Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Michel Lucius - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Michel Lucius

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Michel Lucius (* 9. Dezember 1876 zu Rëmmereg, † 13. Abrëll 1961 an der Stad Lëtzebuerg) war e Lëtzebuerger Geolog a Schoulmeeschter. Hie gëllt als de Papp vun der lëtzebuerger Geologie.

[Änneren] Säi Liewen

 De Michel Lucius, copyright restena.lu
Vergréisseren
De Michel Lucius, copyright restena.lu

Als eent vu siwe Kand vun enger einfacher Steenhaer- a Bauerefamill koum de Michel Lucius zu Rëmmereg am Préizerdaul op d'Welt. Schonns als Kand koum hien an éischte Kontakt mat der Geologie. Hien ass dacks säi Papp, deen an der Mäerzeger Steekaul geschafft huet, besiche gaang an huet him bei der Aarbecht nogekuckt. D'Vue op d'Éisleker Koppen, déi sech dem Bouf aus sengem Elterenhaus gebueden huet, huet him héchstwahrscheinlech d'Loscht ginn ze wëssen an ze verstoen, wéi dës Landschaft entstanen a geschaf ass.

Säi Beruffswee sollt awer fir d'éischt een anere ginn. Vun 1896 bis 1913 war de Michel Lucius Schoulmeeschter, fir d'éischt zu Léiler, dono, dräi Joer drop, zu Kleng-Elchert an der Gemeng Ell. Tëscht 1902 an 1903 studéiert hie während zwee Semesteren zu Paräis op der Sorbonne Naturwëssenschaften, ier hien no sengem Retour vu Paräis an no sengen Exame fir Schoulmeeschter bis 1910 am Garer Quartier an der Stad Lëtzebuerg enseignéiert. An där Zäit geléngt et him och, nieft den zwou Sektioune Botanik an Zoologie vun der Société des naturalistes luxembourgeois, eng drëtt fir Geologie ze schafen. 1910 schreift de Michel Lucius sech op der Universitéit zu Zürich beim Professer Schardt an, a schléisst dës Studien 1912 mat engem Doktorat a Geologie of. Den Titel vu senger Thes war Die Tektonik des Devons im Großherzogtum Luxemburg. Zréck zu Lëtzebuerg ass hien nees bis 1913 am Schouldéngscht aktiv. Während dëser Zäit krut hie säin éischten Opdrag als Geolog. No Virschlag vum Leopold van Werveke iwwergëtt d'Lëtzebuerger Regierung him d'geologesch Surveillance vun de Foragë vun der Marie-Adelheid Quell zu Munneref am Bad.

Gebuertshaus vum Michel Lucius zu Rëmmereg, gemoolt vum René Spielmann, copyright restena
Vergréisseren
Gebuertshaus vum Michel Lucius zu Rëmmereg, gemoolt vum René Spielmann, copyright restena

Op Recommandatioun vu sengem Züricher Professer, gëtt de Michel Lucius am Dezember 1913 vun enger grousser Pëtrolsfirma a Russland engagéiert. Zu Baku a schliisslech zu Grozny sicht hien no Pëtrol, bis datt hien 1922, wéi Russland dunn d' UdSSR gouf, no joerelaange Strapazen total veraarmt an doudkrank a seng Heemecht zréck kennt. Hien erhëlt sech séier. Nach dat selwecht Joer kritt hien den Opdrag vun der Stad Esch eng Etude iwwer d'Waasserversuergungsméiglechkeete fir déi nächst 30 Joer ze maachen. Ier et de Michel Lucius Enn 1924 an d'Tierkei zitt, gëtt hien nach Member vum Institut Grand-Ducal. D'tierkesch Regierung engagéiert hien als Chefgeolog am Wirtschaftsministère, wou hie bis 1933 fir d'Prospektioun an d'Kartographie zoustänneg war. Zousätzlech zu senger Aarbecht am Ministère enseignéiert hien Geologie op der Universitéit vun Ankara.

