Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Kurt Schumacher - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Kurt Schumacher

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Kurt Schumacher (* 13. Oktober 1895 zu Culm a Westpreußen(haut: Polen); † 20. August 1952 zu Bonn) war en däitsche Politiker.

Hie war Parteipräsident vun der SPD vun 1946 bis 1952 an SPD-Fraktiounspräsident am éischten Däitsche Bundestag vun 1949 bis 1952.

De Kurt Schumacher huet an der Zäit vun 1945 bis 1949 den Toun uginn wéi et dorëm gaangen ass d'SPD a Westdäitschland erëm opzebauen. An den éischte Joren vun der Bundesrepublik war de Schumacher de grousse politesche Géigespiller vum Konrad Adenauer. Och wann dem Schumacher seng politesch Virstellungen op laang Siicht zum gréissten Deel en Échec waren, gehéiert hien dach zu deene Leit, déi Gründerväter vun der Bundesrepublik Däitschland genannt ginn.

Foto Kurt Schumacher
Vergréisseren
Foto Kurt Schumacher

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Liewen

No sénger Promotioun stellt de Schumacher säi ganzt Liewen aktiv an den Déngscht vun der SPD. Virun 1933 ass hien vir d'éischt mol Redakteur an enger Parteizeitung, duerno Députéierten am Landtag a kuerz drop och am Reichstag. De gréissten Deel vun der Nationalsozialismuszäit muss hien am KZ verbréngen. No 1945 gëtt hien onëmstriddene Parteichef an ee vun de Protagoniste vun der fréier Bundesrepublik, där hien säi Stempel opdréckt.

Am Géigesaz zum Fuuss Adenauer beschreiwt säi Biograph Peter Merseburger hien andeems en op dem Machiavelli seng Terminologie vum Léiw zréckgräift. Mat engem onheemlech staarke Wëllen, polemesch a wéi et schéngt och net vu sénge Vierstellungen ofzebréngen, gëtt hien fir d'Leit vun deeër Zäit e charismatescht Géigebild zum éischte Kanzler. De preußesche Sozialist Schumacher ass an den éischte Joren vun der Bundesrepublik an der ëffentlecher Meenung de kloer dominéierende Politiker an a vu Westdäitschland. Eréischt duerch d'Walen vu 1949 déi dem rhäinesche Katholik Adenauer zum Kanzler maachen an duerch de bal zuer selwëschter Zäit ufäenkenden an definitive kierperleche Verfall vum Schumacher ännert dat Bild.

Gedenkplack beim Kurt-Schmacher-Haus zu Berlin-Wedding
Vergréisseren
Gedenkplack beim Kurt-Schmacher-Haus zu Berlin-Wedding

Seng Fuerderungen dréit de Schumacher mat leidenschaftlecher Radikalitéit vir. Een Aarm verléiert hien am Éischte Weltkrich, säi lénkst Been muss 1948 amputéiert ginn; d'Zäit am Konzentratiounslager schued senger Gesondheet enorm vill. Entkräft a kierperlech staark geschiedegt, huet de Kettefëmmert awer wéi et schéngt e bis zuer Tockegkeet goende Wëllen a kënnt dowéinster de Leit vu sénger Zäit a Gespréichspartner wéi e liewegt Symbol vu moralescher Korrektheet an vun engem onbeugsame Kampf fir e fräiheetleche Sozialismus vir.

[Änneren] Zäit bis 1945

[Änneren] Kandheet a Schoulzäit

De Schumacher, gebuer den 13. Oktober 1895, ass dat véiert Kand den eenzege Jong vum evangelesche Kommerzant Carl Schumacher a sénger Fra Gertrud geb. Meseck. . Am Etat civil steet hien als Curt Ernst Carl Schumacher. Säi Papp Carl ass net nëmme geschäftlech erfollegräich, mee och politesch aktiv. Den Unhänger vum lénksliberale Fräisënn ass vill Joere laang Culmer Stadtverordnetenvorsteher ; héchstwahrscheinlech (genau Date sinn net bekannt) gëtt hien dobäi och vun de polneschen Députéierten ënnerstëtzt. D'Famill Schumacher huet ausgedehnte familiär Bezéiungen an der (politescher a wirtschaftlecher) Elite vun der Stad.

Zënter 1911 ass de Carl och Kreistagsdéputéierten, 1914 an 1917 vertrëtt hie Culm bei de Verhandlungen vum Reichsverband vun den däitsche Stied. Säi Jong Kurt liest an deser Zäit d' Sozialistische Monatshefte – d'Zäitschrëft vum revisionistesche Flillek vun der SPD an de März, eng lénksliberal Zäitschreft, déi den Hermann Hesse a de Ludwig Thoma erausginn. De Jong aus guttbiergerlechem Haus gëllt an der Schoul als iwwerzeegte Sozialdemokrat, leid awer och ënnert der perséinlecher Isolatioun, déi dat mat sech bréngt bannent der westpreußescher Gesellschaft.

1924 muss de Schumacher fir e potenziellen Doktoratspapp e Porträt vu sech selwer opsetzen, hie schreift do : "Mein Interesse für historische und politische sowie philosophische Dinge brachte mich sehr frühe dem Sozialismus nahe. Die üble und ungünstige Umgebung, die eine ostmärkische Kleinstadt für solche Interessen nun einmal ist, hat mich notgedrungen sehr frühzeitig zu einer Schablonisierung meiner Ansichten gebracht – spätestens seit meinem 15. Jahre zählte ich mich innerlich zur Sozialdemokratischen Partei. Allerdings fehlte diesen "Schablonen" dadurch manches ihrer Gefährlichkeit, dass ich durch die Lektüre Bernsteins (was mir heute etwas sehr sonderbar vorkommt) Sozialdemokrat im Parteisinn geworden bin." Den Afloss vum Bernstein an deem séng Positionéierung géint den orthodoxe Marxismus begleet de Schumacher säi ganzt Liewen.

