Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
FC Bayern München - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

FC Bayern München

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Den FC Bayern München ass en däitsche Foussballclub deen zënter 1965 an der Éischter Däitscher Foussballbundesliga spillt.

Veräinslogo
Vergréisseren
Veräinslogo

Bayern München ass deen erfollegsräichste Club aus Däitschland an ass dee Foussballclub deen déi zweethéchste Memberszuel op der Welt huet ( >110 000 Memberen). Zënter senger Grënnung am Joer 1900 hunn d'Staren vu Bayern München 20 däitsch Meeschtertitele gesammelt a 4 mol déi hautdesdaags Champions League genannte Coupe gewonnen. Sou wonnert et och net, datt d'Bayern, wéi se am Volleksmond och nach genannt ginn, ee vun deenen erfollegsräichsten an ugesinnste Clibb a ganz Europa duerstellt.

E gewësse Franz John huet de Club de 27. Februar 1900 mat 10 Foussballkollege gegrënnt, nodeem se Sträit mat hirem Stammveräin MTV 1879 München krut haten. Vill Joer méi spéit woar et dann en anere Franz, de Franz Beckenbauer, deen als ee vun de beschte Foussballspiller vun der Welt den FC Bayern München zu weideren Erfolleger gefouert huet.

Allianz Arena
Vergréisseren
Allianz Arena

Haut ass de Franz Beckenbauer President vum FC Bayern München. Am Virstand vum Veräin sinn den Uli Hoeneß (Manager), Karl Hopfner (Finanzen) an de Karl-Heinz Rummenigge (Virstandsvirsëtzenden) vertrueden an den Trainer vum Weltclub ass de Felix Magath, deen de Club zënter senger Verflichtung am Joer 2004 (1. Juli) op der Erfollegsspuer hält, notamment mam Doublé (Meeschterschaft a Coupe) gläich a senger éischter Saison als Trainer bei de Bayern.

De leschten Erfolleg vun de Bayern am europäesche Foussball ass de Gewënn vun der Champions League am Joer 2001 wou se sech an der Final géint den FC Valencia aus Spuenien mat 1:0 duerchgesat hunn. Domat hu si dann och dat Ongléck aus dem Joer 1999 rëm wettgemaach wéi se d'Champions League géint Manchester zu Barcelona an der Nospillzäit vun der Parti - si haten 1:0 geféiert - nach verluer hunn.

Ënnert dem neien Trainer Felix Magath schécke se sech un, nees un dës Erfolleger unzeknäppen. Dës Saison hu se schonn divers Rekorder obgestallt an dierften eng gutt Roll beim Vergi vun der dësjäreger Coupe vun der Champions League spillen.

Kapitän vun de Bayern ass awer den Oliver Kahn (GER), den duebele Weltgolkipp, deen als éischte Golkipp iwwerhaapt zum beschte Spiller vun enger Weltmeeschterschaft gewielt ginn ass (2002). Weider Leeschtungsdréier vun der Equipe sinn de Banneverdeedeger Lucio (BRA) - ee vun de beschte vu senger Zunft op der Welt, de Rietsbausse Willy Sagnol (FRA), de Martin Demichelis (ARG) virun der Ofwier an de Roy Makaay (HOL) am Stuerm.

Dës weidere besetzt Bayern nach eng Rei vu groussen Nowuesstalenter, wéi z.B. de Philipp Lahm (GER), de Bastian Schweinsteiger (GER) oder den Owen Hargreaves (ENG).

Den FC Bayern München huet nieft der Profisequipe och nach Jugendequippen.

Donieft gëtt et och nach eng Fraenequipe déi sech uschéckt ähnlech erfollegräich ze gi wéi d'Männer.

Nieft dë Foussballsequippen ginn et beim FC Bayern München nach Basketball-, Schach-, Turn-, Dëschtennis-, Arbitter-, Handball- a Keelenabteilungen.


[Änneren] Kader Saison 2006/07

[Änneren] Gol

1 GER Oliver Kahn

22 GER Michael Rensing

29 GER Bernd Dreher

[Änneren] Ofwier

2 FRA Willy Sagnol

3 BRA Lúcio

6 ARG Martín Demichelis

18 GER Andreas Görlitz

21 GER Philipp Lahm

25 FRA Valérien Ismaël

21 GER Philipp Lahm

5 BEL Daniel Van Buyten

[Änneren] Mëttelfeld

7 GER Mehmet Scholl

8 IRA Ali Karimi

20 BOS Hasan Salihamidžić

23 ENG Owen Hargreaves

26 GER Sebastian Deisler

31 GER Bastian Schweinsteiger

39 GER Andreas Ottl

19 PAR Julio Dos Santos

17 NED Mark Van Bommel

[Änneren] Stuerm

10 NED Roy Makaay

14 PER Claudio Pizarro

24 PAR Roque Santa Cruz

11 GER Lukas Podolski

13 MON Nermin Hot

[Änneren] Statistik

  • Europokal vun de Landesmeeschter (3) / Champions League (1):
    • Siiger: 1974, 1975, 1976, 2001
    • Zweeten: 1982, 1987, 1999
  • UEFA-Pokalsiger (1): 1996
  • Europapokal vun de Pokalgewënner (1): 1967
  • Weltpokal (2): 1976, 2001
  • Doublé (5): 1969, 1986, 2000, 2003, 2005, 2006
  • Däitsche Meeschter (19): 1932, 1969, 1972, 1973, 1974, 1980, 1981, 1985, 1986, 1987, 1989, 1990, 1994, 1997, 1999, 2000, 2001, 2003, 2005, 2006
  • Däitsche Vizemeeschter (8): 1970, 1971, 1988, 1991, 1993, 1996, 1998, 2004
  • DFB-Pokal-Gewënner (12): 1957, 1966, 1967, 1969, 1971, 1982, 1984, 1986, 1998, 2000, 2003, 2005, 2006
  • DFB-Pokal-Finalist (2): 1985, 1999
  • Däitsche Supercup-Gewënner (3): 1983 (inoffiziell), 1987, 1990
  • Däitsche Ligapokal-Gewënner (5): 1997, 1998, 1999, 2000, 2004


[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com