Mady Molitor
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Madeleine (Mady) Molitor (* 30. Juli 1937, † 28. November 2005 an der Stad Lëtzebuerg) war eng lëtzebuergesch Biologin.
D'Mady Molitor huet an der Schwäiz Technicienne studéiert an 2 Joer an engem Kriibsforschungslabo zu Bréissel geschafft. Dun ass si nees d'Unisbänk drécke gaangen an huet op der U.L.B. eng zweet Lizenz an der Zoologie gemaach, déi si 1967 no der Presentatioun vun hirem Mémoire Contribution à une étude hydrobiologique annuelle de la Lesse mat grousser Distinctioun ofgeschloss huet.
D'Mady Molitor ass 1973 vun der Forstverwaltung agestallt ginn an huet dunn e klenge Laboratoire an der rue de la Porte Neuve beim Stadpark bezunn. Hir ganz professionnell Carrière wäert sech ëm d'Waasser an all sengen Zoustänn dréien: biologësch Aspekter vun der Waasserverschmotzung, Erfaasse vun der Produktivitéit vun eise Waasserleef, d'Étude vun den zoologischen Liewensgemeinschaften vun stëlle Gewässer wéi z.B. d'Étude vum Plankton am Stauséi vun Esch-Sauer. Si huet un der Redaktioun vun der "Déclaration d'intention générale" matgeschafft, dem éischte richtigen Naturschutzgesetz fir d'Landesentwécklung um Niveau vun eiser Ëmwelt, déi 1981 am Mémorial publizéiert gouf.
Scho während hirer Carrière, mee nach méi an der Pensioun, war d'Mady Molitor staark a Veräiner engagéiert an dat an esou villsäiteg Beräicher wéi den Naturschutz, d'Fraëwiesen an d'Mënscherechter. Zum Zäitpunkt vun hirem Doud huet d'Mady folgend Funktiounen bekleet:
- Presidentin
- AAT - Garten und Teichfreunde Luxemburg a.s.b.l. ;
- Fonds Soroptimist Luxembourg a.s.b.l.
- Generalsekretärin
- NATURA a.s.b.l. ;
- Association Luxembourgeoise pour les Nations Unies a.s.b.l. ;
- WFUNA - World Federation of United Nations Associations.
- Sekretärin
- Member am Verwaltungsrot
- Fondation Hëllef fir d'Natur ;
- Haus vun der Natur a.s.b.l. ;
- Femmes au présent a.s.b.l. ;
- Conseil national des femmes du Luxembourg ;
- Lobby européen des femmes.
Mee doriwwer eraus huet d'Mady Molitor sech a weideren Initiativen engagéiert, sou bei der Grënnung vun enger "Groupe mésologique" fir Ëmwelterzéiung, d'Organisatioun vun Naturrallyen, Aarbechtsgruppen am Kader vum Haus vun der Natur. Hire sozialen Engagement huet d'Mady douzou bewegt, fir am Kader vun SOS Kannerduerf Kannerpatenschaften am Kenia z'iwerhuelen.
Fir eng Étude iwwer d'Écologie vum Floss Lesse an der Belsch huet si 1969 de Präis vum Concours vun der "Académie Royale de Belgique" gewonnen. Den 8. Januar 2002 krut d'Mady de Präis "Gëllene Regulus" fir hir Meriter am Intérêt vum Natur- an Ëmweltschutz vum Haus vun der Natur iwerreecht.
[Änneren] Bibliographie
- Molitor, M., 1967. - Contribution à une étude hydrobiologique annuelle de la Lesse. - Mémoire, Université libre de Bruxelles.
- Molitor, M., R. Thorn, A. Mousset & A. Pelles, 1975. - Säugetiere : Amphibien und Reptilien : Wirbellose Tiere / In Luxemburg Geschüzte Tiere. - Natura, Luxemburger Liga für Natur- und Umweltschutz, 63 p.
- Molitor, M., 1976. - Analyse hydrobiologique des cours d'eau du Grand-Duché de Luxembourg. - Bull. Soc. Nat. luxemb. 79 (1974): 53-78.
- Molitor, M. & H. Regenwetter, 1980. - Analyse hydrobiologique de l'étang " Steinrausch " à Dudelange. - Bull. Soc. Nat. luxemb. 82 (1977): 30-34.
- Molitor, M., 1985. - Noms vernaculaires des poissons du Grand-Duché de Luxembourg (français, allemand et luxembourgeois). - Bull. Soc. Nat. luxemb. 85 (1980-1982): 55-59.
- Haslam, S. M. & M. Molitor, 1988. - The macrophytic vegetation of the major rivers of Luxembourg. - Bull. Soc. Nat. luxemb. 88: 3-54.
- Krier, A., M. Lauff, G. Molitor & A.M.M. Molitor, 1992. - La récupération des poissons lors de la vidange du lac de barrage d'Esch-sur-Sûre en 1991. Aspects physico-chimiques et biologiques. - Bull. Soc. Nat. luxemb. 93: 71-82.
Ufank der 1970er Joeren huet d'Mady Molitor e puer Kapitele vun der Enzyclopedie "Le monde animal" vum Bernhard Grzimek fir de Verlag Stauffacher vun Zurich op Franséisch iwersat.