Keeserthermen (Tréier)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Keeserthermen zu Tréier sinn déi jéngst vun den dräi réimeschen Therme vun Tréier. Ufanks vum 4. Joerhonnert gebaut, huet déi haut androcksvoll Ruin, zu de gréissten Therme vum réimesche Räich gehéiert.
Iwweresch ass haut nach de Caldarium, de Warmbuedesall, iwwert deen een zu den ënnerierdesche Steiergäng, déi zum Behëtzen an Entwässere vun der Anlag gedéngt hunn, an zum Kaalbued Frigidarium gelénkt. A sechs Kesselraim, vun deenen haut nach véier ze gesi sinn, konnt dat kaalt Waasser erhëtzt ginn. D'Zil vum Ëmbau an der zweeter Halschent vum 4. Joerhonnert war waarscheinlech d'Erriichtung vun engem Keeserforum.
Wéi all réimesch Bauten aus der Stad, goufen och d'Keeserthermen am Mëttelalter als Steebroch genotzt. Gläichzäiteg huet de Rescht vum Gemaier als Deel vun der mëttelalterecher Stadmauer gedéngt. Haut gehéiert déi Anlag zu der UNESCO-Lëscht vun der Weltierfschaft a bidd mat 650 Sëtzplaze genuch Plaz fir am Summer Theaterstécker opzeféieren.