Blockflütt
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Blockflütt | |
---|---|
fr.: flûte à bec, ital.: flauto dolce | |
Klassifikatioun | |
Aerophon | |
Holzblosinstrument | |
Tounëmfang | |
Ähnlech Instrumenter | |
Piccoloflütt | |
Klangbeispill | |
[[Media:{{{1}}}|{{{2}}}]] ? / [[:Image:{{{1}}}|Lizenz]] |
Eng Blockflütt ass e Museksinstrument aus der Famill vun den Aerophonen, méi genee en Holzblosinstrument.
D'Blockflütt besteet aus Holz, hautesdags och alt aus Plastik. Den Numm kënnt vun dem Stéck Holz (Block oder Kär genannt) dat am Mondstéck d'Loft op de Labium hi kanaliséiert wou dann den Toun entsteet. D'Tounhéicht hänkt, nieft der Gréisst vum Instrument, vun der Zuel an der Kombinatioun vun den Grëfflächer, déi mat de Fanger vum Spiller zougehal ginn an och vun der Intensitéit vum Loftstroum of.
[Änneren] Blockflüttefamill
Et gi Blockflütten a verschidde Gréissten.
Geleefeg sinn:
- Sopraninoblockflütt (och nach Diskantflütt genannt) Tounbeispill
- Sopranblockflütt (gëtt meeschtens benotzt fir ze léieren)
- Altblockflütt Tounbeispill
- Tenorblockflütt
- Bassblockflütt
- Kontrabassblockflütt
[Änneren] Geschicht
Blockflütte gouf et schonns am Mëttelalter. Hir Héichzäit war de Barock. Dono goufen se no an no vun der Querflütt verdrängt, well d'Orchesteren ëmmer méi grouss goufen an d'Querflütte besser ze héiere sinn ewéi d'Blockflütten.
[Änneren] Wichteg Solisten
- Sabine d'Hont
- Hans-Martin Linde
- Dorothee Oberlinger
- Michala Petri