Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Émile Mayrisch - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Émile Mayrisch

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Jacob Émile Albert Mayrisch (* 10. Oktober 1862 zu Eech (haut Stad Lëtzebuerg); † 5. Mäerz 1928 zu Châlons-sur-Marne), war e Lëtzebuerger Stolindustriellen a President vum Directoire vun der ARBED.

[Änneren] Säi Liewen

Den Emile Mayrisch op engem Käppchen dee d'Lëtzebuerger Post 1996 zu senge Éiren rausbruecht huet
Vergréisseren
Den Emile Mayrisch op engem Käppchen dee d'Lëtzebuerger Post 1996 zu senge Éiren rausbruecht huet
Émile Mayrisch
Vergréisseren
Émile Mayrisch

Dem Émile Mayrisch säi Papp, den Édouard Mayrisch ass Dokter um Haff; seng Mamm, d'Mathilde Metz, ass d'Duechter vum Adolf Metz an d'Niëss vum Norbert Metz, engem Industriellen zu Eech an zu Dummeldeng a laang Zäit Minister. Hie wiisst zu Eech op, dat deemools d'industriellt Zentrum vu Lëtzebuerg war. Hie mécht säi Lycée an der Stad am Koléisch an um Institut Rachez an der Belsch. Vun 1881 bis 1885 studéiert en op der Rheinisch-Westfälische Technische Hochschule zu Oochen, kritt awer keen Ofschloss, well hie sech net der Diplomprüfung stellt. Deemools war et allerdings zu Lëtzebuerg nach méiglech, Ingenieursaarbechten ze leeschten, ouni en Diplom mussen ze hunn.

1885 geet en op d'Diddelenger Schmelz schaffen, déi dräi Joer virdru vu sengem Groussmonni Norbert Metz gegrënnt gi war. 1886, wéi d'Thomas-Prozedur agefouert gouf, gëtt den Émile Mayrisch. E Joer drop geet hien op Rodange, wou hie Produktiounschef vun den Héichiewe gouf. Den 1. Februar 1891 ass en als Ingenieur-Chemiker hannescht op Diddeleng gaang, wou e schonns zwee Méint drop Chef vum Laboratoire gouf. Am Juli 1893 war hie Generalsekretär vun der Direktioun, an den 21. Abrëll 1897 gouf en zum Direkter vun der Diddelenger Schmelz ernannt.

An deeër Fonctioun huet hien d'Schmelz moderniséiert a vergréissert, huet Verträg mat däitsche Liwwerante gemaach an d'Schmelz dem Stahlwerkverband ugeschloss. Och op sozialem Plang huet hie nei Moossstief fir seng Aarbechter geschaf: Krankekeess fir d'Aarbechter, Pensiounskeess fir d'Beamten, bezuelte Congé, en Economat, wou d'Aarbechter bëlleg akafe konnten, asw.

1894 bestit hie sech mat der Aline de Saint-Hubert. D'Koppel sollt zwee Kanner hunn: de Jean († 1899) an d'Andrée, genannt Schnouki (1901-1977).

1911 huet den Émile Mayrisch, no laange Verhandlungen, déi dräi Lëtzebuerger Schmelze fusionéiert kritt: d'ARBED (Aciéries Réunies de Burbach-Eich-Dudelange) war gebuer, an hie gouf techneschen Direkter vun dëser neier Gesellschaft. Bis zum Krich huet en d'Arbed zu engem vun deenen dichtegste Membere vum Stahlverband gemaach.

An de Krichsjoren 1914-18 huet de Mayrisch ugeuerdent, dass d'Arbed viru sollt produzéieren (wouduerch och verhënnert gouf, dass vill Leit hätte missen entlooss ginn), an domatter Däitschland wichteg Matière-premièrë fir Krichsmaterial geliwwert. Dowéinst gouf d'Diddelenger Schmelz 1916/18 vun den Alliéierte bombardéiert. Mee de Mayrisch huet och an senger fréierer Villa e Krichslazarett fir däisch a franséisch Zaldoten ariichte gelooss.

Um Enn vum Krich knäppt e Verbindunge matt Frankräich, a léisst dem Jean Schlumberger, engem Schrëftsteller a Spionage-Offizéier, eng Dokumentatioun iwwert déi däitsch Krichsproduktioun zoukommen.

