Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Pius XI. (Poopst) - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Pius XI. (Poopst)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Pius XI.
Vergréisseren
Pius XI.

De Pius XI. (* 31. Mee 1857 zu Desio (Lombardei), † 10. Februar 1939 zu Roum) - biergerlechen Numm Achille Ambrogio Damiano Ratti - war Poopst vun 1922 bis 1939.

Den Theolog Ratti gouf am Joer 1879 zum Paschtouer geweiht, als dräifach promovéierte Geléierten (Dr. jur. Dr. theol. Dr. phil.) 1882 zum Professer zu Mailand beruff an 1888 Bibliothekar an der Ambrosiana zu Mailand. Am Joer 1907 gouf hien de Präfekt vun der Ambrosiana, mee gouf awer schonn 1911 vum Poopst Pius X. op Roum geruff. Do gouf hien zunächst Vizepräfekt an 1914 Präfekt vun der Vatikanescher Bibliothéik. Am Joer 1918 huet hien de Poopst Benedikt XV. (obschonns hie keng diplomatesch Erfahrung hat) zum Apostolesche Visitator am Regentschaftskinnekräich Polen ernannt, duerno 1919 zum Nuntius zu Warschau an Titular-Äerzbëschof vu Lepanto. D'Bëschofsweihe wor zu Warschau. Als eenzegen akreditéierten Diplomat ass den Nuntius während der Belagerung vun der Rouder Arméi am Polnesch-Sowjetesche Krich (1919-1921) an der Haaptstad bliwwen. Doduerch konnt hien e grousse Respekt ënnert den Diplomaten an d'Léift vun de Pole gewannen. 1920 gouf de Ratti zousätzlech Peepstleche Kommissär fir d'Ofstëmmungsgebidder Uewerschlesien, Ostpreisen a Westpreisen. An dëser Funktioun huet seng Neutralitéit béid Säite rose gemaach, a sou gouf hien 1921 zeréckgeruff, fir Äerzbëschof vu Mailand ze ginn, a kuerz drop Kardinol mat der Titelkierch Ss. Silvestro e Martino ai Monti. Nom iwwerraschenden Doud vum Poopst, gouf de Mailänder Kardinol schonn de 6. Februar 1922 no enger Konklav vu véier Deeg am 14. Wahlgang zum Poopst gewielt an den 12. Februar 1922 gekréint. Am Konklav stounge sech, wéi esou dacks am Kardinolskollegium an der méi jonker Poopstgeschicht, fromm Äiferer ("zelanti", bes. Merry del Val) an éischter diplomatesch "Politiker" ("politicanti", bes. Pietro Gasparri) géigeniwwer. Déi androcksvoll Perséinlechkeet vum Kardinol Ratti konnt béid Säiten iwwerzeegen.

[Änneren] Pontifikat vum Pius XI.

Mat senger Untrëttsenzyklika vum 23. Dezember 1922 huet den neie Poopst säi Programm virgestallt: "pax christi in regno christi", Fridde Christi a Christi Räich. Hien huet sech ausdrécklech déi pastoral a politesch Uleies vu senge Virgänger zu eege gemaach, de "soziale Modernismus" veruerteelt, a positiv Leetlinne fir eng friddfäerteg Gesellschaftsuerdnung op dem Fundament vun der kathoulescher Relioun entwéckelt.

Ënnert dem Pius XI. ass d'Léisung vun der sougenannter "Réimescher Fro" no der Souveränitéit vum Kierchestaat gelongen. Den 11. Februar 1929 huet hie mam Benito Mussolini d'Lateranverträg ofgeschloss, duerch déi d'Vatikanstad d'Onofhängegkeet krut. Ausserdem gouf an de Lateranverträg och de Katholizismus zur Staatsrelioun erkläert (bis 1984), de Reliounsunterrecht war obligatoresch an eng antikierchlech Propaganda verbueden. D'Bezéiungen zu der faschistescher Regierung sinn awer ëmmer méi schlecht ginn. Dëst huet 1931 zu der Verëffentlechung vun der Enzyklika Non abbiamo bisogno gefouert.

De Pius XI. huet vill Konkordater ofgeschloss, an Enzyklike verfaasst, sou z. B. d'Sozialenzyklika Quadragesimo anno (1931), wou hien de Subsidaritéitsprinzip gefuerdert huet.

Säi wichtegst Konkordat ass nieft de Lateranverträg wuel d'Räichskonkordat mam Däitsche Räich vum 10. September 1933. Dacks gëtt dem Pius XI. an och sengem Nofolger Pius XII. virgehäit, si hätte sech net däitlech genuch géint den Nationalsozialismus gestallt. Verdeedeger weisen awer drop hinn, datt d'Enzyklika Mit brennender Sorge, déi 1937 op Däitsch geschriwwe gouf (lat. Ardente cura; déi an Däitschland a Geheimen huet misse verdeelt ginn) d'nationalsozialistesch Ideologie veruerteelt. Dës Enzyklika ass haaptsächlech op de Broch vum Räichskonkordat duerch d'Nationalsozialisten agaangen, déi duerno geplangten Enzyklika Humani Generis Unitas (D'Eenheet vum Mënschegeschlecht; deelweis och als Societatis Unio zitéiert) sollt d'nationalsozialistesch Rassenideologie direkt veruerteelen. De Poopst hat säin däitsche Beroder Gustav Gundlach souwéi zwéi weider Jesuite mat engem Entworf beoptragt.

