Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Organization of the Petroleum Exporting Countries - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Organization of the Petroleum Exporting Countries

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Logo vun der OPEC
Vergréisseren
Logo vun der OPEC

D'OPEC (Organization of the Petroleum Exporting Countries - Organisatioun vun de Länner déi Petrol exportéieren) gouf an engem Zäitraum vum 10. bis 14. September 1960 zu Bagdad gegrënnt.

Zanter 1965 huet d'Kartell säi Sëtz zu Wien. D'ursprénglech Membere waren Iran, Irak, Kuwait, Saudi-Arabien a Venezuela. Spéider hu sech sechs weider Staaten ugeschloss: Katar (1961), Indonesien (1962), Libyen (1962), d'Vereenegt Arabesch Emirater (1967), Algerien (1969) an Nigeria (1971). Ecuador war vun 1973 bis 1992 Member a Gabun vun 1975 bis 1994.

D'OPEC-Memberstaate fërderen ca. 40% vun der weltwäiter Petrolproduktioun a verfügen iwwer dräi Véirel vun de weltwäite Pëtrolreserven. Allerdéngs vermudde verschidden Experten (ë.a. Matthew Simmons), dass d'Ugabe vun de Reserven zum Beispill vu Saudi-Arabien net zoutreffen. Nodeems all Net-OPEC-Staaten hiert Fërdermaximum (kuckt: Peak-Oil) iwwerschratt hunn, ass ze erwaarden, dass den Afloss vun der OPEC steige wäert. Ënnert den 10 gréisste Petrolfërderer weltwäit sinn nëmme Saudi-Arabien, Iran, Venezuela, a VAE.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Memberstaaten

Memberstate vun der OPEC
Vergréisseren
Memberstate vun der OPEC
Afrika
  • Algerien (Juli 1969)
  • Libyen (Dezember 1962)
  • Nigeria (Juli 1971)
Mëttleren Osten
Südamerika
  • Venezuela (September 1960)
Südost-Asien
Ehemoleg Memberen
  • Gabun (1975 - 1995)
  • Ecuador (1973 - 1993)

[Änneren] Organer an Aflossberäich

Beim Iwwerschreide vu festgeluegte Quote kann d'OPEC Sanktiounen aleeden. D'Organisatioun funktionéiert folgendermoossen:

Zweemol am Joer treffen sech d'Ministere vun der OPEC déi fir Energie a Petrol zoustänneg sinn, fir de Stand vum Petrolsmaart ze beuerteelen, an entspriechend Moossnamen anzeleeden, fir d'Offer vum Petrol ze sécheren. D'Konferenz mecht dann déi nei Richtlinne publik.

Den OPEC-Sekretariat féiert d'exekutiv Fonktiounen aus. Him ënnerleien d'Aufgabe vun der Fuerschung am Beräich Energie a Finanzen. Ausserdem gi Statistiken erstallt a verëffentlecht. Och Virträg a Seminaire leien am Aufgabeberäich vum Sekretariat. Ausserdem huet de Sekretariat eng grouss Bibliothéik, déi fir d'Vertrieder vun de Memberstaaten awer och fir Fuerscher a Studenten op ass. Finanzéiert gëtt de Sekretariat duerch Beiträg vun de Memberstaaten.

De Repräsentant vun der OPEC ass de Generolsekretär, deen och Leeder vum Sekretariat ass. Dëse gëtt entweder fir dräi Joer gewielt oder alphabetesch duerch e Rotatiounsprinzip fir zwee Joer ernannt.

Departementer vum Sekretariat sinn: Fuerschung, Energiestudien, Wirtschaft a Finanzen, Dateservice, Personal a Verwaltung, OPECNA (OPEC-News Agency), Bureau vum Generalsektretär an Droit.

