Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Schlass vu Versailles - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Schlass vu Versailles

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Versailles
Vergréisseren
Versailles

D'Schlass vu Versailles, zu Versailles, am Département des Yvelines a Frankräich ass eng al kinneklech Residenz.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Versailles ënnert dem Louis XIII.

Knapp 20 Kilometer vu Paräis ewech léisst sech de franséische Kinnek Louis XIII. an de Joeren 1623-1624 op engem Hiwwel zu Versailles, wat knapps méi wéi e klengt Duerf ass, e Juegd-Schlass bauen. Architekt ass den Nicolas Huau.

Vun 1631-1634 gëtt dëse klenge Pavillon de chasse vum Architekt Philibert Le Roy ausgebaut, an de Kinnek léisst sech vum Jacques de Menours e Gaart uleeën.

Am Géigesaz zu deem, wat Versailles wäert ginn, huet sech de Louis XIII. heihinner zeréckgezunn, an huet weder Haff nach Famill a sengem klenge Juegdschlass akzeptéiert. Hie plangt, sech heihinner zeréckzezéien, mee dozou kënnt et net méi well de Louis XIII. 1643 stierwt a säi Jong sech em Versailles këmmere wäert.

Gäert vum Schlass vu Versailles
Vergréisseren
Gäert vum Schlass vu Versailles

[Änneren] Versailles ënnert dem Louis XIV.

Dem Louis XIV. säi Versailles ass e Schantje vun iwwer 50 Joer, an d'Arbechte sinn nach amgaangen, wéi de Sonnekinnek den 1. September 1715 d'Welt verléisst. Dëst huet virun allem mat de Kricher vum Louis XIV. ze dinn, an där gouf et genug während senger Herrschaft. An de kuerze Friddenszäiten ass sech geflass ginn, fir hei nach e Fligel an do nach e Weier unzeleeën, eh et nees zeréck un d'Front gaangen ass.

Nom Grand divertissement (1668) beschléisst de franséische Kinnek fir d'éischte Kéier, d'Anlag ze vergréisseren an ze verschéineren. De Fridden an d'Gonscht vun der Mme de Montespan maachen de Wee fräi fir eng Phas vu groussem Fast, am Stil vun enger italienescher Summervilla (1668-1678). Den Architekt Le Vau ass mam Ëmbau beoptragt ginn. No sengem Doud (1670) iwwerhëllt den d'Orbay dës Charge, an de Charles Le Brun, éischte Moler, ass fir d'Dekoratioun zoustänneg.

De Ministär, den Haff an d'kinneklech Famill plënneren am Mee 1682 op Versailles, nodeems si vun 1666 un zu Saint-Germain-en-Laye gewunnt hunn. Dës Plënneraktioun ass virun allem dodrop zeréckzeféieren, datt et dem Louis XIV. säi Wonsch war, de Pouvoir op enger Plaz ze konzentréieren, fir datt de Kinnek ëmmer jiddfereen an alles am Aa konnt hunn.

[Änneren] Vum Louis XV. zur Revolutioun

Mam Doud vum Louis XIV. verschwënnt déi ganz "Mechanik" vu Versailles (Zeremoniell, Etiquette) natierlech net, a bis 1789 reproduzéieren de Louis XV. a Louis XVI. déi selwecht Geste op deselwechte Plaze wéi hire Virfaren, an zu Versailles leeft alles wéi zu Zäite vum Grand Roi weider.

De Louis XV. beend d'Wierk vu sengem Urgrousspapp am gläiche Geescht, an de salon d'Hercule, de bassin de Neptune an d'Oper ginn dekoréiert.

Mam Louis XV. fänkt awer gläichzäiteg och eng aner Phas vum Liewen am Schlass un, an zwar gëtt dat Offiziellt méi kleng geschriwwe wéi beim Louis XIV. D'kinneklech Famill zitt sech ëmmer méi dacks an hir privat Appartementer zeréck. Dëst huet als Konsequenz datt sech den Adel ëmmer méi vu Versailles zeréck zitt, well do souwisou näischt Interessantes méi geschitt. Um Virowend vun der Revolutioun huet d'Aristokratie sech wäit vum Kinnek entfernt.