Culm läit nëmmen 30 Kilometer vun der Grenz vum (deemools) zaristesche Russland ewech. Seng Matschüler sinn zum gréissten Deel Polen, a senger Ofschlossklass sinn 8 Däitscher a 14 Polen. Am Gymnasium zu Culm war e puer Joer éiert de Schumacher vier d'éischt an d'Schoul gaangen ass de Gebrauch vum Polnesche verbueden ginn; e Verbuet, deen all Joers rituell op enger grousser Versammlung widderholl gouf. Duerch säi Matschüler a Frënd Franz Raszeja gëtt de Schumacher an der traditiounsräicher mee verboudener Philomatenvereenegung vun de Polen Member a léier sou hier Astellungen, hir Kultur an hirt staarkt Nationalgefill kennen.

De Kurt Schumacher op der 2-DM-Mënz
Vergréisseren
De Kurt Schumacher op der 2-DM-Mënz

[Änneren] Krichsfräiwëllegen

Bei der éischter méiglecher Geleeënheet mellt sech de Schumacher den 2. August 1914 – kuerz nom Ufank vum Éischte Weltkrich – als Krichsfräiwëllegen, ouni sech kënne virzestellen, wéi sech dat op seng Schoulcarrière auswierke géif. Ee vun de Grënn virwat hie Fräiwëllegen ass ass well Culm, als Stad un der Grenz, staark Gefor leeft, zur Frontstad an domatter Affer vun enger Belagerung ze ginn. Hie geet nach eng Kéier kuerz op d'Schoul zréck, fir en Notabitur ze maachen. Säin (net selwer gewieltent) Aufsatzthema an deem Exame bezitt sech zäitgeméiss op e Schiller-Thema. Will, ruf' ich aus, das Schicksal mit uns enden, So stirbt sich's schön, die Waffe in den Händen. De Schumacher ass nach Joerzéngte méi spéit déif beandrockt dovunner, datt sech an den Deeg dono och de gréissten Deel vu senge polnesche Matschüler op déi däitsch Säit schloen a sech fräiwëlleg an der Arméi mellen. Si si virun allem dovunner motivéiert géint Russland kënnen an de Krich ze zéien.

Als Zaldot am Infanterie-Regiment Nr. 21 gëtt hie schonn den 2. Dezember 1914 zu Wloclawek bei Lódz (Polen) schwéier blesséiert. Getraff vun zwee Queeschschléier duerch den Ueweraarm an zwee Schëss duerch d'Hand, bleift hien 26 Stonnen um Feld leien; an dëser Zäit gëtt hie vu weidere Granatsplitteren um Been getraff, éier hien op engem Holzwon, an d'Feldlazarett (iwwer 50 km ewech) geschleeft gëtt. Do gëtt him de rietsen Aarm amputéiert. Dem 1,85 m grousse Schumacher säi Gewiicht fält an de Méint drop vun 72 op 43 kg. Zudeem gëtt en och nach vun der Ruhr net verschount. Den 10. Oktober 1915 gëtt hie Schumacher offiziell aus der Arméi entlooss. Well e säi rietsen Aarm am Krich verluer huet, kritt hien all Mount eng Rent vun 33,75 Mark dozou eng Krichszoulag vun 15 Mark an d'einfach Verstümmelungszoulag vun 27 Mark souwéi d'Eisernt Kräiz 2. Klass.

Culm fält nom éischte Weltkrich u Polen. D'Decisioun zidd hefteg Diskussiounen an der Stad mat sech. Deeler vum Schumacher senger Famill plënneren an de Rescht vum Däitsche Räich, déi aner bleiwen a Polen. Hien erlieft dat zum gréissten Deel op der Plaz, well hien zu där Zäit säi Referendariat um Amtsgeriicht vu Culm mécht.

[Änneren] Studium a Promotioun

[Änneren] Halle, Leipzig, Berlin

Kurt-Schumacher-Platz zu Berlin-Reinickendorf
Vergréisseren
Kurt-Schumacher-Platz zu Berlin-Reinickendorf

1915 fänkt hien un Droit an Nationaléconomie op den Universitéiten zu Halle, Leipzig, a vun 1917 un zu Berlin, ze studéieren. Iwwert séng Zäit zu Halle an zu Leipzig ugeschwat schwetzt hien, wann et no senger Mataarbechterin an enker Bekannter Annemarie Renger, souwuel a politescher wéi och a perséinlecher Hisiicht nëmme virsichteg. Zu Leipzig léiert hien seng Kusinn Dora kennen, mat deeër hien – vun der Zäit am KZ ofgesinn – eng liewenslaang Liebesbezéiung ennerhält. Hien ass awer géint e Bestiedniss mat hir; spéider seet hien dozou : Ich habe mich nie an Menschen geklammert – allerdéngs gehéiert och zu dëser Opfassung, datt déi aner Mënschen dowéinster keng Usprech un hie selwer stellen dierften.

1919 ass säi Studium mat dem juristesche Staatsexamen fäerdeg. Hie gëtt Mataarbechter am Reichsarbeitsministerium. Well hien zu Berlin keen Tuteur fir säin Doktertitel fënnt, promovéiert en 1926 un der Westfälescher Wilhelms-Universitéit zu Münster a gëtt Dr. jur. . De Sujet vu senger Dissertatioun fir déi hien en magna cum laude kritt, ass: Der Kampf um den Staatsgedanken in der deutschen Sozialdemokratie.

Dës Dissertatioun ass vu Villen als Bekenntnisschreiwes vum Schumacher ugesi ginn. No der Novemberrevolutioun war d'SPD zu enger vun den Haaptparteie ginn am Staat. Bis 1918 gouff sie nach mat alle Mëttele vum Staat bekricht, zënter der Revolutioun muss si awer fir de Staatsapparat schaffen. De Schumacher probéiert a senger Dissertatioun un dee Problem erunzegoen. An dëser Dissertatioun stellt hien die zwee wichteg Theoretiker vun der Sozialdemokratie, de Ferdinand Lassalle an de Karl Marx, niewentenaner. Sie stelle fir de Schumacher d'Haupttypen aller sozialistischen Politiker duer: de Marx, deen nom Schumacher den Staat aus dem Endziel hinwegphilosophiert soll hunn, fir de Mythos des emanzipierten Individuums ze krééieren, während de Lassalle den Arbeschterstaat fir d'höchste Menschheitsideal gesäit. De Schumacher entscheed sech an där Situatioun eendeiteg fir d'Sozialdemokratie als Staatspartei – hie beschreiwt déi senger Meenung no existéierend Noutwennegkeet vun der Inkorporatioun vun den Aarbechter in das Staatsganze, e fuerdert, datt et zu der Festigung der Staatsgesinnung an der Stärkung des Abwehrwillens, vor allem gegen Russland kënnt.

