass bekannt als déi propperst Stad vun Europa.
[Änneren] Ronderëm d'Stad
- Um Stadrand läit d'Schlass Katharinental (estn. Kadriorg)
- Am Perita-Staddeel, nordöstlech vum Stadkäer, läit de Jachthafen, dee vun engem Nolenbësch begrenzt gët. De Strand doniewt profitéiert am Summer vun engem starken Zoulaf.
- Eng Ofwiesslung ass de Besuch vu der Insel Naissaar an der Tallinner Bucht no beim Festland.
- Ee Fernsehtuerem ( estn. Teletorn) mat senger Aussiicht-Plattform fir Visiteuren erlaabt eng schéin Vue op d'Stad, an bei guddem Wieder en Ausbléck bis zur finnescher Küst.
[Änneren] Ënnert UNESCO Protectioun
D'Alstad vu Tallinn figuréiert zënter 1997 op der UNESCO-Lëscht vu der Weltierfschaft
[Änneren] Economie an Infrastruktur
[Änneren] Dichteg Tallinner
- Neeme Järvi, Dirigent
[Änneren] Literatur zum Thema
Katharinental (estn. Kadriorg).
[Änneren] Links
- Offiziell Säit vun der Stad Tallinn
- Statistiken iwwer Tallinn
- UNESCO-Lëscht vu der Weltierfschaft
- Tallinn op Wikitravel
- Fotosgallerie
Amsterdam - Andorra la Vella - Athen - Baku - Belgrad - Berlin - Bern - Bratislava - Bréissel - Budapest - Bukarest - Chisinau - Dublin - Helsinki - Kiew - Kopenhagen - Lissabon - Ljubljana - Lëtzebuerg - London - Madrid - Minsk - Moskau - Nikosia - Oslo - Paräis - Prag - Reykjavík - Riga - Roum - Sarajevo - Skopje - Sofia - Stockholm - Tallinn - Tbilisi - Tirana - Vaduz - Valletta - Vilnius - Warschau - Wien - Yerevan - Zagreb