Michel Welter
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Michel Welter, gebuer den 19. Mäerz 1859 zu Heischent, gestuerwen den 22. Abrëll 1924 zu Munneref; war e lëtzebuergeschen Dokter, Politiker a Journalist.
De Michel Welter kënnt aus einfach Verhältnesser. Nom Atheneuem huet hie Medezin zu Léck, Paräis, Stroossbuerg, Würzburg, Berlin, München, Prag a Wien studéiert. Dono huet en sech zu Esch-Uelzecht als Dokter niddergelooss.
Hien huet aus éischter Hand erlieft, a wat fir äermleche Verhältnesser déi meeschte Grouwen- a Schmelzaarbechter hu misse liewen, a geschwënn huet hien ugefaangen, sech politisch z'engagéieren. Zäit senges Liewes huet säin Asaz Theme wéi d'Allgemengt Walrecht, - och fir d'Fraen -, den 8-Stonne-Schaffdag, de bezuelte Congé fir Aarbechter, sozial Wunninge fir Aarbechter, an d'Sozialversécherung gegollt.
Séier huet hie mam Caspar Mathias Spoo a Bernard Krack Gläichgesënnter fonnt, an en ass 1896 an d'Chamber gewielt ginn (an dat, obwuel deemools, wéinst dem Zensus-Wahlrecht, déi meeschten Aarbechter guer net wiele konnten). Hie gouf dann och séier vun den etabléierten Notabelen a Baronen, vun uewen erof, a mat engem Schoss Veruechtung, als rouden Dokter apostrophéiert. Op der anerer Säit war hie geschwënn deem Deel vun der Aarbechterbeweegung suspekt, déi aus dem Aarbechtremilieu selwer an de Joeren dono entstanen ass, well e selwer zum (Kleng)biergertum gehéiert huet, a mat abstrakt-ideologesche Begrëffer wéi "Klass" oder "Proletariat" net vill unzefgänke wosst.
1902 an d'Stad geplënnert, wou en ee vun de 7 Matbegrënner vun der Sozial-demokratescher Partei war. Dës huet schonns 10903 eng Ofspléckung missen erliewen, huet sech mat deene meeschten, déi fortgoungen, 1913 nees zesummegedoen.
De Michel Welter war Delegéierte vu Lëtzebuerg bei der Zweeter Internationaler, an huet alt d'Clara Zetkin, den Auguste Bebel oder de Jean Jaurès op Lëtzebuerg invitéiert, Rieden ze halen.
Hie war journalistesche Mataarbechter 1896-97 beim Escher Courrier, 1897-1900 beim Patriot, 1898-1900 beim Escher Volksblatt, 1902-1913 beim Escher Journal, an och Korrepondent vun der Frankfurter Zeitung 1909-1912. Mam Luxemburger Wort huet hien sech dacks hefteg Gefechter geliwwert, och alt Prozesser géint et gefouert.
Bei den Diskussiounen ëm d'Schoulgesetz vun 1912 war de Michel Welter fir eng strikt Trennung vu Kierch a Staat.
1913-1916 war e Redakter am Escher Tageblatt, dat 1913 gegrënnt ginn ass.
1916, matten am Éischte Weltkrich, gouf hien an d'Regierung Thorn (24. Februar 1916 bis den 19. Juni 1917) opgeholl, wou hiee Generaldirekter (Minister) fir Landwirtschaft, Industrie an Handel (kuerz: de Ravitaillement) zoustänneg war.
Him ass et net gelongen, d'Liewensmëttelkris an de Grëff ze kréien, geschwënn war en och de Kritiken aus den eegene Reien ausgesat. Ë A. gouf him virgeworf, hien hätt en Ofkommes mat den Däitschen ënnerschriwwe, fir Liewensmëttel z'importéieren, wat e Broch vn der Lëtzebuerger Neutralitéit bedeit hätt. D'Chamber huet him schlussendlech d'Vertrauen, entzunn, an den 3. Januar 1917 gouf en aus der Regierung entlooss. Am selweschte Joer gouf hien Direkter vum medizineschen Déngscht vum Thermalbad Munneref.
Am November 1918 war de Welter am Arbeiter- Bauern- und Bamtenrat, deem seng Statuten en ausgschafft hat. D'Haaptfuerderunge waren d'Aféieren vum 8-Stonnen-Schaffdag, d'Verstaatlechung vun der Siderurgie, d'allgemengt Walrecht, d'Ofdanke vun der Grande-Duchesse Marie-Adélaïde an d'Aféiere vun enger Republik.
Mat der Ausruffung vun der Republik ass et awer näscht ginn, an d'politesch Kris gouf duerch d'Ofhale vun engem Referendum entschäerft, an deem senger Folleg d'Marie-Adélaïde ufgedankt an duerch hir Sëschter Charlotte ersat gouf an d'allgemengt Walrecht agefouert gouf. De Welter war ironescherweis do net méi an der Chamber, an eréischt 1920 ass en duer "nogerëtscht". 1922 gouf en net méi erëmgewielt.
1924 ass de Michel Welter un engem Hireschlag gestuerwen.
Den 21. August 1927 huet d'Stad Esch him um Gaalgerbierg e Monument opgeriicht, mat der Opschrëft: Ami du peuple. La classe ouvrière reconnaissante.