[Änneren] An der SPD

A senger Zäit zu Leipzig an zu Halle bleift de Schumacher op Distanz zur Partei . D'Stied sinn Héichbuergen vun der USPD, den deemolegen ausserparlamentareschen an op de politesche Streik ausgeriichte Politikstil stéisst hien zréck.

1917 gëtt hie Member am Bund der Kriegsteilnehmer und Kriegsbeschädigten deen der SPD nosteet. Op senger Memberskaart steet d'Nummer 116, dat an enger Organisatioun, déi schonn 1920 iwwert 650.000 Memberen huet.

Nodeems hien e puer Joer gezéckt huet, fir seng Verhältnisser zimmlech ongewéinlech, gëtt hien den 8. Januar 1918, also wéi et d'Keeserräich nach ginn ass an e puer Méint virun der Novemberrevolutioun, Member vun der SPD. Als Akademiker an der SPD gehéiert hie soumat souwuel bei de Sozialdemokraten wéi och an den akademesche Kreeser enger däitlecher, an op béide Säiten net grad beléifter, Minoritéit un. Während der Revolutioun ass hien, ënnert anerem mat dem Otto Braun, Member vum Berliner "Arbeiter- und Soldatenrat". 1920 gëtt d'SPD och säi Patron: hie gëtt politesche Redakter vun der sozialdemokratescher Stuttgarter Zeitung Schwäbische Tagwacht. Zu Stuttgart fält de Schumacher als leidenschaftlechen Orateur an zimmlech fréi och als Géigner vun den Nationalsozialisten op. 1924 gëtt hien de President vum Stuttgarter Reichsbanners Schwarz-Rot-Gold. 1930 gëtt e President vun der Stuttgart-SPD, dem Kreesverband mat de meeschte Membere vun der Württemberger SPD.

[Änneren] Kommunisten an Nationalsozialisten

Scho fréi fänkt de Schumacher u sech suwuel mat de Kommunisten wéi och mat den Nationalsozialisten – deenen hien sech allenzwee a gläichem Moss refuséiert – ausenanerzesetzen. Dem Schumacher senger Meenung no hunn d'Aktiounen vun der spéiderer KPD – an déi doduerch verursachte Reaktiounen vun de politesche Rietsen – vill dozou bäigedroen, de Spillraum fir eng wierklech demokratesch Revolutioun dramatesch a fatal ze reduzéieren. Hien hällt déi a sengem Stuttgarter Waalkreess relativ staark KPD fir eng komplett vu Moskau gesteierte Partei, an der KPD géif et keng Demokratie bannent der Partei ginn, hirt Verhältnes zuer Demokratie an zuer Gewalt wier déi selwechte wéi déi vun der NSDAP. Eng Zesummenaarbecht mat der KPD ass fir de Schumacher zu kengem Moment och nëmmen eng theoretesch Méiglechkeet.

Mat der NSDAP setzt sech de Schumacher fir d'éischt 1923 méi intensiv ausenaner. Senger Meenung no ass den Antisemitismus den eenzege Lien, deen de Mouvement beienaner géif halen, den Nationalsozialismus géif just un d'Gewalt gleewen an d'Selbstbestemmungsrecht, dat si fir d'Vollék verlaange géif, doduerch zu enger Farce ginn.

[Änneren] Députéierten am Land- an am Reichstag

1924 gëtt hie Member vum Landtag vu Württemberg. Hien ass vun 1928 un Member am Präsidium vun der SPD-Fraktioun. 1931 gëtt hien aus dem Landtag erausgewielt. De Schumacher gehéiert domat zu de wéinege féierende Politiker an der SPD, deenen hier sozialdemokratesch Sozialisatioun primär an der Weimarer Republik iwwert d'Bühn geet; hien zitt an der politescher Évaluatioun vun der Situatioun manner Parallelen zum Keeserräich wéi die meeschte vu senge Kolleegen an huet doduerch en oppent Aan fir déi nei Entwécklungen an der Weimarer Zäit.

Berlin-Reinickendorf
Vergréisseren
Berlin-Reinickendorf

Nodeems hie bei der Waal 1928 nëmmen em puer Stëmmen net eragewielt gouff, gëtt de Schumacher 1930 fir d'éischte Kéier an de Reichstag gewielt. Hien ass en décidéierte Géigner vun der Toleréierungspolitik vis-à-vis vum Heinrich Brüning sénger Régierung. Zënter 1932 ass hie Member vum Präsidium vun der SPD-Fraktioun. Well de Reichstag no 1930 bal net méi schaffe kann, hällt de Schumacher hei och nëmmen eng eenzeg Ried. Am Februar 1932 attackéiert hie vierun allem d'NSDAP. Den Nationalsozialismus wier: "der dauernde Appell an den inneren Schweinehund im Menschen", fir d'éischten Kéier wier dem Nationalsozialismus "in der deutschen Politik die restlose Mobilisierung der menschlichen Dummheit gelungen." Spéitestens vum 20. Juli 1932 un, dem Datum vum Preußenschlag, gesäit sech de Schumacher an onbedéngter Oppositioun zuer politescher Entwécklung déi ëmmer méi séier op de fatale Punkt zousteiert.

