Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Franséisch Foussballnationalequipe - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Franséisch Foussballnationalequipe

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Logo
Heemtrikot
Image:Kit left arm.png Image:Kit body.png Image:Kit right arm.png
Image:Kit_shorts.png
Image:Kit socks.png
Auswärtstrikot
Image:Kit left arm.png Image:Kit body.png Image:Kit right arm.png
Image:Kit_shorts.png
Image:Kit socks.png
Spëtznumm
Les Bleus
Verband
Fédération Française de Football
Trainer
Raymond Domenech, säit 2004
Rekordspiller
Marcel Desailly (116)
Rekordtorschütze
Michel Platini (41)
Eischt Lännerspill
Belsch 3:3 Frankräich
(Bréissel, Belsch; 1. Mee 1904)
Héchste Gewënn
Frankräich 10:0 Aserbaidschan
(Paräis, Frankräich; 6. September 1995)
Héchste Néierlag
Dänemark 17:1 Frankräich
(London, England; 19. Oktober 1908)
Weltmeeschterschaft
Ennronneparticipatiounen: 12 (Éischt: 1930)
Bescht Resultat: Gewënner 1998
Europameeschterschaft
Ennronneparticipatiounen: 6 (Éischt: 1960)
Bescht Resultat: Gewënner 1984, 2000

D’ Franséisch Foussballnationalequipe vun de Männer, déi sougenannte Équipe Tricolore (nom franséische Fändel) oder kuerz Les Bleus wéint den traditionell bloen Trikot’en, ass eng vun deenen erfollegräichsten Nationalequippen am Foussball. Frankräich huet eemol d’Foussball-Weltmeeschterschaft an zweemol d’Foussball-Europameeschterschaft gewonnen.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Geschicht

De franséische Foussballdaachverband ass zënter 1919 d’Fédération Française de Football (FFF) an war 1954 ee vun de Grënnungsmembere vun der UEFA. Frankräich huet och fir d’éischt scho ganz fréi eng Weltmeeschterschaft ausgeriicht, nämlech d’WM 1938.

En éischte groussen internationalen Titel huet d’franséisch Nationaléquipe allerdéngs erréicht an den 80er Joren gewonn : Ennert der Féierung vum Michel Platini gouf d’Equipe Tricolore op der EM 1984 am eegene Land Europameeschter gin an huet op der WM 1982 a Spuenien an op der WM 1986 a Mexiko jeweils d’Halleffinall ereecht. Nodeems de Kär vun dëse béiden Teams hier Carrière oofgeschloss hun, gouf et zunächs emol keen erfolleg méi an si hun béid Weltmeeschterschafts-Qualifikatioune 1990 an 1994 verpasst.

Bei der WM 1998 am eegene Land gouf d’Equipe Weltmeeschter. Als beschte Spiller vun dëser Zäit waren de Golkipper Fabien Barthez, Oofwierspiller a Kapitän Laurent Blanc souwéi den onverkennbaren Regisseur Zinedine Zidane. An der Finale huet Frankräich déi favoriséiert brasilianesch Eelef mat 3:0 geschloen.

Frankräich huet hiren Erfolleg dun zwee Joer méi spéit confirméiere kënnen. Bei der EM 2000 an Holland an an der Belsch, hu si géint d’Italienesch Foussballnationalequipe an der Finall mat 2:1 no Golden Goal gewonn a sech den Titel geholl.

[Änneren] Participatioune un internationalen Turnéier

[Änneren] Foussball-Europameeschterschaft (6 mol)

  • 1. EM 1960 a Frankräich / 4. Plaz
  • 7. EM 1984 a Frankräich / Europameeschter
  • 9. EM 1992 a Schweden / Virronn
  • 10. EM 1996 an England / Halleffinall
  • 11. EM 2000 an der Belsch an Holland / Europameeeschter
  • 12. EM 2004 a Portugal / Véirelsfinall

[Änneren] Foussball-Weltmeeschterschaft

1930 an Uruguay Virronn
1934 an Italien Aachtelfinall
1938 a Frankräich Véirelsfinall
1950 a Brasilien op d’Ennronn verzicht
1954 an der Schwäiz Virronn
1958 a Schweden 3. Plaz
1962 a Chile net qualifizéiert
1966 an England Virronn
1970 a Mexiko net qualifizéiert
1974 an Däitschland net qualifizéiert
1978 an Argentinien Virronn
1982 a Spuenien 4. Plaz
1986 a Mexiko 3. Plaz
1990 an Italien net qualifizéiert
1994 an den USA net qualifizéiert
1998 a Frankräich Weltmeeschter
2002 a Südkorea/Japan Virronn
2006 an Däitschland Qualifizéiert

