Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Carlo Hemmer - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Carlo Hemmer

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Carlo Hemmer
De Carlo Hemmer

De Carlo Hemmer (* 26. Juni 1913 zu Kaiserslautern, † 11. November 1988 zu Ettelbréck), war e lëtzebuergeschen Economist, Manager, Editeur an Auteur.

Gebuer zu Kaiserslautern, geet de Carlo Hemmer zu Ettelbréck an d'Primärschoul, zu Dikrech an de Lycée an an der Stad Lëtzebuerg an d'Industrie- an Handelsschoul. 1932-1934 studéiert en op der Hautes Etudes Commerciales zu Paräis, a vun 1934-1936 op der Handelshochschule zu Leipzig, wou e seng Studie mat engem Doktorat ofschléisst.

Carlo Hemmer-Monument zu Ettelbréck
Vergréisseren
Carlo Hemmer-Monument zu Ettelbréck

Tëschent 1936 an 1940 sammelt hien als Attaché am Landwirtschaftsministère seng éischt berufflech Erfahrungen. Am Krich gëtt hien 1941 fir d'éischt als Gérant vun engem Mëllechsyndikat op Ettelbréck versat, kuerz derno entlooss, well en de politesche Virstellunge vun den Naziën net entsprach huet. Bis 1944 schafft en zu München am juristeschen Déngscht vun enger Baufirma.

Vun 1944 bis 1958 ass de Carlo Hemmer Generalsekretär vun der Lëtzebuerger Industrielle-Vereenegung FEDIL. Den 1. Januar 1954 kënnt déi éischt Nummer vun der Wochenzeitung D'Letzeburger Land eraus, déi vun him gegrënnt ginn ass.

1958 wiesselt e fir e puer Joer op Bréissel, wou en an der Europäescher Commissioun Direkter an der Verwaltung vun der Generaldirectioun 'Industrie' gëtt. Mee geschwënn dono ass hien nees zu Lëtzebuerg, wou en 1962 Direkter vun der Chambre de Commerce als Nofolger vum Paul Weber gët (hien ass dat bis zu senger Pensioun 1974 bliwwen), vun 1963 un President vum Office Luxembourgeois pour l'acroissement de la Productivité (OLAP) ass (bis 1988), an och nach President vum Jugendherbergsverband ass (1960 bis 1984).

Seng beandrockend Lëscht vun Ämter geet virun: 1970 bis 1986 ass hie Member vum Europäesche Wirtschafts- a Sozialcomité, vun 1973 bis 1985 Member vum Verwaltungsrot vun den CFL, 1976 bis 1988 President vum Conseil supérieur de l'aménagement du territoire, 1977 bis 1988 President vun der Lëtzebuerger Bourse an 1978 bis 1985 Member vum Verwaltungsrot vun der Banque Générale du Luxembourg.

Do dernierft ass en nach tëschent 1970 an 1984 President vun der Section des sciences morales et politiques vum Institut Grand-Ducal. Hien ass och Auteur vun enger ganzer Rëtsch Publicatiounen, déi sou ënnerschiddlech Themen wéi Economie, Demographie, Europapolitik, Reesreportagen, Lännerbeschreiwungen, Noriff, asw. ëmfaassen.

De Carlo Hemmer ass am Alter vu 75 Joer gestuerwen. D'Gemeng Ettelbréck, wou hien gewunnt huet, huet him ee Gedenksteen gesat.

[Änneren] Publicatiounen

  • Carlo Hemmer: L'économie du Grand-Duché de Luxembourg - Première Partie - Les conditions sociales - La production primaire, Editions Beffort, Luxembourg,1948
  • Carlo Hemmer: L'économie du Grand-Duché de Luxembourg - Deuxième Partie - La production secondaire: L'industrie sidérurgique, Editions Beffort, Luxembourg,1953

[Änneren] Bio-bibliographie

  • Carlo Hemmer: säi Liewe - säi Wierk = sein Leben - sein Werk = sa vie - son oeuvre, Luxembourg, 1991.
Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com