Nicolas Gredt
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Nicolas Gredt, gebuer den 18. Februar 1834 an der Stad an do gestuerwen den 20. Juni 1909 huet de Sagenschatz des Luxemburger Landes erausginn.
Den Nicolas Gredt war fir d'éischt Schräinergesell. No engem kuerze Studium gouf hien 1864 Professer, 1867 Zensor an tëscht 1885 an 1906 Direkter am stater Kolléisch. 1883 huet de Gredt säin Haaptwierk erausginn, de Sagenschatz des Luxemburger Landes.
Zu Zéisseng ass eng Strooss nom Gredt benannt.