Caspar Mathias Spoo
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Caspar Mathias Spoo, gebuer den 5. Januar 1837 zu Iechternach a gestuerwen de 17. Mäerz 1914, war e lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker.
De Caspar Mathias Spoo, deem seng Eltere fréi gestuerwe sinn, fänkt a jonke Joeren am Staatsdéngscht un ze schaffen, fir sech a seng Gesëschter iwwer Waasser ze halen. En huet dunn seng Plaz bei der Post opginn, fir mam André Duchscher, deen hie schonns vu Jonktem u kennt, d' Wecker Schmelz ze grënnen. ëm 1890 mécht hie sech selbstänneg a plënnert op Esch-Uelzecht.
[Änneren] De Spoo an d'Lëtzebuergescht
1896 kënnt de Spoo als sozialisteschen Deputéierten an d'Chamber. Do kënnt et den 10.November vum selwechte Joer zu eppes Neits. Bei der Vereedegung hält de Spoo seng Untrëttsried op Lëtzebuergesch. Den 9. Dezember stëmmt d'Chamber of, ob en Deputéierten d'Recht soll hunn, fir an der Chamber Lëtzebuergesch ze schwätzen. Alleguer stëmmen se géint dem Spoo säi Virschlag, bis op den Deputéierten Brincourt, deen sech enthält, well fir deen déi "konstitutionell Fro" net kloer war.
Wéi um Schoulgesetz vun 1912 geschafft gëtt, fuerdert de Spoo, datt d'Lëtzebuergescht soll Flichtfach an de Primärschoule ginn. De Staatminister Paul Eyschen ënnerstëtzt dat an de Nik Welter kritt den offiziellen Opdrag Das Luxemburgische und sein Schrifttum ze schreiwen.
[Änneren] De Spoo an d'Literatur
[Änneren] Neen, de Spoo war net deen Éischten, deen an der Chamber Lëtzebuergesch geschwat huet
An der Chambersëtzung, den 28. Abrëll 1848 zu Ettelbréck ass et drëms gangen, ob Lëtzebuerg sech sollt um Frankfurter Parlament bedeelegen. De Karl Theodor André wiesselt matzen an enger Ried vum Franséisch op Lëtzebuergesch, an den Norbert Metz äntwert him och op Lëtezbuergesch, well "d'Stänn an de Public sollten alles genee verstoen". Dat waren déi éischte Wierder Lëtzebuergesch, déi an der Chamber geschwat goufen.