Hie gehéiert och deem Reichstag un deen no der Machtergreifung vum Hitler ënnert schwierege Konditioune gewielt gëtt. Hie gehéiert zu deene wéinege Parlamentsmemberen, déi mat un der Ried vum Otto Wels schaffen, mat där dësen den Ne vun der SPD zum Ermächtigungsgesetz formuléiert. Déi Zentral Botschaft (Freiheit und Leben könne man den Sozialdemokraten nehmen, nicht aber ihre Ehre) an dëser Ried bestëmmt dem Schumacher säi ganze Komportement an der Zäit vum Nationalsozialimus. Den 10. Juni plädéiert hien op enger Sëtzung vun der SPD-Reichstagsfraktioun fir d'illegal Arbescht vun der Partei an nach eng Kéier den 19. Juni op enger SPD-Reichskonferenz. Hien ass, net sou wéi d'Parteispëtzt, déi mengt, et kéint net méi schlëmm wéi zu Zäite vum Bismarck senge Sozialistegesetzer ginn, Vertrieder vun enger Haltung vis-à-vis vun den Nationalsozialisten déi keng Kompromësser erlabt. Vum 13. Juni 1933 u gëtt de Schumacher mat steckbréiflech gesicht.

[Änneren] Am Konzentratiounslager

Den 6. Juli 1933, gudder zwou Wochen no dem Verbout vun der SPD, gëtt de Schumacher zu Berlin festgeholl, nodeems hie bei engem geheime sozialdemokrateschen Treffen am Schwarzwald matgemach huet. De Schumacher kritt d'Chance, eng Verzichtserkläerung op politesch Aktivitéit ze ënnerschreiwen a sech domat seng Freiheet ze zréckzekafen. Hie refuséiert. Doropshi gëtt hie fir néng Joer, néng Méint an néng Deeg a verschiddene Konzentratiounslagere agespart, ufanks, vum Dezember 1933 un, am KZ Heuberg, dono, bis Juli 1935, am KZ Oberer Kuhberg zu Ulm, um Enn am KZ Dachau an eng Zäitchen och am KZ Flossenbürg.

De Schumacher kann zwar als Weltkrichsveteran op e bësse Rücksicht hoffen, mee riskéiert, well hien ëfters widersprëcht a suguer en Hongerstreik ufänkt, e puer Mol säi Liewen. Am Konzentratiounslager refuséiert hien all Zort vu Kontakt mat kommunistische Prisonnéier, well hien hinnen eng Matschold gëtt un den Nazien hierer Muechtergräifung.

Den 16. März 1943 gëtt hien als schwéierkranke Mann op Hannover entloss, wou hie gezwonge gëtt bis zuer Liberatioun (den 10. April 1945 ze bleiwen. No dem Attentat vum 20. Juli 1944 gëtt hie vum 24. August bis den 20. September 1944 op en neits inhaftéiert, des Kéier am KZ Neuengamme.

[Änneren] Rekonstruktioun vun der SPD

Kuerz nom Krich an der Befreiung vun Däitschland vum Nationalsozialismus fänkt de Schumacher un d'SPD nees opzebauen. Genee wéi den August Bebel, gëtt de Schumacher als wahrer Volkstribun, mitreißender Redner, Führer, an den glaubte, wer zur SPD gehörte (Peter Lösche) beschriwwen.

Kurt-Schmacher-Haus, Berlin-Wedding
Vergréisseren
Kurt-Schmacher-Haus, Berlin-Wedding

Schonn de 6. Mee 1945, zu engem Moment wou d'britesch Besatzungsmuecht et nach net erlaabt huet Parteien ze grënnen, gëtt de Schumacher vun ongeféier 130 sozialdemokratesche Funktionnären zu Hannover an d'Funktioun vum lokale President gewielt.

De Schumacher beweist am Duerchernee vun der Nokrichszäit groussen organisatoresche Geschéck a gëtt sou a kuerzer Zäit zu enger net kontestéierter Féierungsfigur vun der Sozialdemokratie an de westleche Länner. Am Juli 1945 ginn him 11 westdäitsch Parteibezierker eng Vollmuecht : Sie chargéieren den früheren Reichtagsabgeordneten Dr. Kurt Schumacher mit der organisatorischen und politischen Führung der Partei im gesamten Reich. Den 10. Mee 1946, véier Wochen nodeems an der Sowjetescher Besatzungszon d'Zwangsvereenegung, géint déi de Schumacher sech agesat hat, vu KPD an SPD zuer SED agefouert gouf, gëtt de Schumacher schliisslech mat 244 vun 245 Stëmmen zum Parteipresident vun der SPD an den dräi westleche Besatzungszone gewielt. De Büro Dr. Schumacher zu Hannover entwéckelt sech zur faktescher Parteizentral, seng Mataarbechter, wéi den Erich Ollenhauer, d'Annemarie Renger, den Egon Franke, den Alfred Nau, den Herbert Kriedemann an d'Herta Gotthelf ginn d'organisatoresch Basis vun der SPD.

De Schumacher wëll d'Feeler vun der Weimarer Republik emgoën a gräift a sengen inhaltleche Konzepter op Iwwerleeungen aus der Weimarer Zäit an op déi vun de Sozialdemokraten am Exil zeréck. Säin Afloss op d'Entwécklung vun der SPD ewech vun der Klassepartei mat marxistesch inspiréiertem Programm hin zu enger pluralistescher lénker Vollekspartei ass widersprëchlech. Zum engen entstammt hie kengem typeschen SPD-Hannergrond, wat séng Famill a säi sozialt Emfeld betrëfft, gehéiert, par rapport zu de Cheffe vun der Weimarer Republik, zu enger neier Generatioun an huet, theoretesch fundéiert, all, vum Marxismus inspiréierten, Revolutiounsperspektive fale geloss. Fir hien ass d'Partei net an éischter Linn eng Aarbechterpartei, mee eng Partei vu Fräiheet a Gerechtegkeet, d'Arbechter sollen zwar eng gläichberechtegt Roll am Staat anhuelen, mee dem Schumacher säin Zil ass net méi dee vun engem Arbeiterstaat. Seng Positionen, besonnesch säi Patriotismus maachen d'SPD fir nei Wieler- a Membersmilieuen op, déi hir virdrun entgaange sinn. Anerersäits erstéckt hien och Diskussiounen bannent der partei, wéi zum Beispill déi vum Carlo Schmid. D'Iddien, déi sou, bësonnesch duerch den Openthalt vu ville Sozialdemokraten am Exil entstane sinn, brauchen sou Joere méi laang, fir an der Partei duerchzekommen.

