Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Fernand Hoffmann - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Fernand Hoffmann

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Fernand Hoffmann (* 8. Mee 1929 zu Diddeleng, † 22. November 2000 an der Stad) war e lëtzebuergeschen Auteur, Literaturkritiker a -wëssenschaftler a Sproochwëssenschaftler. Op säi Kont ginn iwwer 400 Publikatiounen.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Säi Liewen

De Fernand Hoffmann wiisst zu Hollerech op a mécht seng Première 1948 am Athenäum. Hie studéiert zu Paräis op der Sorbonne Germanistik, Geschicht a Philologie (bis 1951) an zu Tübingen (bis 1953) a gëtt dono Prof zu Lëtzebuerg. 1967 gëtt hie Prof um Institut Pédagogique (dem Virleefer vum ISERP. 1968 mécht en op der Uni zu Nanzeg seng Promotioun zum "docteur ès lettres" iwwert den Thomas Mann. Vun 1977 bis 1992 ass hie Professer um Cours Universitaire (dem spéidere Centre Universitaire Luxembourg), an ass Member vum Institut Grand-Ducal.

[Änneren] Publikatiounen

De Fernand Hoffmann séng Bibliographie ëmfaasst iwwer 400 Publikatiounen, dorënner eng Onmass vun Bicher- an Theaterrezensionunen, Vir- a Nowierder, Noriff a Laudatioen. An den 1950er Joeren kommen 1-3 Publikatiounen an der Academia, vun de Sechzegerjoren ëmmer méi an der Warte eraus. An den 1960er Joeren schreift hien och seng éischt Fictiounen a Form vu Romaner (Die Grenze, 1972), Radiospiller (Pier Beautemps, 1962) an Theaterstécker (Adamesstrooss 13, 1965). Aner Romaner sinn nokomm:

  • Die Grenze, 1972
  • Nachträgliche Erhebung, 1981
  • Die zahme Krähe, 1986
  • Die Streuwiese, 1988,
  • Pitterchen, 1992.

D'Geschichte der Luxemburger Mundartdichtung (Bd 1.: 1964, Bd. 2: 1967), ass seng éischt grouss Fuerschungspublikatioun. Senge Fuerschungsaarbéchten ass och seng Doktoratsthèse ze zielen:

  • Thomas Mann als Philosoph der Krankheit.Versuch einer systematischen Darstellung seiner Wertphilosophie des Bionegativen, 1975.

Ausserdeem ginn et do d'Monographien:

  • Standort Luxemburg, 1974;
  • Heimkehr ins Reich der Wörter, Versuch über den Schweizer Schriftsteller Gerhard Meier, 1982;
  • Dicks, oder der Abstieg und Aufstieg des Edmond de la Fontaine, Leben und Schaffen eines Nationaldichters, 1991;

an, an der Linguistik:

  • Sprachen in Luxemburg, Sprachwissenschaftliche und literaturhistorische Beschreibung eier Triglossie-Situation, 1979;
  • Zwischenland, Dialektologische, mundartphilosophische und mundartliterarische Grenzgänge, 1981.

Aner Buchpublikatiounen ginn, wéi seng Artikelen och, iwwer déi verschiddenst Sujetën:

  • Luxemburg bei Tisch. Ein nahrhaftes Lesebuch, 1962.
  • Öslinger Geschichten, 1965.
  • Mëscheler. Luxemburgisches am Rande vermerkt, 1968.

Ëm 1990 kënnt eraus, dass de Fernand Hoffmann et beim Kenntlech-Maache vun de Quellen an e puer Artikelen net esou genau geholl hat an der eng ettlech 'vergiess' huet.

[Änneren] Gielecher

De Fernand Hoffmann gouf matt eng Rëtsch Gielecher ausgezeechent: Officier de l'Ordre de la Couronne de Chêne, Commandant de l'Ordre de Mérite, Nassauer Zivil- und Militärorden an dem Bundesverdienstkreuz 1. Klasse.

[Änneren] Literatur iwwert de Fernand Hoffmann

  • Emile van der Wekene, : "Fernand Hoffmann. Versuch einer Bibliographie seiner Veröffentlichungen. 1953-1993." In: Kohnen, Joseph; Solms, Hans-Joachim; Wegera, Hans-Peter (Hg.): Brücken schlagen... 'Weit draussen auf eigenen Füssen'. Festschrift für Fernand Hoffmann. Frankfurt-am-Main 1994, S.385-409.
  • Wegera, Klaus-Peter: "Fernand Hoffmann zum 65. Geburtstag am 8. Mai 1994", in: Bulletin Linguistique et Etnologique, fascicule 26, Luxembourg 1995.
  • JG Joseph Groben: "In memoriam Fernand Hoffmann, Pädagoge, Schriftsteller und Wissenschaftler (1929-2000)", in: Die Warte 14.12.2000 (och am Journal de l'APESS N° 37)
  • Hoffmann, Fernand : "Der Beitrag der luxemburgischen Professorenschaft zur Sprachwissenschaft und zur Erfoschung des Luxemburgischen". In: APESS (Hg)(1986): Récréation N°5, S.126-164

[Änneren] Um Spaweck

Aner Sproochen
Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com