Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Konscht - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Konscht

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Konschtbegrëff duerch d'Geschicht

Bis an d'18. Joerhonnert gehéiert d'Konscht an de Beräich vun de mënschlechen Dichtegkeeten (artes), an et gëtt meeschtens dovunner geschwat wéi haut vu Beruffer, déi eng Fachausbildung viraussetzen. D'Handwierk gëlt als eege Konscht (déi mechanesch Konscht) grad esou wéi d'Fächer vum (philosophesche) Grondstudium (d'artes liberales, déi fräi Kënschten, déi an den dräi grousse Fakultéiten Theologie, Jurisprudenz a Medezin virausgesat ginn). Bicher iwwer déi eenzel Kënschten handele virum 19. Joerhonnert meeschtens doriwwer, wéi een an dëser oder deeër Konscht et zum Expert bréngt. Meeschterleeschtungen vum Ingenieurswiese ginn a Bicher iwert d'Biergbau-Konscht oder d'Waasserbau-Konscht (Schleisenbau) traitéiert.

An der zweeter Halschent vum 18. an am 19. Joerhonnert gëtt d'Konschtdiskussioun hiert aalt Themefeld op a fänkt un, d'Qualitéite vu Biller, Skulpturen an Architektur, grad ewéi vu Literatur a Musek als kënschtlerech am eigentleche Sënn vum Wuert ze diskutéieren. All déi nei Theme gi verbonnen duerch d'Diskussioun vun der Ästhetik (als Diskussioun vun de Qualitéite vun alle Konschtwierker).

Dës Entwécklung spréngt op deeselweschten Zuch op, mat deem deemools och d'Literaturdiskussioun – bis dohinn d'Diskussioun vu wëssenschaftleche Wierker – hirt Rezensiounswiesen ëmgestalt, fir Romaner, Dramen a Gedichter zu Literatur am neie Wuertsënn ze maachen. Wéinst dem Bestriewen, esou e grousst Publikum wéi nëmme méiglech unzeschwätzen, gëtt d'Debattefeld op Biller a Skulpture verengt, also op Géigestänn, déi vill méi breet a méi fräi diskutéiert kënne ginn — eng Entwécklung, déi de Journalsmoart vum 18. Joerhonnert virausgesat huet, e breet Rezensiounswiesen, an déi duerch d'Fërderung vun de Nationalstaten vum 19. Joerhonnert hiren Duerchbroch fonnt huet, déi hei nei säkulär Bildungsgéigestänn gewonnen hunn.

D'Debatt ëm de Konschtbegrëff als Ausdrock vun der Fro Wat ass Konscht? huet sech an der Konschtgeschicht an an deene veschiddene Kulturen ëmmer erëm geännert. D'Artes goufen an der Neizäit (méi allgemeng) als mënschlech Fähegkeeten ugesinn.

[Änneren] Modern Definitioun

Vum 18. bis an d'19. Joerhonnert huet d'Konschtdebatt hiert Thema gewiesselt, d'Feld vun der Ästhetik huet sech erweidert, z.B. och op dat Ellent, an den handwierklechen Aspekt ass ëmmer méi an den Hannergrond geroden.

De ganz wäit gefaasste Konschtbegrëff vun haut begräift eng Abberzuel vu mënschlechen Ausdrocks- an Handlungsméiglechkeeten mat an. Am méi enke Sënn sinn et déi Elementer vun der mënschlecher Kultur, déi net primär duerch hier Zweckméissegkeet, mee duerch hier Ästhetik e Wert fir d'Mënschen hunn.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com