[Änneren] Autoritäre Féierungsstil

De Schumacher gesäit d'Partei als déi wichtegst Stäip vum politische System. Am Chaos vun der Nokrichszäit, a mat dem Hannergrond vun de groussen Aufgaben, dene sech déi fréi bundesdäitsch Politik stelle muss, sëcher awer och perséinlechkeetsbedéngt, ass fir hien d'Einheet vun der Partei ee vun de wichtegste Zilen.

Zu den Eegeschafte vum Kurt Schumacher, déi dacks kriziséiert si ginn, gehéiert säin autoritäre Féierungsstil. De Willy Brandt, deem säi Féierungsstil genau de Kontraire ass, charaktériséiert de Schumacher a sengem Buch Links und frei : "Ich begriff – etwas widerstrebend – die magnetische Wirkung, die er auf viele ausübte. Er bat nicht, er forderte. Er wog nicht Argumente gegeneinander ab, sondern schleuderte das Ergebnis seines Nachdenkens in den Zuhörerkreis – und dies mit erheblichem Stimmaufwand."

Müllerstraße 163
Vergréisseren
Müllerstraße 163

De Schumacher verlaangt vun de Membere vun der SPD eng stoolhaart Parteidisziplin an ass Verdeedeger vum Fraktiounszwang. SPD-Politiker, déi ëffentlech eng aner Meenung vertrieden, gi vun him schaarf ugegraff (z.B. de Wilhelm Hoegner an de Wilhelm Kaisen). Am Fall Hoegner geréit dee bal scho militanten Zentralist mat dem genausou vehemente bayerische Fédéralist unenaner. Während den Hoegner dem Schumacher séng "Diktator-Allüren" kritiséiert, gesäit de Schumacher am Hoegner net ganz zu Onrecht e Separatist, dee mat der Bayernpartei an engem Concours läit, fir rauszefanne wien de beschte Bayer wier. Mat Hëllef vu sengem Büro, der bayerischer SPD, déi dem Hoegner séng Positiounen och wäit iwwerdriwwen fënnt, an dem fréieren Londoner Emigrant Waldemar von Knoeringen bréngt de Schumacher et um Enn fäerdeg, den Hoegner an der SPD ze isoléieren.

Am Fall Paul Löbe laut dem Schumacher séng Begrënnung: "Die individuelle Meinungsfreiheit ist auch in der Öffentlichkeit gesichert. Wenn aber einmal Entschlüsse vorliegen, dann müssen sie auch respektiert werden. Es kann auch nicht nach Beschlussfassung die Diskussion in jedem Moment von neuem beginnen." D'"demokratische Freiheit" läit fir de Schumacher "in der Einordnung in die große Idee, deren praktische Gestaltung demokratisch fixiert ist."

An der SPD gëtt et der nëmmen e puer, déi him widerspriechen, oder suguer säi Féierungsusproch a Fro stellen. De Fraktionsmember Heinrich Ritzel erkläert déi Tatsaach, datt de Schumacher och a parteiinternen Diskussiounen kaum Widerspruch kritt, mat der scharfer Aart vu sénger Argumentatioun, déi vill Leit scho "frühzeitig verstummen ließ"; anerer "schwiegen gegenüber dem Mann, der durch seine physischen Leiden so etwas wie Unantastbarkeit ausstrahlte." E vun deene wéinegen, déi dem Schumacher säi Stil ope kritiséieren, ass eben de Paul Löbe. An engem Bréif un de Schumacher schreiwt hien: "... Du weißt wie sehr wir Dich alle schätzen ... daß aber nun überhaupt keine andere Meinung in der Partei laut werden soll als die Deine, scheint mir etwas zu viel verlangt ... wohl zehnmal haben Genossen mich schon gefragt, ist denn niemand da, der Kurt das einmal offen sagt. Ja, ja, es gibt Leute, die sich davor zu fürchten scheinen. Schließlich aber kann eine gesunde Politik nicht nur dadurch betrieben werden, daß man die anderen rechts und links dreimal täglich vor den Kopf stößt."

Am Géigesaz zu de méigleche Géigner huet de Schumacher d'Virdeeler kloer op senger Säit. Hie besëtzt e kohärent politescht Konzept fir d'Nokrichszäit, huet de Respekt vun de Parteimemberen, de politeschen Duerchsetzungswëllen an eng Organisatioun, fir dëse Wëllen och duerchsetzen ze kënnen – alles Fakteuren, déi denen Anere feelen.

[Änneren] Éischten Oppositionsféierer vun der Bundesrepublik

De Schumacher refuséiert 1946 d'Offer vun den Alliiéierten, Ministerpresident vu Baden-Württemberg ze ginn, well hien sech net regional a séngen Aktioune wëllt beschränken. Hie gëtt allerdéngs dat Joer zum President vum Zonenbeirat an der Britescher Besatzungszone gewielt.

Bei der Bundestagswaal vun 1949 gëtt de Kurt Schumacher an den éischte Bundestag gewielt. D'SPD verléiert no ufanks widersprëchleche Prognostike mat 29,2 % vun de Stëmmen géint CDU/CSU, déi 31,0 % vun de Stëmme kréien.

Am Géigesaz zu villen aneren an der SPD, fir se mam Numm ze nennen : d'Landespolitiker Wilhelm Kaisen (Bremen), Max Brauer (Hamburg) an Hermann Lüdemann (Schleswig-Holstein), ass hie ganz décidéiert géint eng Grouss Koalitioun an domat och fir eng Oppositiounsroll vun der SPD. Déi zwee onemstridde Parteicheffe vun de grousse Parteie si géint eng staark Oppositioun an hire Parteie fir eng kloer Richtungsentscheedung duerch d'Wahlen. Och perséinlech wier suwuel e Minister Schumacher an engem Ministesch-Kabinett Adenauer wéi och déi ëmgedréite Konstellatioun nëmme schwéier méiglech gewiescht. Schonn op enger Wahlversammlung am Oktober 1946 gesäit de Schumacher d'Oppositiounsroll als eng Méiglechkeet fir d'SPD. D'Sozialdemokraten fäerten "auch nicht vor einem gefährlichen Leben in der Opposition, denn wir Sozialdemokraten sagen uns, es ist besser für uns und die Welt, wenn die Opposition einmal von einer internationalistischen demokratischen Partei als von Chauvinisten und Nationalisten und allen Reaktionären, die ja augenblicklich bei der CDU untergekrochen sind, soweit sie nicht im Osten des Reiches bei der SED sind."

