Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
UNICEF - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

UNICEF

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Fändel vun der UNICEF
Vergréisseren
Fändel vun der UNICEF

De United Nations Children's Fund (UNICEF) ass d'Kannerhëllefswierk vun de Vereenten Natiounen. D'UNICEF ass den 11. Dezember 1946 gegrënnt ginn an huet hire Sëtz zu New York. Haaptaufgabe sinn et Entwécklungshëllef an humanitär Hëllefsaarbecht fir Kanner an hir Familljen an den Entwécklungslänner ze leeschten.

D'UNICEF krut 1965 de Friddensnobelpräis.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Geschicht

Nom Zweete Weltkrich war d'Leed vun de Kanner an Europa grouss. Fir dem Honger an de Krankheeten esou séier wéi méiglech bäizekommen, hunn d'Vereenten Natiounen sech am Dezember 1946 presséiert en internationalt Hëllefsprogramm, den United Nations International Children's Emergency Fund, op d'Been ze stellen.

Zënter 1950 gëllt d'Mandat vun der UNICEF fir Entwécklungslänner uechter d'ganz Welt. 1953 gëtt de United Nations International Children's Emergency Fund an United Nations Children's Fund ëmgenannt. Den Akronym UNICEF gouf awer wéinst senger allgemenger Bekanntheet bäibehalen. Gläichzäiteg ass och décidéiert ginn datt d'Kannerhëllefswierk zu enger permanenter Niewenorganisatioun vun de Vereenten Natioune gëtt.

1959 gëtt Deklaratioun vun de Kannerrechter (Déclaration des Droits de l'Enfant) vun der UNO-Generalversammlung unerkannt. Dat als Referenzpunkt zentralt Dokument fir d'Aarbecht vun der UNICEF féiert 1989 zu der Konventioun vun de Kannerrechter (Convention des droits de l'enfant). D'Konventioun ass zënter dem 1. Januar 1990 a Kraaft a gouf vun allen UNO-Membere bis op Somalia an de Vereenegte Staate vun Amerika ënnerschriwwen. D'USA wollten se net ratifizéiere well eent vu den zentrale Kannerrechter d'Doudesstroof fir Mannerjäreger verbidde géif, d'Regierung vu Somalia ass (nach) net vun de Vereenten Natiounen unerkannt.

[Änneren] Organisatioun a Prioritéiten

D'UNICEF ass an 158 Länner weltwäit aktiv. D'Haaptorganisatioun administréiert a koordinéiert déi eenzel Projeten. Direktesch vum UNICEF-Verwaltungsrot ass zënter 2005 -op fënnef Joer- d'Ann Veneman.

D'UNICEF huet an 37 Industrielänner autonom national Komiteeën a Form vun autoriséierten Netstaatlechen Organisatioune fir sech schaffen. D'National Komiteeën si per Kontrakt un d'Haaptorganisatioun gebonnen. Hir Haaptaufgabe sinn et de jeeweilege Public fir d'Thematik ze sensibiliséieren an z'informéieren an z.B. och zu finanzieller Ënnerstëtzung (duerch Don'en, Kaf vu Chrëschtkaarten, asw.) ze motivéieren. D'National Komiteeën hunn, nieft den Haaptprioritéite vun der internationaler Organisatioun, deelweis eng spezialiséiert Agenda wat d'Hëllef bei akuten humanitäre Katastrofen ubelaangt.

Haaptprioritéiten vun der UNICEF international sinn:

  • Schutz vun der Kandheet: Et gëllt de physeschen, sexuellen a militäresche (Kannerzaldoten) Mëssbrauch vu Kanner ze verhënneren an hinnen en (Iwwer)liewen am Sënn vun de Kanner- a Mënscherechter z'erméiglechen.
  • Fréi Kannerzäit: Millioune Kënnercher stierwen all Joer ier se nach fënnef Joer hu well hinnen an hiren Elteren all Bas fir d'Iwwerliewe feelen. D'UNICEF engagéiert sech dofir besonnesch dëse Familljen en Halt ze ginn an d'Liewensconditiounen an der fréier Kannerzäit allgemeng ze verbesseren.
  • Educatioun vun de Meedercher: D'Educatioun an d'Qualitéit vun der Léier sinn zentral Faktoren déi d'Liewensqualitéit vun all Eenzelnen an d'Gesellschaft allgemeng beaflossen. Den Zougang zur Educatioun an den Entwécklungslänner ass fir jonk Meedercher dacks nach méi schwéier wéi e scho fir d'Bouwen ass. Well awer Meedercher déi an d'Schoul gange sinn tendenziell méi spéit an och manner Kanner kréien, sech éischter a besser géint Geschlechtskrankheete schützen a generell méi um sozialen, ökonomeschen a politesche Liewen deelhuele kennen, setzt d'UNICEF sech virun allem och fir si an.
  • Vaccinatioun: D'Impfung géint déi geleefegst Kannerkränkten ass en effikasst Mëttel fir der Kannerstierflechkeet an der drëtter Welt eppes entgéint ze setzen.
  • Kampf géint den HIV/AIDS: D'UNICEF setzt virun allem op Opklärung a Präventioun (z.b. datt Kanner net vun hiren Elteren ugestach ginn). Eng vun de Konsequenze vun der Krankheet si Millioune vu Weesekanner, och hinne gëtt probéiert ze hëllefen.

[Änneren] UNICEF Lëtzebuerg

De Comité luxembourgeois pour l'UNICEF representéiert zënter 1979 d'UNICEF zu Lëtzebuerg a gouf 1986 als Netstaatlech Organisatioun (Organisation non gouvernementale agréée) unerkannt.

UNICEF Lëtzebuerg ass eng Association sans but lucratif (a.s.b.l.) a setzt sech aus der Generalversammlung (Assemblée générale) an dem Verwaltungsrot (Conseil d'Administration) zesummen. D'Equipe vun UNICEF Lëtzebuerg besteet aus permanenten a fräiwellegen Mataarbechter.

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com