[Änneren] Generalsekretäre vun der OPEC

  • Fuad Rouhani (Iran): (21. Januar 1961 – 30. Abrëll 1964)
  • Abdul Rahman al-Bazzaz (Irak): (1. Mee 1964 – 30. Abrëll 1965)
  • Ashraf Lutfi (Kuwait): (1. Mee 1965 – 31. Dezember 1966 )
  • Muhammad Saleh Joukhdar (Saudi Arabien): (1. Januar 1967 – 31. Dezember 1967)
  • Francisco R. Parra (Venezuela): (1. Januar 1968 – 31. Dezember 1968 )
  • Elrich Sanger (Indonesien): (1. Januar 1969 – 31. Dezember 1969 )
  • Omar el-Badri (Libyen):(1. Januar 1970 – 31. Dezember 1970 )
  • Nadim Pachachi (Irak): (1. Januar 1971 – 31. Dezember 1972 )
  • Abderrahman Khène (Algerien): (1. Januar 1973 – 31. Dezember 1974)
  • M.O. Feyide (Nigeria): (1. Januar 1975 – 31. Dezember 1976)
  • Ali M. Jaidah (Katar): (1. Januar 1977 – 31. Dezember 1978)
  • René G. Ortiz (Ecuador): (1. Januar 1979 – 30. Juni 1981)
  • Marc Saturnin Nan Nguema (Gabun): (1. Juli 1981 – 30. Juni 1983)
  • Fadhil J. al-Chalabi (Irak), (acting): (1. Juli 1983 – 30. Juni 1988)
  • Subroto (Indonesien): (1 Jul 1988 – 30. Juni 1994 )
  • Abdallah Salem el-Badri (Libyen): (1. Juli 1994 – 31. Dezember 1994)
  • Rilwanu Lukman (Nigeria): (1. Januar 1995 – 31. Dezember 2000)
  • Alí Rodríguez Araque (Venezuela): (1. Januar 2001 – 30. Juni 2002)
  • Álvaro Silva Calderón (Venezuela): (1. Juli 2002 – 31. Dezember 200)
  • Purnomo Yusgiantoro (Indonesien),: (1. Januar 2004 &)
  • Iin Arifin Takhyan (Indonesien), (fir de Yusgiantoro): (1. Januar 2004 – Februar 2004)
  • Maizar Rahman (Indonesien), (fir de Yusgiantoro): (Februar 2004 - 31. Dezember 2004)
  • Sheikh Ahmad Fahad Al Ahmad Al Sabah (Kuwait),: (1. Januar 2005 – haut)
  • Adnan Shihab-Eldin (Kuwait), (fir den Al Sabah): (1. Januar 2005 – haut)

[Änneren] Objektiver

Den Objektiv vun der OPEC ass eng gemeinsam Uelegpolitik, fir sech ënner anerem géint e Präissverfall ofzesécheren. Duerch d'Festleeë vun de Fërderquote fir déi eenzel OPEC-Membere soll d'Petrolsproduktioun geregelt ginn an doduerch, duerch eng künstlech Verknappung oder Steigerung vun der Petrolfërderung, de Präis fir Petrol gedréckt, stabiliséiert oder ugehuewe ginn. Allerdéngs kënnt et och fir, dass sech eenzel Memberen net un déi festgesate Fërderquoten halen, an hier eege wirtschaftlech a politesch Ziiler verfollegen.

[Änneren] Geschicht

OPEC Zentral zu Wien
Vergréisseren
OPEC Zentral zu Wien

Während den 1950er Joeren ass de Petrolspräis erofgaangen, well emmer nei Quellen erschloss goufen, an d'Offer um Weltmaart gewuess ass. Dëst huet zu schwéiere Verloschter an de Staatsskeese vun de Petrolslänner gefouert. Ëm 1960 hate vill vun dëse Staten eescht Haushaltskrisen. An dëser Situatioun huet Saudi-Arabien de Virschlag gemaach, e Fërderkartell ze grënnen. Et sollt net nëmmen de Montant vum Petrol kontrolléieren, dee gefërdert gëtt, mee och e Géigegewiicht zu de grousse Petrolskonzerner bilden, déi op der Basis vun Traitéen aus der Kolonialzäit hier Gewënner ouni Bedeelegung vun de Staaten erwirtschaft hunn, op deenen d'Petrolsquelle lungen.

De 14. September 1960 gouf d'OPEC zu Bagdad gegrënnt. Hier éischt Membere waren Irak, Iran, Kuwait, Saudi-Arabien a Venezuela. Als éischt Moossnahme goufen eng Verstaatlechung vun de Petrolsquellen, d'Oofschwetze vum Fërdermontant an eng méi héich Besteierung vun de Petrolsfirme beschloss. D'Steiere sollten eng Geldquell opmaachen, déi onoofhängeg vum Fërdermontant ass. Am Ufank gouf d'OPEC weltwäit net wierklech wichteg ageschat, zemol well si nëmmen e klengen Deel vun de Fërderlänner ëmfaasst huet.

1965 gouf Wien zum Sëtz vun der OPEC. D'Länner hunn sech op eng gemeinsam Fërderpolitik geeenegt, fir d'Präisser ze stäipen.

1970 gouf de Präiss vum réie Petrol ëm 30% an d'Luut gehuewen an d'Petrolsgesellschaften hu misse Stéieren an der Héicht vu mindestens 55% vun de Nettoverdingschter bezuelen.