Stëmmeverdeelung vun der Bundestagswahl 1949
Vergréisseren
Stëmmeverdeelung vun der Bundestagswahl 1949

De Konrad Adenauer gëtt éischte Bundeskanzler, de Kurt Schumacher gëtt als éischten Oppositiounschef säi Géigespiller am Bundestag. Am Géigendeel zuer Praxis an der Weimarer Republik begräift hien d'Oppositionsroll ëmmer als konstruktiv. D'Oppositioun soll nom Schumacher senger Meenung net un éischter Plaz d'Régierung kritiséieren, mee sie soll selwer kapabel sinn, besser oder zumindest genausgutt Vierschléi ze maachen. Mat dëser parlamentarescher Stilännerung hannerléisst hien säi vläicht wichtegsten Ierwe fir de Politesche System vun der Bundesrepublik.

De Schumacher ass den onëmstriddene Chef vun der SPD-Fraktioun; obwuel säi Plang, de Fraktiounszwang an d'Geschäftsuerdnung schreiwen ze lossen, net opgeet, praktizéiert hien e konsequent. Hien ass, och wéinst der Weimarer Erfahrung, der Meenung, datt d'Parlament genausou wéi eng handlungsfäheg Régierung eng eeneg Oppositioun brauch, déi och kapabel ass, am Noutfall d'Regierungsfunktiounen z'iwwerhuelen . An der däitscher Traditioun ass hien sou de Grënner vun der Funktioun vum Oppositiounschef.

1949 kandidéiert de Schumacher bei de Wahle fir d'Funktioun vum Bundespräsident, hie verléiert awer géint den FDP-Kandidat Theodor Heuss, deen och vun den Uniounsparteien ënnerstëtzt gëtt. Doduercher datt hie fir dëse Poste kandidéiert wëllt de Schumacher awer net signaléieren, datt hie sech aus der aktiver Politik wéilt zréckzéien fir méi repräsentativ Aufgeben z'iwwerhuelen. Datt hie sech dëser Wahl stellt, ass d'Resultat vun den ëmmer méi haarde Fuerderungen aus Koalitiounskreeser, déi wëllen, datt en SPD-Politiker un d'Spëtzt vum Staat gewielt gëtt.

Den 20. August 1952 stierwt de schwéierkranke Schumacher, un de Spéitfolge vun der laanger KZ-Haft, zu Bonn.

Begruewe gëtt hien zu Hannover. An de Strossen tëschent Bonn an Hannover stinn Honnertdausende vu Leit an erweisen him déi lescht Éier. D'Süddeutsche Zeitung schreiwt an hirem Noruff: "Wir brauchen Dich, obwohl Du unser Gegner bist, und wir wissen es. ... Und das weitere Tröstliche ist darin enthalten, daß es hier keiner mittelmäßigen und mittellauwarmen Persönlichkeit entgegenwallte, keinem 'Wirte wundermild', sondern einem Strengen, Abweisenden, Unerbittlichen."

[Änneren] Politesch Virstellungen

Am Schumacher senge politesche Virstellungen huet de Begrëff Volkes eng zentral Plaz an dat a sengen zwou Bedeitungsniveauen, suwuel als Begrëff fir den drëtte Stand vun der franséischer Revolutioun, d'ausgebeuten an d'ënnerdréckte Massen, wéi och am Sënn vun engem Staatsvollek. De Kurt Schumacher wëll en demokratescht a sozialistescht ongedeeltent Däitschland, méiglechst an de Grenze vun 1937; Däitschland soll méiglechst séier seng Souveränitéit eremkréien a seng Plaz ënnert de freie Völker vun Europa erem anhuelen. Hie steet an der Traditioun vun der Revolution vun 1848 an där vun 1918, hie kämpft fir en unitarischen Verfassungsstaat, fräi Wahlen, Parteiendemokratie, Parlamentarismus, d'Iwwerwanne vum Obrigkeetsstaates an der kapitalistescher Klassegesellschaft. Fir hien ass d'SPD déi eenzeg Partei, déi weder duerch den Nationalsozialismus nach duerch de Stalinismus belaascht ass; d'Sozialdemokraten wieren dofier als eenzeg kapabel, e fräit Däitschland an e fräit Europa ze intégréieren a sou zum Spannungsofbau tëschent de Groussmuechte bäizedroen.

Dem Schumacher seng politesch Konzepter hunn de Vor- an den Nodeel, nie administrativ Muecht besiess ze hunn: E Vorteil, well hien seng Vierstellunge sou nie un der Realitéit mosse muss, undurchféierbar Pläng komme sou net zum Vierschäin a Widersprëch an deenen Theorie sinn net sou gutt ze gesinn; en Nodeel, well hien sou kaum ënnert dem Drock steet fir eppes bäizeléieren. Hie ka seng Positioune bäibehalen an dat och an enger weltgeschichtlecher Situatioun, déi sech rapid ännert. Sou féiert hien d'SPD an eng programmatesch Isolatioun, aus där sie lang Zäit, bis an d'60er Joeren eran, net erauszekënnt.

Plack um Kurt-Schumacher-Denkmal zu Berlin
Vergréisseren
Plack um Kurt-Schumacher-Denkmal zu Berlin

[Änneren] Sozialismus

De Schumacher ass vum programmatischen Ierwe vun der Bebelscher SPD markéiert: Fir hien ass d'Iwwerwanne vum Klassenkampf ee vun den zentrale Bute vun Politik. Senger Meenung no kann dat nëmmen duerch d'Verstaatlechung vu de Schlësselindustrie passéieren. Genausou déif ass hie vum Échec vun der Weimarer Republik beaflosst a mengt, eng vun den Ursaachen dofier an der schlechter Demokratiséierung vun der Économie ze gesinn. Besonnesch am Duercherneen vun der Nokrichszäit plädéiert, ze vergläiche mat dem Labour-Party a Groussbritannien, mee och groussen Deeler vun der CDU, fir eng geplangten Économie, fir de Ravitaillement vun der Bevëlkerung mat dem Noutwennegste sëcherzestellen.

