Norbert Metz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Norbert Metz, gebuer den 2. Februar 1811 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 28. November 1885 zu Eech, war, nieft dem Charles an dem Auguste ee vun den dräi Bridder Metz, déi allen dräi grouss Verdéngschter um Opschwong vun der Lëtzebuerger Wirtschaft hunn.
Den Norbert Metz war Ingenieur vun der Ecole Centrale vu Paräis. Bekannt ass hien als Manager a Politiker.
[Änneren] Den Norbert Metz als Politiker
Den Norbert Metz war President vun der Chamber a vun 1848-1853 Member vun der Regierung ënner dëm Staatsminister Jean-Jacques Willmar. Hie war Administrateur général des Finances et des Affaires militaires, wéi d'Ministeren deemools nach geheescht hunn. Hien huet pro-belsch Positiounen ageholl an hat e groussen Afloss op d'Aussepolitik.
[Änneren] Den Norbert Metz als Industriellen
Wëll seng zwéi Bridder kuerz hannerenee gestuerwe sinn (de Charles 1853 an den Auguste 1854), huet den Norbert Metz sech aus der Politik zeréckgezunn, fir sech ganz mat senge Gesellschaften kënnen ze beschäftegen.
Dem Norbert Metz seng Aktivitéite waren villsäiteg:
- Eigentlech war e Mëller an huet 1837 de Millekonsortium vun der Socété d'Industrie dirigéiert.
- Zu Arel war hien un enger Tubakmanufaktur bedeelegt.
- Desweideren hat en Affinitéite mat Entreprisen, déi am Bau täteg waren.
- Mat sengem Bruder Auguste huet en vun 1837 un déi Bäerburger Schmelz gegrënnt an dirigéiert.
- 1843 huet den Auguste Metz d'Geneemegung kritt, fir Eisenäerzer ze verschaffen. Allerdengs huet et bis 1843 gedauert, bis d'Escher Minett an de Koksiewen vun hirer Eecher Schmelz (Forges d'Eich) zum Asaz komm ass.
- D'Erfindung vum Englänner Henry Bessemer huet dunn de richtegen Opschwong vun der Siderurgie duerch den Auguste an Norbert Metz méiglech gemaach.
- 1871 ass dunn Metze Schmelz (méi spéit: Arbed Esch-Schëffleng) gegrënnt ginn.
- Duerch d'Fusioun mat den anere Schmelze koum et dunn 1911, nom Doud vum Norbert Metz, zur Grënnung vn der Arbed.
Ët soll och ervirgestrach ginn, datt de Norbert Metz a seng Famill iwwert d'Fondation Norbert Metz vill zum Opbau vun der Eecher Klinik beigedroen hunn.
[Änneren] Literatur
- Jules Mersch: Les Metz, La Dynastie du Fer, Biographie National du Pays de Luxembourg, fasicule 12