Graw vum Pius XI.
Vergréisseren
Graw vum Pius XI.

Et koum allerdéngs net zu enger Verëffentlechung vun der Enzyklika. D'Aarbechten um Text konnten net zu Liefzäite vum Poopst ofgeschloss ginn, an och d'Auswierkunge vun enger Verëffentlechung waren ongewëss. Deeler vum Konzept vun der "verstoppten Enzyklika" goufen allerdéngs spéider vum Pius XII. benotzt, zum Beispill an der Enzyklika Summi pontificatus. Nach 1937 gouf eng weider Enyzklika verëffentlecht, déi de Kommunismus vill méi däitlech ugegraff huet, a Partei fir dem Franco säi Putsch a Spuenien ergraff huet.

De Pius XI. huet och vill Leit helleg geschwat, ë.a. den Albertus Magnus, den Thomas Morus, de Petrus Canisius, de Konrad vu Parzham an den Don Bosco. Erfirzehiewen ass eng staark Veréierung vun der Hl. Thérèse Martin („vum Kand Jesu“; hien huet de Bau vun enger grousser Basilika zu Lisieux ënnerstëtzt). De Pius XI. huet och d'Christuskinneksfest agefouert.

Den ëmfaassend gebildete Poopst war eng autoritär Perséinlechkeet, extrem villsäiteg begabt, en onermiddlechen Aarbechter (ë.a. huet hie sech perséinlech ëm d'Detailler vum Ëmbau vum Vatikanstad an dem peepsteleche Summersëtz zu Castel Gandolfo gekëmmert), dee seng Entscheedungen dacks alleng getraff huet. Zum Zäitpunkt vu sengem Doud wor hie weltwäit gutt ugesinn. Déi lescht Liewensjoere ware vun engem schmäerzleche Léierprozess begleed, déi vum Pius XI. verlaangt hunn, de Charakter vu legitimer Autoritéit am gesellschaftlechen Zesummeliewen ëmmer méi däitlech vu purem Autoritarismus vu modernen Ideologien z'ënnerscheeden. Sou huet hien d'Hiwendung vun der Kierch zu der Demokratie virbereed, déi säin Nofolger de Pius XII. 1944 explizit formuléiert huet.

[Änneren] Säi Wierk (Auswiel)

  • Untrëttsenzyklika Ubi arcano Dei, 23. Dezember 1922. Iwwert de Fridde Christi am Räich Christi.
  • Apostoulescht Ronnschreiwes Rerum Ecclesiae, 28. Februar 1926. Iwwer Pflicht an Art vun der Förderung vun den Hellege Missiounen.
  • Apostoulescht Ronnschreiwes Rite Expiatis, 30. Abrëll 1926. Iwwert den Hellege Franziskus vun Assisi zu sengem 700. Doudesdag.
  • Apostoulescht Ronnschreiwes Mortalium Animos, 6. Januar 1928. Iwwert d'Pflicht zur Suerg iwwert déi wierklech Eenheet an der Relioun.
  • Apostoulescht Ronnschreiwes Casti connubii, 31. Dezember 1930. Iwwert d'chrëschtlecht Bestiednis am Hibléck op déi géigewäerteg Verhältnisser, Irrtümer a Verfeelungen a Famill a Gesellschaft.
  • Apostoulescht Ronnschreiwes Ingravescentibus Malis, 29. September 1937. Iwwert den Hellege Rousekranz vun der Jongfra Maria.

[Änneren] Literatur zum Thema

  • Mary Ball-Martínez, Die Unterminierung der Katholischen Kirche, Anton Schmid, Durach 1992 (ISBN 3-929170-29-9)
  • Carlo Confalonieri, Pio XI, visto da vicino, 1957 (dt.: Pius XI. Aus der Nähe gesehen, Aschaffenburg (Pattloch) 1958)
  • F. Ritter v. Lama, Papst Pius XI. Sein Leben und Wirken, Augsburg 1930.
  • K.H. Deschner, Die Politik der Päpste im 20. Jahrhundert, Rowohlt-Verlag, 1991.
  • J.R. Grigulevic, Die Päpste des XX. Jahrhunderts, Urania-Verlag Leipzig-Jena-Berlin, 1984.
  • Jean Mathieu-Rosay, Die Päpste im 20. Jahrhundert, Primus Verlag, 2005 (ISBN 3-89678-531-1)

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Commons: Pius IX. – Biller, Videoen oder Audiodateien


Virgänger:
Benedikt XV.
Poopst
1922-1939
Nofolger:
Pius XII.
Virgänger:
Andrea Carlo Ferrari
Äerzbëschof vu Mailand
1921-1922
Nofolger:
Eugenio Tosi


Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com