Nees zu Lëtzebuerg, huet de Michel Lucius sech ganz senger Heemecht gewidmet. Mat dem Opdrag vun der Lëtzebuerger Regierung am Joer 1933, fir eng detailléiert geologesch Kaart vum Land z'erstellen, huet hien 1936 mat de Fuerschungsaarbechten ugefaangen. Dat selwecht Joer grënnt hien de Service Géologique a war Chef vun deem Service vun 1936 bis zu sengem Doud. An enger Rekordzäit vun nëmme 14 Joer huet hie ganz eleng d'Aarbechte vun enger Kaart an aacht Béi iwwer Geologie vu Lëtzebuerg 1950 ofgeschloss. An der selwechter Zäit gëtt de Monni Misch, wéi seng Leit am Service hie genannt hunn, Rotschléi zu der Waasserversuergung an dem Waasserschutz fir d'Land. Hie gëtt seng Avisen iwwer d' Constructioun vun de Barragen Esch-Sauer, Veianen a Rouspert of, grad ewéi fir de Bau vun der Rouder Bréck an d'Kanalisatioun vun der Musel. 1955 huet hien éischt Buerungen op Demande vun der Famill Bofferding zu Rouspert duerchgefouert, déi 1959 zu dem Faasse vun der Mineralwaasserquell Rousperter gefouert hunn. Am Alter vu 85 Joer stierft de Michel Lucius 1961 onerwaart hannert dem Schreifdësch vu sengem Büro an der Direktioun vun de Ponts & Chaussées an der Stad Lëtzebuerg.

De Michel Lucius war Fräimaurer.

[Änneren] Publikatiounen

De Michel Lucius huet eng Hällewull Publikatiounen iwwer geologesch Studien erausginn, ë.a. 7 Bänn iwwer d'Geologie vu Lëtzebuerg, en Handbuch iwwer d'Lëtzebuerger Geologie an eng geologesch Kaart an 8 Béi vu Lëtzebuerg.

[Änneren] Auszeechnungen an Éierungen

D'Plack um Monument zu Rëmmereg
Vergréisseren
D'Plack um Monument zu Rëmmereg
  • 1948 - Auszeechnung mam Prix national des Sciences fir seng grouss Verdéngschter.
  • 1964 - Siwenzéng vu senge Frënn a Kollegen hunn him eng Sammlung vu Publikatiounen ënnert dem Titel Livre à la Mémoire du Docteur Michel Lucius gewidmet.
  • 1966 - Aweiung vum Michel Lucius Monument am Préizerdaul (An der Stréissel) fir un hien z'erënneren.
  • 1976 - Zu de Feierlechkeete vum 100. Gebuertsdag vum Michel Lucius gëtt am stader Theater a Presenz vum Grand-Duc eng akademesch Sëtzung ofgehalen.
  • 1979? - Decisioun vun der Regierung fir déi drëtt Thermalquell zu Munneref nom Michel Lucius ze benennen.
  • 1980 - Ëmbenennung vum Collège d'Enseignement Moyen um Lampertsbierg a Lycée Technique Michel Lucius.
  • 2001 - Grënnung vum Institut Géologique Michel Lucius, dee sech net nëmmen zum Zil gesat huet d'Undenken un de Michel Lucius z'erhalen, mee och e breede Publique duerch Virträg, geologesch Ausflich an Introduktioune fir d'Geologie ze begeeschteren.
  • 2005 - Aweiung vum Michel Lucius sengem renovéierte Gebuertshaus zu Rëmmereg, dat en Abléck a Schaffen a Liewe vun engem grousse Mann soll ginn.

D'Société belge de Géologie huet dem Michel Lucius den Titel Member d'Honneur uvertraut. Hie gouf zum Grad vum Kommandant am Uerder vun der Couronne de Chêne an an deem vun Orange-Nassau avencéiert.

[Änneren] Bio-Bibliographie

  • La vie et l'œuvre de Michel Lucius 1876-1976. In : Programme de la Séance Académique organisée à l'occasion du Centenaire de la Naissance de Michel Lucius. Luxembourg, le 9 octobre 1976 (=Bulletin du Service Géologique du Ministère des Travaux publics No 7/1976), S. 8-13.
  • Michel Lucius (1876-1961). In : Massard, J.A., 1990. - La Société des Naturalistes Luxembourgeois du point de vue historique. - Livre du Centenaire - 1890-1990, Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91: 137-141.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Aner Sproochen
Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com