Graf vum Mayrisch a senger Fra zu Kolpech am Park
Vergréisseren
Graf vum Mayrisch a senger Fra zu Kolpech am Park

Nom Krich ass Lëtzebuerg aus dem Zollveräin ausgetrueden, an d'Arbed huet sech nei Ofsazmäert misse sichen. 1919 huet den Émile Mayrisch zesumme matt Schneider-Creusot d'Terres Rouges gegrënnt, géint de Widderstand vum Verwaltungsrotspresident vun der Arbed, dem Belsch Gaston Barbanson. De Mayrisch gouf geschwënn dono President vun der Direktioun vun der Arbed, an hie war et, deen e generellt Ofkommes tëschent der däitscher, franséischer, belscher a lëtzebuergescher Stolindustrie ausgehandelt huet.

1920 ass d'Mayrisch-Famill op Kolpech geplënnert, wou s'e Schlass kaaft haten. Dëst gouf an de Joeren dono e wichtege Rendez-vous wou Schrëftsteller, Moler, Politiker an Economisten aus Europa zesumme koumen. Zum Kolpecher Frëndeskrees gezielt hun den André Gide, de Walter Rathenau, de Jacques Rivière, de Paul Claudel, de Jean Guéhenno, d'Annette Kolb, de Théo Van Rysselberghe, d'Maria Van Rysselberghe (Fra vum Théo), de Karl Jaspers, de Bernard Groethuysen, den Ernst Robert Curtius an de Richard Coudenhove-Kalergi. Iewescht Zil vun de Mayrisch war et, en Ausgläich tëschen Däitschland a Frankräich ze fannen.

Den 30. September 1926 gëtt, alt nees no laangem Verhandelen, zu Lëtzebuerg d'Entente Internationale de l’Acier (E.I.A.) gegrënnt, wou Lëtzebuerg a seng Nopeschlänner Quote fir hir Stolproductioun festgeluecht hunn. Den Émile Mayrisch gouf President vun dësem Kartell.

1922 keeft den Émile Mayrisch e groussen Deel vun de Partë vun der liberaler Luxemburger Zeitung, wou en sengen Iddien iwwert d'däitsch-franséischt Sech-erëm-méi-no-Kommen kunnt Ausdrock ginn. Zousätlech dozou huet en 1926 de Comité Franco-Allemand d’Information et de Documentation (Deutsch-Französisches Studienkomitee) gegrënnt. Dëse Comité, deen zu Paräis an zu Berlin e Büro hat, huet sech beméit, falsch Informatiounen, déi déi 2 Länner sech an de Kapp gehäit hunn, ze widderleeën.

1926 wierdegt dann endlich séng Alma Mater, d'RWTH vun Oochen dem Émile Mayrisch seng Verdéngschter, an ernennt hien zum Eierendokter vun der RWTH. Soumadder kënnt hien um Enn vun séngem Liewen awer nach zu akademische Mériten.

Den Émile Mayrisch ass 1928 bei engem Autosaccident, ënnerwee op Paräis op eng Versammlung vun der E.I.A., leie bliwwen.

[Änneren] Aus den Noriff an der Lëtzebuerger Press

  • Schließlich soll nicht verschwiegen werden, dass Emile Mayrisch politisch links eingestellt war. Freilich konnten wir uns in der letzten Zeit nicht immer mit ihm verstehen und waren wir genötigt, ihm mehr als einmal in offener und ehrlicher Fehde entegenzutreten. Es soll heute vergessen sein, nicht wegen des verlogenen Spruches "De nortuis nil nisi bene". Sondern weil tatsächlich in dem Präsidenten des Stahlkartells ein grosser Mann von uns gegangen ist. De "G.v.W. am Tageblatt vum 6. Mäerz 1928.
  • ... Unser Land darf mit Recht stolz auf diesen Luxemburger sein. Seine Gesinnungen und Ëberzeugungen waren nicht die unsrigen. Ja, es gab Zeiten, in denen seine und unsere Politik in scharfer Fehde gegeneindander stritten. Aber je höher er stieg und je einsichtiger er die Welt und die Menschen beurteilte, um so näher kam er unseren Anschauungen. .. Aus dem Luxemburger Wort vum 6. Mäerz 1928.

[Änneren] Um Spaweck

Aner Sproochen
Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com