1971 goufen no Verhandlunge mat anere Petrolskonzerner d'Präisser fir réie Petrol an d'Luut gehuewen. Weiderhin huet d'OPEC e Staatsundeel vun iwwer 50% ugestriewt.

1973 ass de Petrolspräis vun 1972, 2.89 US-$ pro Barrel, op 11.65 Dollar an d'Luut gaangen, nodeems d'OPEC als Reaktioun op de Jom-Kippur-Krich e Petrolboykott géint d'westlech Staaten ausgeruff hat. Zu dëser Zäit hunn d'OPEC-Staate 55% vum Weltbedarf u Petrol gefërdert. Dësen Zäitraum gëtt als Éischt Petrolskris bezeechent.

Vun 1974 bis 1978 goufen d'Petrolspräisser meeschtens all halleft Joer ëm 5 bis 10 % erhéigt, fir d'Inflatioun vum US-Dollar ze kompenséieren.

1975 Geiselnahm am Wiener OPEC-Haaptgebai duerch Terroristen ënnert dem Carlos

1979 koum déi 2. Petrolskris. No der islamescher Revolutioun gouf de Petrolspräiss vun 15,5 op 24 US-Dollar pro Barrel ugehuewen, Libyen, Algerien an den Irak hu suguer 30 US-Dollar fir hiere Petrol verlaangt.

1980 war den Héichpunkt vun der Héichpräisspolitik vun der OPEC, Libyen huet 41 US-Dollar verlaangt, Arabien 32 an déi aner OPEC-Staate 36 US-Dollar pro Barrel.

1981 ass de Pëtrolofsaz zeréckgaangen. D'Industriestaate waren a Rezessioun an opgrond vun den héige Pëtrolspräisser an der éischter Petrolskris hun vill Länner an alternativ Energiequellen investéiert, wat an de Joere 1979 bis 1983 de weltwäite Pëtrolverbrauch ëm 11% an de Weltmaartundeel vun der OPEC ëm 40 % zeréckgoe gelooss huet.

1982 gouf eng Produktiounsdrosselung beschloss, déi awer net agehale gouf. Den OPEC-Undeel um Weltmaart ass op 33% erofgaangen an 1985 op 30%, d'Fërderung hat hieren Déifstwäert mat 17,34 Mio. Barrel pro Dag ereecht.

1983 goufen d'Präisser vun 34 op 29 US-Dollar pro Barrel erofgesat, d'Fërderquote vun 18,5 op 16 Mio. Barrel pro Dag. D'Kartell vun der OPEC huet d'Muecht verluer.

1986 ass de Präiss op manner wéi 10 US-Dollar pro Barrel gefall. Dëst koum duerch eng Iwwerproduktioun vu Petrol an dem Versuch vu vereenzelten OPEC-Staaten, hier Plaz um Weltmaart ze verbesseren, andeems si d'Präisser erofsetzen. Duerch dëse staarke Präissverfall war d'OPEC an enger Kris, wat d'Ministeren dozou verulasst huet, 1988 Diskussioune mat de Staate vun der IPEC, den "Independent Petroleum Exporting Countries", ze féieren. Dës haten awer kee groussen Effet.

1990 gouf de Riichtpräiss vun 18 op 21 Dollar pro Barrel erhéigt. D'Präissziil gouf nëmmen opgrond vum Zweete Golfkrich an der Invasioun vum Kuwait erreecht.

An de Joeren 1990 bis 1994 gouf de Fërdermontant ëm 8,5 Prozent erhéigt, trotzdem sinn d'Recetten duerch de Petrolsexport vun 143 Milliarden an der Moyenne op 126 Milliarden Dollar pro Joer erofgaangen.

De Petrolspräis lung am Abrëll 2005 bei ronn 55 Dollar pro Barrel. D'US-Petrolspräisser hunn den 11. August 2005 mat 66 Dollar e Rekordhéich erreecht. De Grond läit haaptsächlech am chinesesche Wirtschaftsboom. 1990 huet China fënnef mol méi Petrol exportéiert wéi importéiert. Zanter 1993 huet China méi Petrol importéiert wéi exportéiert. Zanter 2003 importéiert et méi Petrol wéi Japan. 2004 huet d'Räich vun der Mëtt 120 Milliounen Tonne Petrol a Petrolsproduiten importéiert. D'OPEC schätzt, dass an den nächsten 30 Joer ronn 23 % vun der Nofro vu China ausgoe wäert.

Südkorea huet firgeschlo, fir en Zesummeschloss vun de Länner déi Petrol importéieren ze grënnen, als Géigegewiicht zu der OPEC.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

  • OAPEC
  • Petrolskris
  • Peak-Oil

[Änneren] Um Spaweck


Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com