[Änneren] Demokratie

D'Demokratie an d'Participatioun vum Vollek un der Muecht léisst sech fir de Schumacher am beschten duerch fräi an allgemeng Walen duerchsetzen. Duerch déi zueleméisseg Iwwerleenheet vum Vollek géinteniwwer den traditionelle Funktiounseliten, si Walen de sëcherste Wee, fir deenen Eliten hir Privilegien ofzehuelen. Konzeptiounen wéi déi vun de Bolschewiken, déi d'Volleksherrschaft eréischt no enger Zäit vun der Diktatur vum Proletariat uviséieren, refuséiert hien. Fir hie féieren nëmmen demokratesch Methoden zu enger Vollksherrschaft.

[Änneren] Antikommunismus

Vum Schumacher hautzedags am Bekannteste ass wuel d'Zitat vun de "Kommunisten als rotlackierte Faschisten". De Schumacher reprochéiert der KPD "Klassenverrat", well si d'Weimarer Republik net nëmmen net verteidegt, mee aktiv zu hirem Ënnergang, an domat der Entwécklung vum Nationalsozialismus bäigedroen soll hunn. Fir hien ass d'KPD en Organismus deen de Wëlle vun der sowjetescher Aussepolitik vollstrecke soll; an hiren Beschwörungen vun der Demokratie a der Däitscher Eenheet ass si fir hie verlugen. Mat enger neo-nationalistischen Sprooch, "gleich der des alten Nazismus", géif sech d'KPD a spéider d'SED fir eng "nationalrussische Politik mit nationaldeutschen Phrasen" asetzen. Op eng Verhandlungsoffer vun der Volkskammer reagéiert hien den 30. Januar 1951 am Bundestag mat senger üblecher ätzender Schärft: "Die deutschen Demokraten können nur mit Deutschen über Deutschland verhandeln, aber nicht mit Gesinnungsrussen, deren Deutschtum eine bloße Äußerlichkeit ist."

Schonn am Summer 1945 féiert hien eng Trennung vun der Ost-SPD ënnert dem Otto Grotewohl duerch; hie stellt sech an dësem Moment kloer géint den Zäitgeescht: a beede Parteien ass d'Bestriewen no enger Einheit der Arbeiterklasse staark, an anere Länner wéi Italien oder Frankräich gëtt et eng gemeinsam Antifaschistische Front vu Kommunisten a Sozialdemokraten; 1945 setzen suguer nach d'Westmuechten op eng Zësummenaarbecht mat der UdSSR. Hie geet och gären an dës Richtung, obwuel hien och weess, wéivill dat de Wahlresultate vun der SPD géif schueden. D'Héichbuerge vun der Aarbechterbewegung leie virun allem an de Landesdeeler am Osten, während déi biergerlech Parteien am kathoulesche Westen a Süden vun der neier Bundesrepublik méi staark sinn. Déi vum Schumacher durchgesaten Ofgrenzung vun der SPD zum Kommunismus bestëmmt d'Partei bis an d'1970er Joeren eran; éreischt dës Ofgrenzung huet den organiséierte Kommunismus vu senge wichtegsten Gespréichspartner (SPD an déi vun hir dominéierte Gewerkschaften) isoléiert a verhënnert sou datt d'Kommunisten Afloss op d'gesellschaftlech Mëtt kréien.

[Änneren] Patriotismus

De Politolog Hans-Peter Schwarz beschreiwt de Schumacher als "mit Getöse national." An engem Appell aus dem Joer 1945 schreibt Schumacher: "Mag das Verbrechen des deutschen Nazismus an der Welt noch so schwer sein, das deutsche Volk kann und darf nicht darauf verzichten, sein Reich ... als nationales und staatliches Ganzes zu behaupten. Für die arbeitenden Massen sind Idee und Tatsache des Deutschen Reiches nicht nur nationalpolitisch, sondern auch klassenpolitisch eine Notwendigkeit. Ihr politischer und wirtschaftlicher Befreiungskampf ist ohne diese Grundlage zur Erfolglosigkeit verurteilt."

De gebiertege Preis ass fest dovunner iwwerzeegt, datt et e vun de schwéirste Fehler vun der Weimarer Lénker gewiescht wier, d'"nationale Idee" de Konservativen an den Nationalsozialisten ze iwwerlossen. Nie méi soll d'SPD als national illoyal diskreditéiert gi kënnen. Mat Leidenschaft allerdéngs gräift hie Kräften un, déi senger Iwwerzeegung no mat dem Nationalsozialismus paktéiert haten. Fir hie läit den Contraire net tëschent "national" an "international", mee tëschent national an nationalistisch. Nationalismus war 1947 fir hien "die heutige Form des Nihilismus in der Welt" an domat bis an de Fong ze refuséieren. 1950, an de Verhandlungen fir den Europarot, définéiert hien de Role vun der SPD: "durch Wahrung der nationalen Rechte den Nationalismus unmöglich zu machen und ihn unter Zustimmung des ganzes Volkes zerschlagen zu können."

Seng Manéier, säi Patriotismus auszédrécken, mécht et allerdéngs senge Géigner liicht, fir hien aussepolitesch als lénken Nationalist ze isoléieren. Besonnesch well hien als aktive Resistenzler schonn am KZ sëtzt, während vill westlech Staatsleit dem Adolf Hitler nach den Haff maachen, mengt de Schumacher et sech leeschten ze kënnen, op Aanhéicht, wann net souguer wéinst engem Gefill vu moralescher Iwwerleeënheet, bei de Gewënner vum Krich opzetrieden. Datt déi an him e Mënsch gesinn deen als Eenzelpersoun Widerstand geleescht huet, domatter awer op kee Fall en typeschen Däitschen ass, kann oder wëllt en net gesinn. Och nom Krich schaffen déi westlech Staate mat de Représentante vun deener Klassen a Schichten zesummen, déi fir de Schumacher d'Republik net genuch verdeedegt hunn. Hie kënnt an d'Situatioun, am Ausland de schlechte Ruff vum däitschen Nationalist ze kréien, während déi déi et dem Nationalsozialismus, senger Meenung no, méiglech gemach sou wäit ze kommen, schonn nees rem hoféiert ginn.

