Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Alfredo Stroessner - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Alfredo Stroessner

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Den Alfredo Stroessner Matiauda (* 3. November 1912 zu Encarnación; † 16. August 2006 zu Brasília) war vun 1954 bis 1989 President an Diktator vu Paraguay. Virdru war hie Generol a Commandant en Chef an der paraguayanescher Arméi.

[Änneren] Liewen

Jong vun engem däitschen Immigrant, huet den Alfredo Stroessner mat 16 Joer seng militäresch Carrière ugefaangen, wou en et séier bis ganz uewe bruecht huet. 1953 gouf e Commandant en chef vun der Arméi.

De 6. Mee 1954 huet e sech un d'Muecht geputscht a blouf 35 Joer laang President. Mat senger Partei, der Colorado-Partei, déi op alle wichtege Posten hir Leit hat, huet hien d'Land gefouert a kontrolléiert. Aussepolitesch huet hie sech als strengen Antikommunist positionnéiert, sou dass em d'finanziell Ënnerstëtzung duerch d'USA sécher war. Onofhängeg Quelle schwätze vun enger 3.000 Leit, déi "verschwonne" sinn. Vill méi nach, déi net mat him d'accord waren, goufen an de Prisong gestach an do gefoltert. 2 Millioune Leit sinn an den Exil gaangen. De Stroessner hat dann och exzellent Relatioune mat deenen anere südamerikaneschen Diktaturen. Vill Nazien hu sech nom Zweete Weltkrich am Paraguay verkroch, dorënner och de Josef Mengele, Dokter zu Auschwitz.

Ee vun de gréisste Projeten ënnert dem Stroessner senger Herrschaft war de Bau vum Itaipú-Staudamm. Den 3. Februar 1989 gouf de Stroessner entmuecht an en ass a Brasilien an den Exil gaangen, fir enger Uklo wéinst Verletzung vun de Mënscherechter z'entgoen. Do ass en am Alter vun 93 Joer gestuerwen.


[Änneren] Literatur

  • Carlos. R. Miranda: The Stroessner Era: Authoritarian Rule in Paraguay, Westview Pr, Juni 1990, Hartdeckel, (am Ament vergraff)
  • Anibal Miranda: Stroessner, Miranda & Asociados, Asuncion, Paraguay, 2004.
Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com