Salon d'Hercule
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Salon d'Hercule ass ee vun de Säll am Schlass vu Versailles (Frankräich) an zielt zum Grand Appartement du Roi.
Dëse Sall gouf als éischt als Kapell benotzt befir 1710 déi aktuell Chapelle du Roi fäerdeggestallt gouf. Duerno war de Salon d'Hercule e stännege Schantjen.
Mat der Dekoratioun gouf 1712 ugefaangen an an deem Joer gouf och dat monumentalt Wierk vum Veronese, Cena da Simone (D'Iesse beim Simon) an dësem Sall opgehaangen. Dëst Wierk, wat ëm 1570 gemoolt gouf, gouf dem Louis XIV. 1664 vun der Republik Venedeg geschenkt.
Nom Doud vum Sonnekinnek 1715 hunn d'Arbechten opgehalen, a goufen eréischt 1725 nees opgeholl. Inspiréiert vum Veronese gëtt ënnert dem François Lemoine de Plafong fäerdeggestallt.