[Änneren] Auszeechnungen/Titel

  • WM (1) - 1998
  • EM (2) - 1984, 2000
  • Foussball-Olympiagewënner (1) - 1984
  • Konföderatiounen-Pokal (2) - 2001, 2003

[Änneren] Aktuelle Kader

Golkipper:

  • Fabien Barthez (Olympique Marseille)
  • Grégory Coupet (Olympique Lyon)
  • Mickaël Landreau (FC Nantes)

Oofwier:

  • Éric Abidal (Olympique Lyon)
  • Jean-Alain Boumsong (Newcastle United)
  • William Gallas (Chelsea London)
  • Gaël Givet (AS Monaco)
  • Franck Jurietti (Girondins Bordeaux)
  • Anthony Réveillère (Olympique Lyon)
  • Willy Sagnol (Bayern München)
  • Lilian Thuram (Juventus Turin)

Mëttelfeld:

  • Alou Diarra (RC Lens)
  • Vikash Dhorasoo (Paris Saint-Germain)
  • Ludovic Giuly (FC Barcelona)
  • Sidney Govou (Olympique Lyon)
  • Claude Makélélé (Chelsea London)
  • Florent Malouda (Olympique Lyon)
  • Jérôme Rothen (Paris Saint-Germain)
  • Patrick Vieira (Juventus Turin)
  • Zinédine Zidane (Real Madrid)

Ugrëff:

  • Nicolas Anelka (Fenerbahçe Istanbul)
  • Djibril Cissé (FC Liverpool)
  • Thierry Henry (Arsenal London)
  • David Trézéguet (Juventus Turin)
  • Sylvain Wiltord (Olympique Lyon)

[Änneren] Nationaltrainer

Vu 1904 (1. offizielle Lännermätch) bis 1919 (Grënnung vum Daachverband FFF) gouf d’Nationalequipe vum Comité Français Interfédéral opgestallt. Gemeinsamen Training vun de Nationalspiller an domat de Poste vun engem Nationaltrainer waren zu dëser Zäit net nëmmen am Frankräich onbekannt. Vu 1919 bis 1964 goufen et zwar zäitweis Nationaltrainer am heitege Sënn, awer de Spill-Kader gouf fir all Lännermätch vun engem Sélectiouns-Komitee vun der FFF festgeluecht, dee sech aus zwee oder dräi "Techneschen Direkteren" zesummegesat huet an zu deenen zënter 1955 regelméisseg och den eigentlechen Trainer gehéiert huet. Dowéinst gëtt den Nationaltrainer am Frankräich haut och nach als Selectionneur (Auswielenden) bezeechent.

[Änneren] Lëscht vun den Trainer

A Klammeren hannert dem Numm ass emmer d’Zuel vun den offizielle Lännermätcher während senger Amtszäit uginn.

  • 17. Mäerz 1955 - 5. Mai 1962: Albert Batteux (56)
  • Oktober 1960 - Juli 1964 (ufanks mam Batteux): Georges Verriest (25)
  • 12. Juli 1964 - 3. September 1966: Henri Guérin (15)
  • 3. September 1966 - 20. Januar 1967: Jean Snella und José Arribas (4)
  • 22. Mäerz 1967 - 3. Juni 1967: Just Fontaine (2)
  • 17. September 1967 - 6. November 1968: Louis Dugauguez (9)
  • 2. Mäerz 1969 - 26. Mee 1973: Georges Boulogne (31)
  • 8. September 1973 - 15. November 1975: Stefan Kovacs (15)
  • 1. Januar 1976 - 27. Juni 1984: Michel Hidalgo (75)
  • 30. Juni 1984 - 22. Oktober 1988: Henri Michel (36)
  • 3. November 1988 - 2. Juli 1992: Michel Platini (29)
  • 9. Juli 1992 - 25. November 1993: Gérard Houllier (12)
  • 17. Dezember 1993 - 27. Juli 1998: Aimé Jacquet (53)
  • 27. Juli 1998 - 5. Juli 2002: Roger Lemerre (53)
  • 17. Juli 2002 - 30. Juni 2004: Jacques Santini (28)
  • zënter dem 12. Juli 2004: Raymond Domenech (18 [bis dato])

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com