[Änneren] Am 19. Joerhonnert: Napoléon a Louis-Philippe

D'Revolutioun raumt Versailles zwar aus, mee d'Gebai selwer bleiwt stoen. D'Schlass gëtt an de kommende Joeren e puer mol restauréiert, aus éischt vum Napoléon, du vun de Kinneken Louis XVIII. a Charles X.. Mee keen traut sech, nacheemol zeréck op Versailles ze plënneren. Sech do z'installéieren wir eng kloer Provokatioun déi an den Ae vun de Fransousen als Réckgank an den Ancien Régime kéint ugesi ginn. Wat soll also mat Versailles geschéien?

Pläng fir d'Schlass ganz ofzerappe leie schonn um Dësch, mee de Kinnek Louis-Philippe kann dat verhënneren. De Kinnek vun de Fransousen, an engem Geescht vun nationaler Reconciliatioun, transforméiert d'Ex-Kinneksresidenz an e Musée dédié à toutes les gloires de la France. D'Galeries historiques, déi 1837 opgemaach goufen, erzielen op monumental Aart a Weis d'Geschicht vu Frankräich, vu sengen Ufäng bis an d'Géigewaart.

[Änneren] Eng kleng Chronologie vum Schlass vu Versailles

Galerie des Glaces
Vergréisseren
Galerie des Glaces
  • 1624: De Louis XIII. léisst sech um Hiwwel vu Versailles e Pavillon de chasse bauen.
  • 1631: De Louis XIII. beoptragt den Architekt Philibert Le Roy fir him e Schlass amplaz vum Pavillon ze bauen.
  • 1643: De Louis XIII. ass fir d'leschte Kéier zu Versailles.
  • 1660: De Louis XIV. bestued d'Marie-Thérèse vun Éisterräich a bréngt seng Fra de 25. Oktober op Versailles.
  • 1664: Fête des Plaisirs de l'Île enchantée zu Versailles.
  • 1668: Grand divertissement vu Versailles.
  • 1682: De Louis XIV. dekretéiert datt Versailles déi offiziell Residenz vum Haff ass, an de Sëtz vum Gouvernement.
  • 1684: D'Galerie des Glaces gëtt fäerdeggestallt.
  • 5. Juni 1710: D'Kapell gëtt ageweit.
  • 1. September 1715: De Louis XIV. stierwt zu Versailles. Den 9. September verléisst säi Nofolger, de Louis XV. Versailles fir Vincennes.
  • 1722: De Louis XV. plënnert nees op Versailles zeréck.
  • 1736: Ouverture vum Salon d'Hercule.
  • 1768: De Petit Trianon gëtt fäerdeggestallt.
  • 10. Mee 1774: De Louis XV. stierwt zu Versailles.
  • 1777: Besuch vum Joseph II. vun Éisterräich, Keeser a Brudder vun der Kinnigin.
  • 1783: D'Traitéë vu Versailles ginn ënnerschriwwen, déi d'amerikanesch Onofhängegkeet konsakréieren.
  • 1783-1786: Den Hameau de la Reine gëtt gebaut.
  • 5. Mee 1789: États généraux.
  • 6. Oktober 1789: De Kinnek a seng Famill verloosse Versailles definitiv.
  • 1837: De Kinnek Louis-Philippe mecht e Musée dédié à toutes les gloires de France op.

[Änneren] Literatur zum Thema

  • Claire Constans, Versailles, château de la France et orgeuil des rois, Gallimard, Paräis, 1989.
  • Pierre Lemoine, Le château de Versailles, Albin Michel, Paräis, 1988.
  • Alfred Marie, Versailles au temps de Louis XIV, Imprimerie nationale, Paräis, 1968-1984.
  • Pierre Verlet, Le château de Versailles, Fayard, Paräis, 1985.


  • François Bluche, Dictionnaire du Grand Siècle, Fayard, Paräis, 1990.
  • Lucien Bély, Dictionnaire de l'Ancien Régime, PUF, Paräis, 2003.

[Änneren] Links

[Änneren] Intern

[Änneren] Extern

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com