Claude Meisch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Claude Meisch (* 27. November 1971 zu Péiteng) ass e lëtzebuergesche Politiker. Hie wunnt zu Uewerkuer an der Gemeng Déifferdeng.
[Änneren] Säi Liewen
No der 13ième, déi hien am ‘’Lycée Technique Mathias Adam’’ zu Péiteng oofgeschloss huet, huet hien den Diplom als ‘’Mathématiker-Ekonomist’’ zu Tréier op der Universitéit gemaach. No séngem Studium huet hien als Employé op enger Bank geschafft. Tëschent 1995 an 2000 huet hien d’Fonktioune vum éischten nationalen Vize-Präsident vun der ‘’Jeunesse Démocrate et Libérale’’ (JDL) an Präsident vun der JDL-Sektioun Déifferdeng ausgeübt.
Den Claude Meisch ass Member vum Direktiounskomitee vun der DP
Bei de Wahlen vum 13. Juni 1999 ass hien op der Lëscht vun der DP am Wahlbeziirk ‘’Sud’’ an d’Chamber gewielt a fënnef Joer méi spéit den 13. Juni 2004 eremgewielt gin.
Hien ass Trésorier vum ‘’Groupe Parlementaire’’ vun der Demokratescher Partei
Den 10. Oktober 1999 ass hien an de Gemengerot vun der Stad Déifferdeng gewielt gin an säit dem 31. Januar 2002 stellt hien an der nämleschter Gemeng de Buergermeeschter.
Ennert anerem ass hien och Vize-President vum ‘’Syndicat Intercommunal de l'Hôpital Princesse Marie-Astrid’’ zu Nidderkuer a Member vum Büro vum ‘’Syndicat Pro-Sud’’.
Den 9. Oktober 2004 ass hien um Nationalkongress zum President vun der DP gewielt gin.
An der Chamber ass de Claude Meisch Member vun der ‘’Commission de l’Education Nationale et de la Formation Professionnelle, vun der ‘’Commission des Finances et du Budget’’ a vun der ‘’Commission de la Famille, de l’Égalité des Chances et de la Jeunesse.