Kurt-Schumacher-Platz zu Berlin-Reinickendorf
Vergréisseren
Kurt-Schumacher-Platz zu Berlin-Reinickendorf

us den Erfahrunge mat dem Traité vu Versailles an der däitscher "Erfüllungspolitik" mengt de Schumacher, datt just Härt néideg wier, fir fir Däitschland erem eng national Gläichberechtegung op internationalem Terrain duerchzesetzen. Dem Schumacher seng Positioun zuer Europäescher Eenegung an zuer "Westbindung" vun der Bundesrepublik bleiwt inkoherent. Engersäits leet hien säi leidenschaftleche Refus vun der Sowjetunioun an dem do praktizéierte Realsozialismus an der Situatioun vun engem Kale Krich dee grad ufänkt, faktesch op eng "Westbindung" fest. Anerersäits widersetzt hien sech de Schrëtt, déi dëst Festlee praktesch ënnerstetzen: Europarot, Montanunioun an EVG. Dëst erschwéiert seng Opfassung no déi däitsch "Wiedervereinigung" dauerhaft oder mëcht se ganz onméiglech. Kritësch géinteniwwer zu Frankräich, Groussbritannien a vierun allem zu, de vun him als kapitalistesch Viermuecht ugesinnen, USA refuséiert hien sech de Schrëtt, déi eng "Westbindung" kéinte konkrétiséieren. Am Verglach zu de Werter vun der Opklärung an engem fräiheetleche Sozialismus empfënnt hien déi faktesch Situatioun an dëse Länner als zudéifst onzefridde maachend a ka sech zu enger echter Zësummenarbescht mat hinnen net zesummeräissen.

De Schumacher profiléiert sech am Bundestag als scharfe Géigner vun der "Westeinbindung" duerch de Konrad Adenauer. Hie gesäit doranner eng Gefor fir eng eventuell zäitlech no Wiedervereinigung. An der Suite vum Sträit em d'Petersberger Okommen bezeechent hien den Adenauer an der Nuecht vum 24. November op den 25. November 1949 als "Bundeskanzler der Alliierten" a gëtt doropps hinn e puer Deeg vun de Sessioune vum Bundestag suspendéiert. Spéider revidéiert hien dat Zitat. Hien ass den Uersprong "Magnet-Theorie" déi den Adenauer iwwerholl huet.

[Änneren] Literatur

  • Albrecht, Willy (Éd.): Kurt Schumacher: Reden - Schriften - Korrespondenzen 1945-1952, Berlin, Bonn/Bad Godesberg 1985, Quellenéditioun, ISBN 380121107X
  • Dowe, Dieter (Éd.): Kurt Schumacher und der "Neubau" der deutschen Sozialdemokratie nach 1945, Bonn/Bad Godesberg 1996, Recueil vun de Konferenzen, ISBN 3860774611
  • Haus der Geschichte der Bundesrepublik Deutschland (Éd.): Kurt Schumacher und seine Politik. Berlin, Argon Verlag 1996, Wëssenschaftleche Symposium vum 30. Oktober 1995, ISBN 3870247932 (Tagungsband, starker Schwerpunkt auf seinen politischen Konzeptionen ab 1945.)
  • Koeppen, Wolfgang: Das Treibhaus, 1953, ISBN 3937793259 (Roman, d'Persoun vum Knurrewahn ass e liicht verfriemte Portrait vum Kurt Schumacher)
  • Merseburger, Peter: Der schwierige Deutsche Kurt Schumacher. Eine Biographie. Stuttgart 1995, ISBN 342105021X (Erhiewt kee wëssenschaftlechen Usproch, ass awer eng liesenswert Synthese vum allgemeinen Kenntnisstandes)
  • Schober, Volker: Der junge Kurt Schumacher 1895-1933. Série Politik- und Gesellschaftsgeschichten vum Historisches Forschungsseminar vun der Friedrich-Ebert-Stiftung Bd. 53; Bonn 2000, J. H. W. Dietz a Successeurs, ISBN 3801241106 (Wëssenschaftlech Biographie iwwert di fréi Joeren; leid e bëssen un der Armut un Dokumenter aus där Zeit).
  • Wesemann, Fred: Kurt Schumacher. Ein Leben für Deutschland. Frankfurt a. M. 1952. (Biographesch Faiten an Zitater goufen nach deelweis vum Schumacher selwer gelies an eventuell verbessert a besetzt sou deelweis Quellecharakter. D'Buch selwer ass am Kader vun enger Kampagne vun der Bundesregierung fir d'Établéierung vun der Demokratie éditéiert ginn an typiséiert dowéinster stark dem Schumacher säi Charakter)

Dem Schumacher séng perséinlech Saache sinn eis net hannerloss ginn. Den allergréissten Deel vu senge méi alen Ënnerlagen a perséinlechen Dokumenter gouffe vun den Nationalsozialisten zerstéiert.

[Änneren] Links


SPD Präsidente vun der Däitschland-SPD

Kurt Schumacher - Erich Ollenhauer - Willy Brandt - Hans-Jochen Vogel - Björn Engholm - Johannes Rau - Rudolf Scharping - Oskar Lafontaine - Gerhard Schröder - Franz Müntefering


SPD Präsidente vun der SPD-Bundestagsfraktioun

Kurt Schumacher - Erich Ollenhauer - Fritz Erler - Helmut Schmidt - Herbert Wehner - Hans-Jochen Vogel - Hans-Ulrich Klose - Rudolf Scharping - Peter Struck - Ludwig Stiegler - Franz Müntefering

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com