Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Skandinavien - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Skandinavien

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Skandinavismus am 19. Joerhonnert
Vergréisseren
Skandinavismus am 19. Joerhonnert
Skandinavien am Wanter (mat Finnland an deelweis dem Baltikum)
Vergréisseren
Skandinavien am Wanter (mat Finnland an deelweis dem Baltikum)

De Begrëff Skandinavien steet fir eng historesch a kulturell Regioun an Nordeuropa. Zu Skandinavien ginn d'Länner Norwegen, Schweden an Dänemark gezielt.

Regional Sammelbegrëffer hunn eng gewëss Tendenz jee no Kontext (z.B. Sproochraum) ënnerschiddlech verstan a gebraucht ze ginn. Dat gëllt virun allem och fir Skandinavien. De Numm gëtt dacks synonym mat skandinavescher Hallefinsel gebraucht (op där Dänemark awer net läit), Finnland dozou gezielt, an heiansdo souguer nach Island, d'Faröer Inselen a Grönland als skandinavesch etikettéiert.

Dat kennt ënner anerem dohier dat d'Grenzen tëscht den dräi Länner am Laf vun der Geschicht e puer mol verréckelt an nei Territoiren entdeckt goufen. Sou war Finnland laang Zäit schwedesch an op Island a Grönland hate sech jeeweils dänesch an norwegesch Wikinger niddergelooss.

Tëscht 1397-1523 waren di dräi Länner an der Kalmarer Personalunioun vereent. Aus heiteger Siicht waren och déi deemools nach net eegestänneg Länner Finnland an Island dobäi. Déi Dänesch-Norwegesch Personalunion huet esouguer nach bis 1814 gehal.

Nieft der geographescher Noperschaft an den historesche Parallelen zënter der Wikingerzäit sinn et vläicht d'Sproochen déi am meeschten zu der skandinavescher Verbonnenheet bäidroen. Schwedesch, Dänesch an Norwegesch gehéieren zu der selwechter nordgermanescher, dacks och skandinavesch genannter Famill vun den indoeuropäesche Sproochen. Islännesch ass zwar sproochgeschichtlech emfong och eng skandinavesch Sprooch, gëtt awer net esou ouni Weideres a Skandinavien verstan. Duerch déi relativ Isolatioun huet d'Islännesch eng Rëtsch linguistesch Entwécklunge vun hire Schwestersprooche net mat gemaach.

D'Norweger, d'Schweden an d'Däne versti sech dogéint meeschtens ouni gréisser Problemer (obschonn d'Verstännegung tëscht engem Nordnorweger an engem Dän an hire jeeweilege Mammesproochen an Dialekte natierlech scho méi schwéier gëtt).

Finnesch gehéiert zu der finno-ugrescher Sproochefamill a gëtt vu Skandinavier ouni et geléiert ze hunn net verstan.

Skandinavien ass also an éischter Linn manner eng geographesch Bezeechnung. De Begrëff reflektéiert éischter d'kulturell Ähnlechkeeten an déi staarkt historesch Verbonnenheet tëscht deenen heitegen dräi Länner.

[Änneren] Etymologie

Zu der Etymologie vum Wuert ginn et zwou Theorien:

Déi geleefegst ass déi datt d'Wuert Skandinavien op dat aalschwedescht Skadhinawio zréck geet. Skadhin- wat esouvill wéi “Gefor“ oder “Schued“ bedeit an -awjo fir “Waasser ronderëm“ respektiv “Insel“ oder “Hallefinsel“. Déi ursprénglech Bedeitung vu Skandinavien kéint een also mat geféierlech Hallefinsel iwwersetzen.

Eng aner plausibel Theorie geet dovun aus, datt d'Wuert säin Ursprong bei der germanescher Göttin Skadi huet.

[Änneren] Kuckt och

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com