Strooss vu Gibraltar
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Strooss vu Gibraltar ass eng Mieresstrooss bei Gibraltar, déi den Atlanteschen Ozean an d'Mëttelmier matenee verbënd an domat den Europäesche Kontinent vum Afrikanesche Kontinent trennt.
Agefaasst gëtt se am Norde vun der britescher Krounkolonie Gibraltar a Spunien an am Süde vu Marokko an der spuenescher Exklav Ceuta. Souwuel Gibraltar wéi och Ceuta, déi an der Antik als "Saile vum Herakles" bezeechent gi sinn, si wichteg Hafestied. D'Strooss vu Gibraltar ass 14 bis 44 km breet an ongeféier 60 km laang. Si errecht eng Déift vun 286 m.
D'Strooss vu Gibraltar ass eng vun deene Mieresstroossen, dé am meeschte befuer ginn (ca. 300 Handelschëffer pro Dag fueren duerch). Un der Uewerfläch ass eng Stréimung no Osten, ervirgeruff duerch deen ongeféier 1,4 m méi nidderege Niveau vum Mëttelmier géintiwwer dem Atlantik. An der Déift gëtt et eng Géigestréimung mat deer dat méi salzegt Mëttelmierwaasser erëm an den Atlantik fléisst. Meeschtens bléist e Westwand deen an der Strooss zimmlech staark ka ginn. All dës Ëmstänn hunn dozou geféiert dat d'Strooss vu Gibraltar an der Antik als net ze bezwénge a soumat als d'Enn vun der Welt gegolt huet.
[Änneren] Bauprojeten
Zënter e puer Joer besti Pläng fir eng Bréck iwwert d'Strooss vu Gibraltar ze bauen an esou Afrika mat Europa ze verbannen. Dës Bréck soll déi längst vun der Welt ginn an eng komplett nei Konstruktioun opweisen. D'Pilieren musse mat spezielle Virriichtunge virun enger méiglecher Kollisioun mat Schëffer geschützt ginn.
Obgläich dat eng extrem technesch Erausfuederung ass wierkt de Projet dach bescheiden géintiwwer de Pläng vum däitschen Architekt Hermann Sörgel, deen tëscht 1928 an 1952 am Eescht dru geduecht huet eng gigantesch Staumauer an der Mierengt opzeriichten fir dann, no deelweisem Drëcheleeë vum Mëttelmier, Europa an Afrika zu engem duerchgängege Kontinent Atlantropa ze verbannen.